Radioen

On air

Concert  |  De Freiburger Barockorchester spillt Vivaldi

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hannergrënn vun der Caritas-Affär: Transkript vun der Episod 4

2. Staffel vum Doku-Podcast Zeenewiessel

Hannergrënn vun der Caritas-Affär: Transkript vun der Episod 4

De 16. Juli deposéiert d'Caritas eng Plainte, well 61 Milliounen Euro op spuenesch Konte verschwonne sinn. De Schock sëtzt déif, mee et musse séier Entscheedunge getraff ginn. De Verwaltungsrot iwwerhëlt d'Krisegestioun a verléiert eng Woch méi spéit d'Kontroll. Wat leeft schif un der Spëtzt vun der Caritas?

auto_stories

54 min

Léonardo Kahn Méindeg, 15. Juli, 6 Auer owes. De Verwaltungsrot vun der Caritas ass zesummen. Fir eng regulär Sitzung. 

Nathalie Frisch Wéi op eemol vun enger Kreditlinn geschwat ginn ass, do ass ganz kloer gesot ginn: Moment, wéi eng Kreditlinn? Also wéi, wat, wou?

Also hei war méindes de Conseil an et war ganz kloer gesot ginn, den Dag drop misste mir wëssen, wat do lass wär. 

An et ass esou, wéi et opgeflunn ass. 

Pia Oppel Erënnert Dir Iech wou Dir waart, wou Dir dat gewuer gouft? 

Nathalie Frisch Am Dehlaize [laacht]. Wéi ech den Telefon kritt hunn, ech stoung effektiv grad am Buttek, wou gesot ginn ass, jo, et ass wierklech e Problem. Déi Montanten, déi do op eemol genannt ginn. Also ... dat ka jo net sinn. Also dat war wierklech e surreale Moment, jo. 

Pia Oppel Hutt Dir Är Akeef nach ...? 

Nathalie Frisch Ech hunn nach bezuelt... jo. 

An dunn hate mir dënschdes nach e Conseil. Ab do hate mir andauernd Conseil. 

 Léonardo Kahn Dënschdes, de 16. Juli iwwerhëlt de Conseil d’Administration, also de Verwaltungsrot, d’Krisegestioun an der Caritas. Et ass den Dag, wou de Bedruch opflitt. Nodeems wärend fënnef Méint 125 frauduléis Virementen an d’Ausland ginn. An 61 Milliounen Euro esou an den Hänn vun engem kriminelle Reseau landen. 

Firwat hunn d’Membere vum Verwaltungsrot net éischter gemierkt, wat an där Organisatioun, fir déi si responsabel sinn, alles schif gelaf ass? A wéi versiche si d’Kris an deenen éischten Deeg ze geréieren? 

Mäin Numm ass Léonardo Kahn an dat hei ass Zeenewiessel, den 100,7-Doku-Podcast. Carambolage heescht eis zweet Serie am Zeenewiessel. Dës Chronologie vun der Caritas-Affär hunn de Jean-Claude Franck an d’Pia Oppel recherchéiert. Mir verziele se Iech an 8 Episoden.  

  

Episod 4: De Verwaltungsrot.

Pia, Jean-Claude, den Dënschdeg 16. Juli weess de Verwaltungsrot Bescheed, datt der Caritas 61 Milliounen Euro geklaut goufen. Wat geschitt elo? 

Pia Oppel U sech ass dat hei den Ufank vum Enn vun der Caritas. De Verwaltungsrot, oder kuerz den CA, versicht d’Situatioun an de Grëff ze kréien. Dat ass seng Aufgab an esou enger Kris. Mee et dauert net laang, bis en d’Kontroll verléiert, well en net méi vill Afloss op dat huet, wat da mat der Caritas geschitt.

Nathalie Frisch Moien!

Jean-Claude Franck Moien!

Nathalie Frisch Wéi ass et?

Jean-Claude Franck Gutt, a selwer?

Pia Oppel Moien, pardon, ech hu kal Hänn.

Nathalie Frisch Guer kee Problem. Hei erop.

Jean-Claude Franck Fir iwwer dee Moment ze schwätzen, wou de Verwaltungsrot an dës Kris era katapultéiert gëtt, hu mir eis mat der Nathalie Frisch getraff. An hirem Büro. 

Jean-Claude Franck Hei?

Nathalie Frisch Jo, wëllt Dir e Kaffi?

Pia Oppel De 16. Juli ass de Verwaltungsrot vu siwen Auer owes un a bis spéit an d’Nuecht zesummen. Alleguer d‘Membere vum Verwaltungsrot sinn dobäi, dorënner d’Nathalie Frisch.

Pia Oppel A wéi engem Modus huet de Verwaltungsrot do geschafft? Also, ass dat nach strukturéiert gewiescht? Oder ass dat schonn ee Moment vun allgemenger Panik?

Nathalie Frisch Also, et war schonn iergendwou strukturéiert. 

Jean-Claude Franck Fir prezis ze sinn, misste mir eigentlech vun zwee Verwaltungsréit schwätzen. Well mat Caritas menge mir hei d’Fondatioun an d’ASBL Caritas Accueil et Solidarité. 

Jean-Claude Franck Mee déi zwee CAe si quasi identesch zesummegesat a si halen hir Reuniounen an der Kris och gemeinsam of. Also verzichte mir op déi Nuance. 

Nathalie Frisch Et huet ee bal keng Zäit fir a Panik ze falen, well et einfach esou surreell ass. Dat ass e bëssen esou, wéi wann een en Accident huet. D’Péng kënnt och eréischt no enger Zäitchen, och wann d’Wonn schonn do ass. 

Et ass e bëssen domadder ze vergläichen. Dat heescht, et weess een et schonn, et héiert een et schonn, mee de richtege Schock, dee kënnt eréischt e bësselche méi spéit, wann een dann och bis all d'Repercussioune gesäit. 

Jean-Claude Franck D’Nathalie Frisch ass am Laf vun der Kris zur Spriecherin vum Caritas-Verwaltungsrot ginn. 

