D’Claire Delcourt huet sech et mat engem Schocki an der Brasserie vum Mutferter Haff gemittlech gemaach. Ee Reitstall, deen och fir therapeutesch Zwecker genotzt gëtt fir Leit mat psycheschen Erkrankungen nees an d’Aarbechtwelt ze integréieren.
Déi lescht Classeure leien nach um ale Büro
Déi jonk Mamm aus der Gemeng Conter kënnt gäre mat Famill a Frënn heihinner iessen oder op d‘Spillplaz. Zäit fir een eegent Päerd, ewéi dat fréier de Fall war, huet si den Ament awer net. Si hätt zanter de Chamberwale mol nach net wierklech Zäit gehat, hire Büro op hirer aler Aarbecht bei der Police ze raumen.
"Wann een offiziell kënnegt, dann dauert dat zwee bis dräi Méint. Bei mir war dat an zwou Wochen. An an deenen zwou Wochen hat ech nach eng Woch Congé. Dat ass ee ganz normale Congé geplangt. Dat heescht, ech hat eng Woch nach quasi Zäit fir meng Aarbecht ofzeschléissen. Dat war scho quasi onméiglech. A Gottseidank hunn ech ganz léif Aarbechtskolleegen, déi mir ënnert d‘Äerm gegraff hunn a gesot hunn: 'Claire, kee Problem. Probéier deng Dossieren esou fäerdeg ze kréien, datt mir wëssen, wou mir dru sinn.' An ech hunn zwar ugefaange mat Raumen, mee déi läscht Classeure mussen nach an eng Këscht."
D'Äis war séier gebrach
Laang Zäit sech op hiren neie Challenge virzebereeden hat d’Claire Delcourt net. De 24. Oktober war hir Vereedegung an der Chamber a ganz onerwaart hat si och schonn hiren éischten Optrëtt virun hiren neien Aarbechtskolleegen. Als jéngste Member vun der Kommissioun fir d’Iwwerpréiwung vun de Pouvoiren huet si missen de Rapport presentéieren.
"Den Defi ass wierklech fir dat roueg virzeliesen, dat kloer virzeliesen, da sech net ze verhaaspelen, well dat ass ëmmer bësse sou dat wou virdrun een Angscht huet. Oder datt ee bis bei d’Riedner-Pult iergendwéi fält. Oder datt de Mikro a mengem Fall e bëssen déif war. Mee voilà, et gewinnt ee sech dann och un déi Situatioun. Et schalt een dann e bëssen alles aus. A jo, duerno war ech am Fong déck frou wéi den Dag verlaf ass. Dat huet schonn e bëssen d‘Äis gebrach, datt ech weess, wéi et leeft."
Villes wier nach ganz nei, mee mat der Zäit géing si do era wuessen, dovunner ass déi jonk Sozialistin iwwerzeegt.
Enttäuschung no de Gemengewalen
Politesch aktiv ass si schonn zanter 2016 an der LSAP. 2017 huet sech d’Claire Delcourt fir d‘éischt zu Hesper fir d'Gemengewalen opgestallt. 2018 war si fir den Zentrum mat an Nationalwale gaangen. Ee Mandat war deemools fir si awer net dran. Datt si et elo an d’Chamber gepackt huet, koum fir si iwwerraschend.
D’Superwaljoer hat nämlech manner gutt ugefaangen. D’Claire Delcourt war bei de Gemengewalen am Juni Zweetgewielten zu Conter. Si konnt hiert Mandat am Gemengerot awer net untrieden, well sech spéider erausgestallt huet, datt dat net kompatibel mat hirer Aarbecht bei der Police wier.
"Dat war ee ganz schwierege Prozess fir mech. Fir op der enger Säit d‘Aarbecht awer nach kënnen ze maachen a meng Equipe net hänken ze loossen. An op der anerer Säit déi Leit, déi mech gewielt hunn, net hänken ze loossen. Voilà, dee Moment hunn ech mir och gesot: 'Ok, dat war et dann.' Ëm sou méi war ech bei den Nationalwalen iwwerrascht, datt ech awer nach eng Zoustëmmung krut, well ech hat wierklech domat gerechent, datt d‘Leit géinge soen: 'Bon, dat do wiele mir net.' Well ech ebe ganz oft déi Fro gestallt krut, ob dann elo um nationalen Niveau kee Problem géif bestoen."
Politiker a Mamm sinn: een duebelen Challenge
Dat wier awer net Fall, betount d’Claire Delcourt. Elo wëll si sech op hir Aarbecht an der Chamber virbereeden. Fir unzefänken, wéilt si sech emol an alles era liesen.
"Et muss een e bësse wëssen, wéi déi ganz Chambersreglementer a sou funktionéieren. Et muss ee sech e bëssen aliewen an der Chamber. Déi éischte Kéier, wou ech an der Chamber war, dat war ganz surreal."
D’Mandat an der Chamber ass awer net déi eenzeg grouss Ännerung dëst Joer an der Claire Delcourt hirem Liewen. Virun zéng Méint ass si Mamm ginn.
"Fir mech war och kloer no mengem Congé parental, datt ech rëm misst ganz schaffe goen. Wou ech elo mat an d‘Chamberwale gaange sinn, dee Moment hat ech mir elo keng Chancen erhofft, fir do eranzekommen. Allerdéngs elo wou ech dra si soen ech mir: 'Voilà, et ass am Endeffekt egal ob ech elo ganz schaffe ginn op enger Aarbechtsplaz oder do elo ganz schaffen. Natierlech ass et net dat selwecht, mee et muss ee sech eben dediéieren. Et ass eng Aarbecht wéi och jiddereen huet, just datt déi heiten an der Ëffentlechkeet ass. Dat ass natierlech eppes, wou een eng aner Responsabilitéit och huet."
D'Erfarung vu sechs Joer Police mat abannen
Richteg lass geet et fir d‘Claire Delcourt an hir nei Aarbechtskolleegen an der Chamber, wann de Koalitiounsprogramm bis steet. Eng Iddi, wéi si sech abrénge wëll, huet déi geléiert Biologin awer schonn. Och bei de Kommissiounen.
"Et huet ee jo d‘Kommissioun fir Environnement, Klima an Energie. Agrikultur-Viticulture fannen ech och intressant. Well d’Landwirtschaft eben eppes ass, wou een och immens muss oppassen. Dann hu mir d‘Santé. Dat fannen ech och ganz flott. Mäi Papp, deen ass Dokter. Mat deem Theema sinn ech opgewuess souzesoen."
Weider wëll déi nei Deputéiert och hir Erfarung, déi si an hire sechs Joer bei der Police gesammelt huet, mat abréngen.