Ee Grond dofir wier de“gigantesche" Pro-Kapp-Energieverbrauch hei am Land."
"A mir hunn eng ArcelorMittal, déi eleng 35 Prozent vun all eisem Stroum verbraucht."
De Minister kritiséiert "kontraproduktiv Virschrëfte vun de Gemengen”
Déi blo-rout-gréng Regierung hätt et an de leschten zéng Joer awer fäerdeg bruecht, d’Wand-Energie hei am Land konsequent auszebauen, ënnersträicht de Minister.
"Bal 90 Prozent vun aller Wandcapacitéit, déi hei zu Lëtzebuerg steet, ass ënner Rout-Blo-Gréng entstanen. An dat si 76 Prozent vun alle Wandmillen. Do ass virdrun net vill geneemegt ginn."
Wat de Beräich Solarenergie ugeet huet den Energieminister bei sengem Bilan “zimmlech kontraproduktiv Virschrëfte vun de Gemenge” kritiséiert.
Eng “komplett falsch Approche” wier et dem Claude Turmes no, d’Hëllefen am Ëmweltberäich un d’Héicht vum Akommes ze koppelen.
"Och een, dee ganz vill Geld huet, an dee sech een Elektroauto keeft amplaz een décke fossillen Auto, dee sech d’Méi mécht, seng Gasheizung ze ersetzen duerch eng Wärmepompel, och deen (...) huet eng Primm verdéngt. Well ech him wëll Merci soe fir dat, wat e fir eis all mécht."
Méi Budgete fir ëffentlech Wunnengsbau-Gesellschaften
Bei sengem Bilan vun der Landesplanung huet de Claude Turmes gefuerdert, datt déi ëffentlech Wunnengsbau-Gesellschafte méi Budgete solle kréien, fir méi séier Fortschrëtter bei Projeten ze erreechen.
"Da muss och de Fonds du Logement, den SNHBM, déi mussen och d’Geld, d’Moyene kréien. Do gëtt och heiansdo ganz vill an der Regierung gestridden. Jiddwereen ass fir de Wunnengsbau (...) déi misste jo 10, 15, 20 Mol méi Sue kréien an net véier Mol méi Suen."
Wat d’CO2-Steier ugeet, sou soll dës de Virstellunge vum Claude Turmes no, och no 2026 progressiv an der Gréisstenuerdnung vu bis elo viru klammen. Dës Steier läit dëst Joer bei 30 Euro pro Tonn, a si klëmmt bis 2026 virun ëm all Kéier 5 Euro pro Joer.