Nathalie Frisch Well ech vu Formatioun jo och Affekot sinn an also am Krisemanagement och schonn e bësselchen Erfarung hunn an dofir och mat konnt hëllefen, fir déi Situatioun do ze probéieren iergendwéi iwwer d'Bün ze kréien. 

Pia Oppel Dat ass wichteg ze wëssen, wéinst der Kris bei der Caritas, kënnt et am Verwaltungsrot zu enger Zort Muechtwiessel. Weder d’Presidentin vun der Fondatioun d’Marie-Josée Jacobs, nach de President vu Caritas Accueil et solidarité, de Pit Bouché, spillen an der Krisegestioun eng grouss Roll. 

Jean-Claude Franck An direkt an den éischten Deeg vun der Kris sinn et d’Nathalie Frisch an zwee aner Juristen, déi am CA d’Rudder iwwerhuelen. 

Nathalie Frisch Dat heescht, et war an deem Sënn de Philippe Sylvestre, de Marc Hengen an ech, déi do wierklech dann deen, deen Input ginn hunn, deen do huet missen dann och kommen.  

Léonardo Kahn Wat muss een dann iwwer d’Nathalie Frisch a méi generell de Caritas-Verwaltungsrot wëssen? 

Jean-Claude Franck Am Ganze si 14 Leit am Verwaltungsrot. Fir si ass den Engagement bei der Caritas eng benevole Aktivitéit, nieft hirem eigentlechen Job. Hir Aufgab als CA-Memberen ass et fir déi grouss Linne virzeginn, wichteg Decisiounen ze huelen an ze kontrolléieren, ob d’Direktioun dat dann och ëmsetzt. 

Pia Oppel Den CA besteet u sech haaptsächlech aus Leit, déi der CSV oder der kathoulescher Kierch nostinn. Wat net erstaunt an enger Organisatioun, déi vun der Kierch gegrënnt gouf a wou de Bistum d’Membere vum Verwaltungsrot nennt. 

Jean-Claude Franck D’Nathalie Frisch passt do an d’Bild. Si ass zu Hesper fir d’CSV mat an d’Gemengewale gaangen. Si seet vu sech selwer, datt si aus enger gleeweger Famill kënnt. An datt si sech och an de Wäerter vun enger Caritas erëmfënnt. 

Nathalie Frisch Et ass éischter dat, déi chrëschtlech Wäerter, déi do hannendru sinn. Déi si schonn, déi hunn eng Wichtegkeet. Well déi Wäerter gutt sinn a wichteg sinn an och fir d’Zesummeliewen eppes Positives kënne bréngen.

Pia Oppel Also, an deem Verwaltungsrot souzen u sech haaptsächlech Leit, déi dat als ee sozialen Engagement gesinn, deen am Aklang ass mat hire Wäerter. An déi Leit sinn dann de 16. Juli 2024 op eemol domadder konfrontéiert, datt d’Organisatioun fir déi si responsabel sinn, 61 Milliounen Euro geklaut kruten. 

Nathalie Frisch Wou een da muss kucken, okay, wat heescht dat elo fir alles? Ass do elo nach iergendeppes ze retten? 

A soubal mir vun esou engem Montant schwätzen, a virun allem bei enger ASBL, wann et Google gewiescht wär, dann hätt ee gesot, okay, net flott, mee mir kréien et hin. Mee hei war scho kloer, datt dat doten eng Katastroph wär, jo. 

Léonardo Kahn Wéi eng Explikatiounen hunn d’Verwaltungsrotsmemberen dann ufanks fir dat, wat geschitt ass? 

Pia Oppel De Verwaltungsrot steet eigentlech direkt virun deem selwechte Rätsel, dee bis haut bleift. Wien huet déi Sue geklaut? 

Jean-Claude Franck An an den éischten Deeg ass do d‘Hypothees, datt d’Finanzdirektesch et selwer war. Déi ass nämlech grad am Ausland, wéi de Bedruch opflitt.

Nathalie Frisch Et war näischt kohärent vun Ufank un an deem Sënn. Also ech weess net, mee ech stelle mir ëmmer vir, wann ech géif 60 Milliounen op d'Säit schafen op déi Manéier, da géif ee soen, eng a priori normal Reaktioun wier gewiescht, da setzt ee sech of iergendwann.

 Pia Oppel Datt d’Finanzdirektesch net mat de Sue fort wier, gëtt no e puer Deeg kloer. Wärend enger Reunioun vum Verwaltungsrot. 

Jean-Claude Franck D’Stëmmung ass ugespaant. 

Pia Oppel An da rifft d’Finanzdirektesch de Marc Crochet op sengem Handy un. Si ass a Südfrankräich an der Vakanz an huet elo matkrut, datt d’Justiz géint si enquêtéiert. 

Jean-Claude Franck De Marc Crochet hieft op. De ganze Verwaltungsrot ka mat lauschteren, wat geschwat gëtt. 

Finanzdirektesch Marc, tu peux parler ou pas?

Marc Crochet Oui, mais je suis en train de t’écouter. 

Finanzdirektesch Que tu rachètes une société, qu’il y avait un avocat qui m’a appelé. Pourquoi Maître Bûchet n’est plus du tout en ligne? 

Jean-Claude Franck Dës Opnam ass zoufälleg entstanen. Well am Verwaltungsrot ëmmer ee mat ophëlt, wat gesot gëtt. Fir datt ee Rapport ka geschriwwe ginn. 

Pia Oppel Den Echange tëschent dem Generaldirekter a senger Finanzdirektesch gëtt also och mat opgeholl. A mir kruten d’Opnam zougespillt. 

Finanzdirektesch Marc, tu m’as fait un sale coup là. 

Marc Crochet Mais de quoi tu parles? 

Finanzdirektesch Marc ...

