Datt et am Lëtzebuerger Grondschoulsystem fundamental Ongerechtegkeete géif ginn, géif zënter 20 Joer all Etüd an all Statistik weisen, seet de Claude Meisch am 100,7-Interview. Dofir wier et net verfréit d’Alphabetiséierung op Franséisch elo anzeféieren an déi Ongläichheeten elo op d’mannst zum Deel ofzeschafen, esou den DP-Educatiounsminister.
“Wa mir kucken, déi Schüler, déi doheem Lëtzebuergesch schwätzen, par rapport zu deene Schüler, déi doheem kee Lëtzebuergesch schwätzen, gëtt dat am Cycle 4 herno eigentlech en Ecart vu ronn ëmgerechent 1,5 Schouljoer. An dat ass eng fundamental Ongerechtegkeet.”
Et wier héich Zäit dee Schratt ze maache fir deene Schüler:innen ze hëllefen, betount de Claude Meisch.
LUCET-Rapport werft Froen op – Regierung hält un ALPHA fest
De Projet Alpha, bei deem Kanner an der Grondschoul nieft der däitscher och op Franséisch alphabetiséiert kënne ginn, soll wéi geplangt bei der nächster Rentrée generaliséiert ginn.
D’Etüd vum Luxembourg Center for Educational Testing (LUCET) iwwer de Pilotprojet huet zwar Froen opgeworf, mee si ännert fir de Minister näischt un der Grondentscheedung.
Meisch ënnersträicht, datt d’Evaluatioun aus verschiddene Perspektive gemaach gouf: mat quantitativen a qualitative Methoden, mat Wëssenschaftler:innen, Elteren an de Kanner selwer.
"Et hëlleft de Kanner, wa si an enger Sprooch kënne liesen, léieren a schreiwen a rechne léieren, déi hirer Sprooch méi no läit.“
D’Wiel vun der Alphabetiséierungssprooch
D’Decisioun, ob e Kand op Franséisch oder Däitsch alphabetiséiert gëtt, soll sech un der Sprooch orientéieren, déi dem Kand am nooste läit. Et geet dem Minister no net drëms, eng franséisch oder däitsch Schoulsektioun ze schafen.
"Et geet net drëms, wat fir eng Sprooche wëll ech léieren. Et geet eebe just drëms, dee Moment, wou ech léieren, liesen, schreiwen, rechnen, a wat fir enger Sprooch maachen ech dat?“
Spéider am Schoulparcours géifen déi aner Sproochen dobäikommen, esou datt d’Kanner weider béid Sprooche léieren.