Fir d’Gewerkschafte wier et dee gréisste Clash zënter dem 8. Oktober 2024 gewiescht, wéi den deemolegen Aarbechtsminister Georges Mischo de Gewerkschaften d’Recht op Kollektivvertragsverhandlungen a Fro gestallt hat.
Et wier haut iwwerhaapt guer net zu Verhandlungen ëm eng Erhéijung vum Mindestloun komm, esou d’OGBL-Presidentin Nora Back am 100,7 Interview.
"Well mir haut ganz kloer gesot kritt hunn, datt elo op eng mathematesch Aart a Weis eis erkläert gëtt, datt de Mindestloun net muss erhéicht ginn hei zu Lëtzebuerg. An duerfir ass dat fir eis en no go. An dat kënne mir net matmaachen."
D‘Regierung hätt de Gewerkschaften nämlech eng aner Berechnung vum Median-Akommes presentéiert, op Grond wouvun de Mindestloun soll berechent ginn. Der Rechnung vun der Regierung no misst de Mindestloun deemno den Ament net onbedéngt erhéicht ginn.
D‘Gewerkschafte fuerderen eng Hausse vu ronn 11 Prozent.
Nora Back schwätzt vun Echec
D’Presidentin vum OGBL huet no der Reunioun iwwer de Mindestloun gëschter vun engem Echec geschwat. Ausser dem Index an enger Upassung géif net vill geschéien. Dat wier de Message, deen d'Gewerkschafte kritt hätten.
"An da wësst Dir, dass mir domadder net zefridde sinn. An da wësst Dir, dass mir eis wäerte wieren. A wéi mir et ëmmer gesot hunn, wa si eis net um Verhandlungsdësch wëllen héieren, an dat ass hei manifestement de Fall, da wäerte si eis op anere Weeër héieren an da wäerte mir gewerkschaftlech Aktioune maachen."
D’Aarbechts- a Sozialministere wollte sech no der Reunioun net virun der Press äusseren. Den Aarbechtsminister Marc Spautz huet just betount, den Dossier géif ganz sensibel bleiwen. Hie géif dem Regierungsrot ee Rapport iwwerreechen.
Patronat: Erhéijung wier deels kontraproduktiv
Vu Patronatssäit sot de Michel Reckinger vun der UEL, datt eng Erhéijung vum Mindestloun a verschidde Secteure kontraproduktiv wier, an datt et senger Meenung no fir eng Upassung vum Mindestloun den Ament keng Urgence géif ginn, well de Stéchdatum fir d‘Ëmsetze vun der EU-Direktiv eréischt den 31. Dezember wier.