Pia Oppel Hei héiert een eng männlech Stëmm, déi am Hannergrond eppes zur Finanzdirektesch seet. E bëssi méi spéit freet de Marc Crochet:

Marc Crochet Il y a des gens autour de toi là? 

Finanzdirektesch Non il y a personne autour de moi. 

Pia Oppel De Marc Crochet versicht ëmmer nees d’Mëssverständnis, dat hei offensichtlech muss virleien, opzeklären. Ouni Succès. 

Marc Crochet Je ne comprends pas. Tu me parles de gens que je ne connais pas. De choses que je ne connais pas. De racheter une société. Mais de quoi tu parles?

Il y a un 61 millions d'euros qui manquent dans notre caisse. Tu as tiré des lignes de crédit. Tu as tiré des lignes de crédit pour 33 millions d'euros. C’est plus que nos organisations ont jamais possédé. 

Finanzdirektesch Tu m’as fait un piège. Tu m’as fait un piège. Tu m’as demandé de faire tout ça. 

Marc Crochet De quoi? Voler de l’argent? 

Finanzdirektesch Je n'ai pas volé de l'argent. Je n’ai fait que ce que tu m’as demandé. Et toi tu étais en vacances.

Marc Crochet J’étais en vacances?

Jean-Claude Franck D’Finanzdirektesch seet hei also dat, wat si duerno och der Justiz sot. Si hätt gemengt op Instruktioun vum Marc Crochet ze handelen. 

Finanzdirektesch Marc, s’il-te-plaît. Tu m’as piégé. 

Jean-Claude Franck D’Finanzdirektesch widderhëlt dee Saz ëmmer nees an dësem Gespréich, dat keng aacht Minutten dauert. Wéi si zur Conclusioun kënnt, datt hire Chef si piegéiert hätt, bleift onkloer. Datt si wann dann op eng aner Persoun muss eragefall sinn, dovunner schwätzt d’Finanzdirektesch net. 

Marc Crochet On peut pas payer nos salaires, on a plus d'argent. 

Finanzdirektesch Oui. 

Jean-Claude Franck An dann hänkt d’Finanzdirektesch an. 

Léonardo Kahn De ganze Verwaltungsrot huet dat Telefonsgespréich do also live mat gelauschtert. Wéi reagéieren d’CA-Memberen op dat, wat si héieren hunn? 

Jean-Claude Franck Déi sinn alleguer zimmlech perplex. Kee versteet, wéi et kéint sinn, datt d’Finanzdirektesch méintelaang op ee Bedruch eragefall wier, ouni jee Alarm ze schloen. 

Nathalie Frisch Et ass esou enorm, datt ee sech seet, fir eng Fraude au président ass et riseg, dat ka jo bal net sinn. An dofir huet dat alles net openee gepasst. Also et war net logesch. 

Pia Oppel Mee egal ob d’Finanzdirektesch op e Bedruch eragefall ass oder ob si an deem Telefonsgespréich just géif virtäuschen aus alle Wolleken ze falen. Hir Reaktioun hält d’Nathalie Frisch net fir ongewéinlech. 

Nathalie Frisch Déi Reaktioun huet mech a sech net gewonnert, well dat ass déi, déi mir an de Penalsprozesser reegelméisseg hunn. Also ech mengen, entweeder et ass een en aveu oder e seet, ech war et net an et waren alleguerten déi aner.

An dat ass eeben dat, wou een dann herno muss kucken. An dat ass och de Parquet, deen do muss seng Enquête maachen a kucken, wat halt herno wierklech dobäi erauskënnt. 

Jean-Claude Franck An de Verwaltungsrot huet an deenen éischte Krisendeeg souwisou net vill Zäit fir Spekulatiounen. Vill ze vill aner Saache musse gekläert ginn.  

Léonardo Kahn An zwar? Wat kann de Verwaltungsrot dann an där Situatioun elo iwwerhaapt nach maachen? 

Jean-Claude Franck Prioritäert Zil ass an där éischter Reunioun um Dënschdeg Owend fir ze kucken, ob déi geklaute Sue kënnen iergendwéi recuperéiert ginn. Den CA hëlt sech een Affekot zur Säit, de Rosario Grasso. Deen erënnert sech nach, wéi de Marc Crochet hien de 16. Juli ugeruff huet. 

Rosario Grasso Ech war am Auto ënnerwee fir op ee Rendez-vous zu Esch. Lalleng fir prezis ze sinn. An do sinn ech emol eng Kéier stoe bliwwen. Do hunn ech geparkt, wéi ech bis eemol matkritt hunn, dass et do ëm vill Sue gaange sinn. 

Dat war zimmlech tragesch an dramatesch, well d'Ausmoosse waren einfach enorm. 

Jean-Claude Franck Dem Rosario Grasso seng Prioritéit ass et, datt d’Justiz an d’Banken alles an d’Weeër leede fir eventuell nach Virementen nees zeréckzeruffen a fir d’Konten a Spuenien ze blockéieren. 

Rosario Grasso An dat ass dunn och den Dag duerno direkt gemaach ginn. 

Pia Oppel E kuerze Rappell. Vun zwee Caritas-Konte ware vu Februar un 125 frauduléis Virementen a Spuenie gaangen. Néng Millioune vun der BGL aus, an 52 Milliounen Euro goufe vun der Spuerkeess aus iwwerwisen. Dat op am Ganze 14 Konte bei der spuenescher Bank BBVA. 

Jean-Claude Franck Déi lescht Viremente goufen den 9. Juli gemaach, also eng Woch éier de Bedruch opflitt. A bei de Beméiungen, déi Virementen nach réckgängeg ze maachen, gëtt och d’Spuerkeess selwer agebonnen. 

Pia Oppel Um Dënschdeg Owend spéit ginn d’Generaldirektesch vun der Spuerkeess, d’Françoise Thoma an hiren Adjoint den Aly Kohll an d’Reunioun vum Verwaltungsrot bäigeschalt. 

Léonardo Kahn Kënnt Dir verroden, vu wou Dir dat wësst? 

