search

/ Claude Meisch optimistesch, genuch Léierpersonal fir 11 nei Lycéeën ze fannen

Educatioun

|
reading time

3 min

Claude Meisch optimistesch, genuch Léierpersonal fir 11 nei Lycéeën ze fannen

Am 100,7 Interview huet de Claude Meisch de Moie Prezisiounen zum neie Plan séctoriel ginn, dee gëschter an der Chamberkommissioun Educatioun virgestallt gouf. Aktuelle Schätzungen no géifen bis 2050 ronn 17.000 Schüler an den ëffentleche Lyceeë bäikommen.

reading time

3 min

© Jo Diseviscourt
(Foto: Jo Diseviscourt)

Fir den Zouwuess u Schüler:inne stemmen ze kënnen, misst een zu Lëtzebuerg tëschent 70 an 90 Enseignantë pro Joer rekrutéieren, esou den DP-Educatiounsminister Claude Meisch. Aktuell géif een all Joer souguer méi zousätzlecht Léierpersonal astellen.

Méi Plaz am ländlechen, wéi am urbane Raum 

Bis een esouwäit wier, misst een awer nach d’Standuerter fir d’Lycéeë fannen. Do wier een den Ament a Gespréicher, sot den Educatiounsminister. Eenzel Gemenge wiere ganz oppen dofir. 

"Déi gesinn eng Chance fir déi eege Populatioun, fir d'Schüler an hirer Gemeng, fir a Proximitéit kënne weider an hir Schoul kënnen ze goen."

Am urbane Raum wier et méi schwéier, grouss fräi Beräicher ze fannen, esou de Claude Meisch. Dat hätt näischt mat de politesche Responsabelen ze dinn. 

"Et ass ganz einfach méi schwéier, zwee oder dräi Hektar ze fannen, fir do e grousse Lycée mat Sportsinfrastrukturen, mat Parking, mat Busquaien ze implantéieren." 

Nieft den neie Lycéeën, déi gebaut solle ginn, wéilt een och existéierend Capacitéiten ausbauen, esou nach de Claude Meisch. Ronn een Drëttel vun de neie Capacitéite sollen Europaschoule ginn. De Rescht wiere Schoulen nom traditionelle Lëtzebuerger Modell.

Grousse Besoin un internationale Schoulen

Dat géif ongeféier dem Besoin vum Land entspriechen. 

"Eis traditionell Schoul ännert sech jo och. Mer gi mam Projet Alpha an och anere ville Weeër, déi mer mëttlerweil och am Secondaire ubidden, wat d'Sproochen ubelaangt, vill méi villfälteg, vill méi accueillant och fir Schüler, déi net onbedéngt mat der Lëtzebuerger Sprooch opgewuess sinn." 

Déi Schüler:innen, déi géife bäikommen, wieren dacks net aus Lëtzebuerg. 

"A ganz dacks och an engem Alter, wou et ganz schwéier ass nach an eisen traditionelle Schoulsystem eranzekommen. An duerfir brauche mer och weiderhin eng gewësse Capacitéit vun den Europaschoulen, den ëffentlechen Europaschoulen."

Déi eelef nei Lycéeë sollen duerch d’Land verdeelt gebaut ginn. De gréissten Deel – véier Stéck - sinn am Süde geplangt. Hei wier de Besoin besonnesch grouss. Déi aner kéimen an d'Regiounen Éislek, Stad, Jonglënster, Stengefort an d'Muselgéigend.

De Käschtepunkt soll am Ganze bei ronn dräi Milliarden Euro leien. 

Dee ganzen Interview mam Educatiounsminister kënnt dir hei lauschteren