Zu Walfer, am Kader vun de Walfer Bicherdeeg, sinn, d‘Lauréatinnen a Lauréate vum Lëtzebuerger Buchpräis ausgezeechent ginn.
An der Kategorie Sachbuch ass der Germaine Goetzinger hiert biografescht Wierk “Aline Mayrisch-de Saint-Hubert 1874-1947 - Ein Frauenleben im Spannungsfeld von Feminismus” (Éditions Guy Binsfeld) vum Jury ausgezeechent ginn. An der Spart vu Kanner-a Jugendliteratur huet “D’Rommel Bommel an hir Frënn” vun der Charlotte Reuter & Lynn Cosyn (Ernster Éditions) de Jury am meeschten iwwerzeegt.
All Joer organiséiert d’Federatioun vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren den nationale Buchpräis. Nodeems eng Shortlëscht am Virfeld publizéiert gëtt, kënnen och Lieserinne a Lieser hire Favoritte wiele. De Publikumspräis geet dëst Joer un “Koma 21” vun der Anja Di Bartolomeo.
E spezielle Präis geet och un e Buch, dat de beschten Design virzeweisen huet. Do huet de Jury sech op der Fabienne Hollwege hiert Buch “To Live heiβt Leben und Liebe heiβt Love” gëeent. De Designerpräis zeechent virun allem d’Aarbecht vum Verlag aus. An dësem Fall sinn et Éditions Binsfeld.
All Lauréatinnen a Lauréate vum Buchpräis 2023 sinn an eiser Literaturemissioun “Déi wonnerbar VaLibrairie” dëse Sonnden um 11 Auer invitéiert.
De Jury ass zesummegesat: Fabienne Faust, Charlotte Ziger, Dominique Henry, Laurent Thiry a Cosimo Suglia.
Gewënner vum Lëtzebuerger Buchpräis 2023
Kategorie Literatur
1. Claudine Muno . Dëst ass net däi Liewen – Op der Lay
2. Antoine Pohu – Parfois la nuit se tait – Capybarabooks
3. Luc François – Wasserstand – Kremart
4. Kerstin Medinger – le départ –Éditions Phi
5. Guy Rewenig – Schnatt – Éditions Guy Binsfeld
Kategorie Kannerbuch/Jugendbuch
1. Charlotte Reuter & Lynn Cosyn – D’Rommel Bommel an hir Frënn – Ernster Éditions
2. Sandra Martins – D’Sasha an de Flint – Eng magesch Melodie – Editions Schortgen
3. Renée Weber – Dem Louis seng Nues – Op der Lay
4. Marc Weydert & Marie-Isabelle Callier – Zerknujelt Geschichten – PersPektiv Editions
5. Anja Di Bartolomeo – Koma 21- Éditions Guy Binsfeld
Kategorie Sachbuch
1. Germaine Goetzinger – Aline Mayrisch-de Saint-Hubert 1874-1947 - Ein Frauenleben im Spannungsfeld von Feminismus, sozialem Engagement und Literatur - Éditions Guy Binsfeld
2. Samuel Hamen & Melitta Schubert – Österreich und Luxemburg im Dialog - Éditions Guy Binsfeld
3. Josiane Kartheiser – Ärztin ohne Furcht und Tabus _ Dr. Marie-Paule Molitor-Peffer und ihr Lebenswerk – Éditions Phi
4. Collectif – Traces, Kufa’s Urban Art Esch –Point nemo Publishing
5. Michel Pauly – Die Geschichte der Stadt Luxemburg in 99 Objekten - Capybarabooks