Jean-Claude Franck Mir hunn net just mam Affekot, dem Rosario Grasso a mat der Nathalie Frisch geschwat, mee och mat enger Rei aneren CA-Memberen. A mir haten och Abléck an d’Rapporte vun de Reunioune vum Verwaltungsrot. 

Léonardo Kahn An d’Spuerkeess gëtt also direkt an d’Krisegestioun agebonnen.

Pia Oppel Genee, mir hate scho mol erwäänt, datt d’Caritas scho Joerzéngte Client ass bei der Spuerkeess. Déi Liene sinn awer och doriwwer eraus ganz enk. D’Generaldirektesch vun der Spuerkeess, d’Françoise Thoma, déi elo deen Owend bäigeschalt gëtt, kennt d’Caritas ganz gutt. Si war selwer laang Member am Verwaltungsrot vun der Fondatioun. 

Jean-Claude Franck An zwee Verwaltungsrotsmembere schaffe fir d’Spuerkeess, de Gerd Brockhoff an de Marc Entringer. 

Léonardo Kahn Mee hëlleft dat der Caritas dann elo an där Kris, datt se esou e gudden Drot zur Spuerkeess huet? 

Pia Oppel Net wierklech, neen. Well et gëtt séier kloer, datt och déi lescht Virementen, déi vun der Spuerkeess aus gemaach goufen, net kënnen zeréckgeruff ginn. 

Jean-Claude Franck Quasi all d'Suen, déi a Spuenien iwwerwise goufen, si scho laang weider an aner Länner iwwerwise ginn. 

Rosario Grasso Dat heescht, do ass, déi Leit, déi dat do gemaach hunn, déi wësse genau, wéi si dat musse maachen. An déi Suen, déi sinn, déi sinn elo fort. 

Léonardo Kahn Wat mécht de Verwaltungsrot dann nach fir d’Situatioun iergendwéi an de Grëff ze kréien? 

Pia Oppel Ma eng aner Diskussioun geet och direkt den éischten Dag un, an zwar wéinst de Banken.

Jean-Claude Franck D’Caritas fënnt, datt de Banken déi 125 frauduléis Virementen a Spuenien hätte missen opfalen. An datt d’Kreditlinnen net hätten dierfen accordéiert ginn. 

Pia Oppel D’BGL hat der Caritas jo erlaabt ee Konto ëm am Ganzen 21 Milliounen Euro ze iwwerzéien. An d’Spuerkeess huet eng Kreditlinn vun 10 Milliounen Euro accordéiert. 

Jean-Claude Franck Et zeechent sech da ganz séier of, datt d’Weeër vun der Caritas an hire Banke sech hei trennen. Den 18. Juli, also zwee Deeg nodeems de Bedruch opflitt, demissionéieren de Gerd Brockhoff an de Marc Entringer aus dem CA. 

Léonardo Kahn Mee wat geheit d’Caritas hei da genee de Banke vir? 

Pia Oppel Ma engersäits, datt se déi frauduléis Virementen net detektéiert hunn. Well se awer fir d’Caritas ongewéinlech wieren, hätt dat misse geschéien. 

Jean-Claude Franck An den anere Reproche ass, datt d’Kreditlinnen accordéiert goufen. Déi Kreditlinne goufe jo just vun 2 Direktiounsmembere signéiert. Déi hätten dat Recht awer guer net gehat, esou d’Argument vum Verwaltungsrot 

Léonardo Kahn A wat heescht dat genee? 

Pia Oppel De Verwaltungsrot argumentéiert hei, datt déi véier Direktiounsmembere just fir d’Dagesgeschäft dierfe Bankdokumenter signéieren. 

Jean-Claude Franck A Kreditlinnen dat wier eeben net “gestion journalière”, seet d’Nathalie Frisch. 

Nathalie Frisch Esou Decisioune missten iwwer e Conseil goen an d'Ënnerschrëft vu Conseilsmemberen, vun zwee Conseilsmembere misst drop sinn, fir iwwerhaapt kënnen eng Ligne de crédit unzefroen. Dat heescht, u sech däerfte guer keng Ligne-de-créditen do sinn. 

Jean-Claude Franck De Problem ass, wat ass mat Dagesgeschäft bei esou enger grousser Organisatioun genee gemengt? Dat hat d’Caritas net prezis gereegelt. Et goufen also zum Beispill keng maximal Montante fixéiert, vun deenen un dann och ee Member vum Verwaltungsrot hätt misse mat ënnerschreiwen. 

Pia Oppel En plus hat de CA am Mee 2023, also ee Joer virum Bedruch entscheet, datt d’Ënnerschrëfte vun zwee Direktiounsmemberen duerginn, net just fir Virementen a sou weider. Mee och fir “tout document bancaire” ze signéieren. An och dat gëtt eben net weider definéiert. 

Pia Oppel A wann een da kuckt, wat d'Banke fir eng Procuratioun op Basis dovunner ausgestallt hunn, da steet op eemol dran, dass och Kreditter kënnen domadder opgeholl ginn, datt ee kann en Decouvert maachen, datt een illimitéiert Sue kann ophiewen.

Nathalie Frisch Fir mech däerf dat net existéieren. Wéi gesot, Gestion journalière, dat ass wierklech d’Alldagsgeschäft. E Kredit ophuele fält net drënner. 

Pia Oppel D’Nathalie Frisch seet also, et war net d’Intentioun vum Verwaltungsrot fir der Direktioun d’Recht ze gi Kreditter opzehuelen. Well dat hätt alles näischt mam Dagesgeschäft ze dinn. D’Spuerkeess an d’BGL hunn d’Resolutioun, déi den CA gestëmmt huet, wéi et schéngt awer anescht ausgeluecht. 

Jean-Claude Franck Firwat dat esou ass, dozou wollten d’Banke sech op eis Nofro hin net äusseren. 

Léonardo Kahn Dee Konflikt tëschent der Caritas an hire Banke betrëfft also méi Punkten. Datt d’Virementen net opgefall sinn, datt Kreditlinnen accordéiert goufen, an dann eeben déi ganz vast formuléiert Procuratiounen. Ass dat ee Konflikt, dee viru Geriicht ausgedroe gëtt? 

Pia Oppel Dat ass nach net kloer. Et schéngt, datt d’Hoffnung do ass, datt ee sech baussent engem Geriichtsprozess eens gëtt. Zum Beispill datt d’Kreditter net missten zeréckbezuelt ginn.

Léonardo Kahn Also an den éischten Deeg vun der Kris kann de Verwaltungsrot weder klären, wien d’Sue geklaut huet, nach ob en déi Sue jee kann zeréckkréien. Wat steet fir den CA dann nach un an dëser éischter hektescher Phas vun der Kris? 

Jean-Claude Franck Ma eng aner dréngend Erausfuerderung ass d’Kommunikatioun.

[Panorama-Jingle]

Sophie Schroeder Gudden Owend, am konventionéierte Secteur gëtt et ee risege Finanzskandal. D'Caritas ass 100,7-Informatiounen no Affer gi vun engem Bedruch, deen d'Fondatioun an existenziell Schwieregkeete bréngt.  

 

Pia Oppel Dat mellt de radio 100,7 den 19. Juli 2024. De Bedruch ass op dësem Freideg domadder och ëffentlech bekannt. Dräi Deeg nodeems de Verwaltungsrot erausfonnt huet, datt 61 Milliounen Euro verschwonne sinn. 

 

Léonardo Kahn A wat fir een Impakt huet dat op d’Krisegestioun bei der Caritas, datt de Bedruch jo elo och ëffentlech ass? 

Pia Oppel Eng Konsequenz ass, datt intern déi iwwer 500 Mataarbechterinnen a Mataarbechter mussen opgekläert ginn. Fir datt keng Panik ausbrécht. 

Jean-Claude Franck Et ginn Informatiounsversammlunge fir d’Personal organiséiert: eng dovunner zesumme mam OGBL: 

Caritas-Mataarbechter On fait ce qu’on peut, mais on est épuisée …

Pia Oppel Am CA gëtt ee Kassensturz gemaach. Et bleiwen nach genuch Sue fir zwee, vläicht 3 Méint Salairen ze bezuelen. D’Gewerkschafte maache sech also an deenen Deeg Suergen ëm d’Aarbechtsplazen a soen dat och bei eis um Radio. 

Smail Suljic Mee ech sinn awer zouversiichtlech, datt och eng Regierung dat wäert eescht huelen an och alles dofir maachen, datt déi Salairë weiderhi kënnen iwwerwise ginn. 

Pia Oppel De Verwaltungsrot steet déi Zäit am enken Austausch mat der Regierung. An de Rapporte vun de Reunioune vum CA steet an deenen éischten Deeg e puermol, d’Regierung wéilt der Caritas hëllefen a se finanziell ënnerstëtzen.  

Jean-Claude Franck D’Nathalie Frisch widdersprécht dem Androck, datt et deen Ament schonn ee konkrete Rettungsplang gouf. 

Nathalie Frisch Et ass scho gesot ginn, OK mir kucken, wat mir kënne maachen. Mee neen, et ass net gesot ginn, d’Caritas gëtt elo gerett.

Jean-Claude Franck Mee Dir waart dee Moment scho méi optimistesch, datt de Staat bereet wär, Säint och op senger Säit ze maachen?

Nathalie Frisch Ech perséinlech, neen.

Jean-Claude Franck An effektiv gëtt sech intern drop agestallt, datt méiglecherweis kee Rettungsplang kënnt. Also mussen och déi international Partner vun der Caritas informéiert ginn, datt eventuell gläich keng Sue méi do sinn. 

Léonardo Kahn Wéi leeft dat genee of? 

Pia Oppel De Chef  vum internationalen Departement, de Michael Feit, seet no an no deene ville Partner mat deenen d’Caritas an enger Dose Länner zesumme schafft Bescheed. Säi Message: et si keng Sue méi do, mee wgl. panikéiert elo net. 

Michael Feit Die Panik hätte halt zur Folge haben können, dass zum Beispiel das zu Plünderungen gekommen wäre im Feld oder zu schnellen Ausgaben, die nicht so geplant waren. Das musste alles verhindert werden.

Jean-Claude Franck D’Approche war fir ze soen, Salairen a sou weider gi bezuelt. Mee alles wat net absolut essentiell ass, gëtt elo net méi gemaach. 

Michael Feit Der Einkauf von Brennholz in der Ukraine für den Winter, der im Juli so stattfindet, Juli, August. Da haben wir einfach gesagt, nee bestellt das jetzt nicht.

Pia Oppel Et bleift net bei esou awer nach relativ einfachen Decisiounen. Wéi dramatesch d’Konsequenzen um Terrain deels sinn, kucke mir eis nach un, awer an enger anerer Episod. 

Léonardo Kahn Kommunikatioun no bannen a bausse steet also an der Krisegestioun fir de Verwaltungsrot um Programm. Wéi gutt geléngt dat? 

Jean-Claude Franck No banne geléngt et fir Panik ze verhënneren. Déi national Aktivitéite funktionéiere weider, ouni Ënnerbriechung. Am Ausland ginn d’Aktivitéiten direkt zeréckgefuer, mee och dat klappt ufanks ouni Tëschefäll. 

Pia Oppel D’Kommunikatioun no bausse klappt manner gutt. De Generaldirekter Marc Crochet gëtt de Méindeg 22. Juli um radio 100,7 en Interview.

Marc Crochet Mir sinn déi Leit, déi vertraut hunn. Deen, dee schlëmmste Feeler bei eis gemaach huet, ass deen, deen engem anere vertraut huet. Wann dat eppes ass, firwat ee muss an de Prisong goen, maja, da ginn ech. 

Jean-Claude Franck Dem Marc Crochet seng Aussoe suerge fir Kapprëselen, net just am Verwaltungsrot, mee och a Regierungskreesser. 

Léonardo Kahn Firwat? 

Jean-Claude Franck Well den Androck entsteet, datt d'Caritas den Eescht vun der Situatioun net erkannt huet. 

Pia Oppel Et war deen Ament kloer, datt dem Marc Crochet de Bedruch fënnef Méint laang net opgefall war. Datt de Verwaltungsrot him dann d’Krisekommunikatioun iwwerlooss huet, kënnt net gutt un. 

Jean-Claude Franck Et wier eigentlech un der Caritas-Presidentin gewiescht, der Marie-Josée Jacobs, fir dat ze maachen. Mee si trëtt net ëffentlech op. A si hëlt och intern net de Lead fir duerch d’Kris ze navigéieren. 

Marie-Josée Jacobs Ech weess net, ob ech op alles Iech kann eng Äntwert ginn, well ech hu schonn e relativ schaarfe Coup do kréischt an ech verhalen net méi alles. 

Jean-Claude Franck Esou huet d’Marie-Josée Jacobs eis géintiwwer no der ganzer Affär, am Dezember 2024, hir Demissioun aus dem Verwaltungsrot begrënnt.

Pia Oppel A wat mir vu méi Sourcë beschriwwe kruten ass, datt déi fréier CSV-Ministesch a laangjäreg Caritas-Presidentin altersbedéngt och scho virun der Bedruchsaffär net méi fit genuch war, fir hir Aufgaben ze erfëllen. 

Jean-Claude Franck Esou datt och scho länger doriwwer geschwat gouf, wien d’Relève kéint iwwerhuelen, mee et ass net zu engem Wiessel un der Spëtzt vun der Fondatioun komm.

Pia Oppel An am Juli gëtt dann och kloer, datt et ee Problem gouf, well Informatiounen, déi d’Direktioun scho méi laang hat, net am Verwaltungsrot gelant sinn.

 

Léonardo Kahn Wësst Dir dann, wou d’Informatiounen hänke bliwwe sinn? 

Jean-Claude Franck Et gëtt ee konkrete Moment, wou et dono ausgesäit, wéi wann eng wichteg Informatioun hänke bliwwe wier. Den operationellen Direkter seet, hien hätt de Pit Bouché iwwer d’Kreditlinnen informéiert. 

Pia Oppel De Vizepresident vun der Fondatioun wier also am Bild gewiescht. De Pit Bouché selwer wollt sech dozou net äusseren. 

Jean-Claude Franck D’Nathalie Frisch seet, si hätt dovunner näischt gewosst. 

Nathalie Frisch Also ech weess net, ob Kreditlinnen an engem Restaurant geschwat gi sinn oder net. Mee op alle Fall, iwwer déi Kreditlinnen ass ni an engem Conseil geschwat ginn. Dat ass ganz kloer. An et huet och ni e Conseil ënnerschriwwen. 

Pia Oppel Mee de Problem war méi ee Generellen. Den Echange tëschent der Direktioun an dem Verwaltungsrot war scho méintelaang manner enk. An dat huet dozou geféiert, datt d’Direktioun ëmmer manner genee op d’Fangere gekuckt krut. 

Léonardo Kahn Dat kléngt dann no engem weideren Accident, dee sech un déi vill aner Accidenter an dëser Affär reit. Wat konnt dir doriwwer da genee erausfannen, wat do schifgelaf ass? 

Jean-Claude Franck Ma et gouf bei der Caritas ee Grupp vu véier CA-Memberen, déi dofir zoustänneg waren, fir mat der Direktioun am enken Austausch ze sinn. De Bex, de Bureau exécutif vum Verwaltungsrot. Do sinn ënner anerem d’Presidente vun der Fondatioun a vun der ASBL Accueil et Solidarité dra vertrueden, also d’Marie-Josée Jacobs an de Pit Bouché.  

Pia Oppel D’Haaptaufgab vum Bex war et fir d’Reunioune vum Verwaltungsrot ze preparéieren. Mee genee dat geschitt eeben zum Beispill am Juli net. Also zu engem Moment, wéi de Bex wéinst de Kreditlinnen hätt missen Alarm schloen nach éier de CA dann de 15. Juli fir eng regulär Reunioun zesummekomm war. 

Nathalie Frisch Et ass ganz kloer, datt de Conseil, vu dat wat geschitt ass, sécher net all d'Informatiounen hat. Ech mengen, dat ass evident. Wou se elo hänke bliwwe sinn, dat weess ech net. 

Pia Oppel D’Nathalie Frisch ass hei kloer beméit fir de Verwaltungsgrot aus der Schosslinn ze huelen.  

Jean-Claude Franck Wat eis och net iwwerrascht. Well wann CA-Membere wichteg Informatiounen haten oder hätte missen hunn, stellt sech d’Fro, wéi eng Responsabilitéit den CA fir dat dréit, wat bei der Caritas geschitt ass. 

An déi Fro ass fir de Verwaltungsrot ëmsou méi sensibel, well direkt an den éischten Deeg vun der Kris opfält, datt d’CA-Memberen net méi fir d’Responsabilité civile an hirer Funktioun verséchert sinn. D’Finanzdirektesch huet virun der Fraude déi Assurance vun den CA-Memberen net erneiert. Wat dann am Juli, wéi dat opfält, fir Opreegung suergt. 

Pia Oppel Hutt Dir entretemps eppes erausfonnt doriwwer, wat d'Intentioun kéint gewiescht sinn, fir dat net weiderlafen ze loossen, déi Versécherung, kann een dat iergendwéi retracéieren, firwat et net geschitt ass? 

Nathalie Frisch Ech mengen, datt do einfach Negligence war, fir einfach näischt méi ze bezuelen, wat net imminent gebraucht ginn ass, fir d'Sue mat ze deviéieren. 

Jean-Claude Franck Fir d’CA-Memberen ass esou eng Versécherung wichteg, well si perséinlech dofir haften, wann hinnen zum Beispill kéint nogewise ginn, datt si d'Direktioun net gutt genuch kontrolléiert hunn.  

Nathalie Frisch Wou ech elo net gesinn, wou an deem heite Fall eng Responsabilité individuelle vun de Conseilsmembere kéint kommen. E Conseil huet e gewëssen Optrag. Esouwäit mir et konnte feststellen, sinn déi Saachen, déi hu misse gemaach gi vum Conseil och gemaach ginn.  

Pia Oppel Mee anescht wéi d’Nathalie Frisch et duerstellt, kéint et ganz gutt sinn, datt zum Beispill d’Banken dat anescht gesinn, an dat och viru Geriicht esou argumentéieren. 

Léonardo Kahn Dat heescht, am Juli gëtt och kloer, datt et am Fonctionnement vum Verwaltungsrot scho méi laang eng Rei Schwaachpunkte gouf. A wie weess, wann de Bex der Direktioun méi genee op d’Fangere gekuckt hätt, vläicht wier de Bedruch dann éischter opgeflunn. Hunn ech dat richteg verstanen? 

Jean-Claude Franck Jo, also deen Androck hu mir wärend eiser Recherche krut, datt de Verwaltungsrot net genee suivéiert huet, wat am Alldag esou gemaach ginn ass. 

Pia Oppel D’Nathalie Frisch gesäit dat natierlech anescht: Si betount, datt d’Caritas Affer ginn ass vun enger krimineller Dot. A wa bei der Caritas een eppes falsch gemaach hätt, da wieren dat nieft der Finanzdirektesch déi aner Direktiounsmemberen. 

Jean-Claude Franck Dat heescht, dat ass e Virworf elo vun Iech als Administrateur un d'Direktioun, datt do Informatiounen, déi vun der Direktioun hätte sollen un de Conseil goen, net un de Conseil gaange sinn? 

Nathalie Frisch Wann do Problemer waren, déi manifestement do waren, hätten déi missen an de Verwaltungsrot bruecht ginn. An dann, bon, wann d'Direktioun se net gesinn huet, dann ass et nach erëm eng Kéier en anere Problem.

Jean-Claude Franck Wourobber d’Nathalie Frisch hei uspillt ass, datt nieft der Finanzdirektesch och aner Direktiounsmembere Virementen a Kreditlinne mat signéiert hunn. 

Léonardo Kahn Mee kann de Verwaltungsrot dann ënner deene Conditiounen iwwerhaapt nach mat der Direktioun zesummeschaffen, wéi de Bedruch opgeflunn ass? 

Pia Oppel Also d’Finanzdirektesch ass vun Ufank u souwisou net méi implizéiert. Si ass ufanks am Congé a gëtt da vun der Justiz inculpéiert, wéinst hirer Roll bei de Virementen a Spuenien. 

Jean-Claude Franck De Verwaltungsrot entscheet dowéinst schonn no puer Deeg fir PriceWaterhouseCoopers mat der Finanzgestioun ze beoptragen. 

Léonardo Kahn A wéi ass et mat deenen aneren dräi Direktiounsmemberen? 

Jean-Claude Franck Do ass d’Bild en anert. De Marc Crochet, den operationellen Direkter an d’RH-Direktesch sinn an där éischter Woch nodeems de Bedruch opflitt, direkt an d’Krisegestioun agebonnen. 

Pia Oppel D’Fro, wéi een domadder ëmgeet, datt och si méiglecherweis hei Feeler gemaach hunn, réckelt an den Hannergrond. 

Nathalie Frisch Mir däerfen net vergiessen, do waren awer iwwer zwou Entitéiten, 500 Salariéen dran an esou vill Beneficiairen. Dat heescht, fir do elo einfach ze soen, okay, ab muer ass vun der Direktioun guer kee méi do.

Jean-Claude Franck Fir eenzel Leit am Conseil, dorënner d’Nathalie Frisch, ass awer séier kloer, datt een net laang esou ka weiderfueren. 

Nathalie Frisch Also fir mech war et vun der éischter Sekonn u kloer, datt do misst eng aner Opstellung kommen.

Pia Oppel Mee et gëtt op deem Punkt kee Konsens am Verwaltungsrot, esou datt bis op Weideres keng Decisioun geholl gëtt. 

Jean-Claude Franck Bis d’Regierung sech dann amëscht a seet, datt et esou net ka weidergoen. 

Luc Frieden Mee mir mengen, datt den aktuellen, de ganzen Daily Management vun der Caritas, déi Leit, déi dat maachen, déi kënnen net eis Interlocuteure sinn, soulaang mir net wëssen, wat an der Exekutioun vun deene Virementen do net geklappt huet. Wien huet wat autoriséiert? Ech kann Iech dat wierklech beim beschte Wëllen net soen, well mir wëssen et net. 

Jean-Claude Franck Dat seet de Luc Frieden de Mëttwoch 24. Juli. Also genee eng Woch nodeems d’Regierung iwwer de Bedruch bei der Caritas informéiert ginn ass.

Luc Frieden An duerfir ass, à ce stade, eisen eenzegen Interlocuteur kann nëmmen de Verwaltungsrot sinn.  

Pia Oppel Dee Mëttwoch, wou de Luc Frieden déi Aussoen do ëffentlech mécht, ass eng Reunioun vum Verwaltungsrot, wou de Premier an aner Ministeren direkt zougeschalt ginn. 

Jean-Claude Franck D’Direktioun ass bei deem Echange net dobäi. An duerno ass kloer, datt alle véier Direktiounsmembere solle fir en Entretien préalable invitéiert ginn. Den éischte Schrëtt, deen en Employeur muss huelen, wann en eng Persoun wëllt entloossen. 

Pia Oppel D’Direktiounsmembere kommen dem Verwaltungsrot dann zuvir a ginn alle véier an de Krankeschäin, woumadder eng Entloossung bis op Weideres net méiglech ass. 

Nathalie Frisch Mir sinn am Fong hei vun engem Conseil, deen normal Conseilsaarbecht gemaach huet, katapultéiert ginn an eng Situatioun, wou mir als Conseil hu missen an den Operationell eragoen, vun haut op muer.

Jean-Claude Franck Also, d’Caritas huet de 25. Juli keng Direktioun méi, déi op de Büro kënnt. 

Pia Oppel D’Consultingfirma PricewaterhouseCoopers kritt also den Optrag net just d’Finanzdirektesch ze ersetzen, mee generell d’Dagesgeschäft ze assuréieren.

Pia Oppel Mee fir d’Kris ze geréieren, geet dat net duer, de Verwaltungsrot muss sech selwer och anescht opstellen. 

[Panorama-Jingle]

Pierre Reyland De Verwaltungsrot vun der Caritas huet ee Krisecomité en place gesat, fir d’Aarbechtsplazen an Aktivitéiten ze erhalen.

Léonardo Kahn Krisecomité, wien ass dat a wat heescht dat genee? 

Jean-Claude Franck Ma dee Krisecomité ass einfach ee méi klenge Grupp aus dem CA, deen den Optrag kritt fir elo d’Krisegestioun ze maachen. Fir datt net alleguer d’Membere sech mussen dagdeeglech treffen, fir Entscheedungen ze huelen. 

Pia Oppel Member am Krisecomité sinn déi dräi Juristen aus dem CA, d’Nathalie Frisch, de Marc Hengen an de Philippe Sylvestre - si hunn alleguer een Job, kënnen also net vu moies bis owes d’Kris bei der Caritas geréieren. Och d’Presidentin Marie-Josée Jacobs ass Member am Krisecomité, spillt awer de facto keng Roll. 

Jean-Claude Franck An also gëtt och nach eng extern Persoun mat u Bord geholl, als President vum Krisecomité, de Christian Billon.  

Nathalie Frisch Do huet een einfach och ee gebraucht, deen dat och professionell kéint maachen, deen also e bësselchen esou en Allrounder op eng gewësse Manéier wier. Dee konnt do sinn, deen d'Finanze konnt kucken, deen eng Gestioun ka maachen, an esou virun. 

Léonardo Kahn Dem Christian Billon säin Numm huet een zejoert wéinst der Caritas-Affär dacks an de Medien héieren - mee kënnt Dir kuerz erklären: wien ass dat genee? 

Pia Oppel De Christian Billon huet laang als Reviseur d’entreprise geschafft, notamment ganz um Ufank vu senger Karriär bei där Firma, déi elo och bei der Caritas hëlleft, nämlech PriceWaterhouseCoopers. 

Jean-Claude Franck Hien ass ufanks 70 an eigentlech schonn an der Pensioun. D’Aufgab vum Krisemanager bei der Caritas iwwerhëlt hien als Benevole. 

Pia Oppel De Christian Billon huet och do virdru schonn ee Lien zum Sozialsecteur. Hien ass scho laang President vum CNDS, deen ënner anerem den Drogekonsumraum an der Stad Abrigado bedreift. 

Léonardo Kahn A wat ass dem Christian Billon seng Aufgab als President vum Caritas-Krisecomité elo genee? 

Pia Oppel Hie kritt d’Mandat d’Interesse vun der Caritas ze vertrieden, an de Gespréicher, déi elo mat der Regierung ustinn. 

Jean-Claude Franck An hie soll dofir suergen, datt d’Aktivitéite vun der Caritas weidergeféiert ginn. 

Pia Oppel Mee d’Aktivitéite retten an d’Caritas retten, dat ass net onbedéngt dat selwecht. Besonnesch, well d’Aktivitéite bal integral vum Staat finanzéiert ginn. An dee bis op weideres net méi bereet ass der Caritas Suen ze ginn.  

Luc Frieden Mir hunn also kee Vertrauen a kënnen och kee Vertrauen hunn an déi aktuell Struktur. An et ass eis Aufgab als Regierung fir ze kucken d'Steiersuen ze schützen. An duerfir gi keng Suen iwwerwisen. 

Jean-Claude Franck Dat war déi aner wichteg Annonce, déi de Luc Frieden de 24. Juli gemaach hat.  

Léonardo Kahn Also dee Mëttwoch, wou de Premier sot, datt d’Regierung kee Vertraue méi an d’Caritas-Direktioun hätt, do huet hien dann och gesot, datt d’Caritas elo bis op weideres keng Sue méi kritt. An ouni Sue vum Staat kann d’Caritas och hir Aktivitéiten net weiderféieren.

Jean-Claude Franck Genee, scho guer net nodeems se grad 61 Milliounen Euro geklaut krut. 

Pia Oppel An d’Nathalie Frisch seet, si hätt déi Decisioun zu deem Zäitpunkt kënnen novollzéien. 

Nathalie Frisch Datt dee Moment, wou esou eng Fraude ass, datt do an enger éischter Phas e brutale Stopp gesot gëtt, wou gesot gëtt, okay. Well do muss jo mol fir d'éischt gekuckt ginn, wien hänkt do alles mat dran. Dat weess ee jo dee Moment net. Dat heescht, dat ass eng absolut logesch Decisioun fir ze soen, okay, Stop. 

Jean-Claude Franck Wat de Verwaltungsrot net konnt novollzéien ass, wéi eng Decisiounen duerno geholl goufen. Engersäits vun der Regierung. Awer och vum Bistum, deen eng wichteg Roll hätt kënne spillen, fir d’Situatioun deen Ament ze deblockéieren. 

Pia Oppel Well de Kardinol huet sech ufanks duerchaus agemëscht. Och wann hien dat duerno anescht duergestallt huet. 

Nathalie Frisch Ech huelen hunn, do si vläicht e puer aner Leit hannendrun, déi dann awer vläicht gesot hunn, bass du der de Konsequenze bewosst. 

Well ech menge seng Reaktioun war jo an deem Sënn evident, a spontan a mindestens net ganz iwwerluecht. Loosst mir emol esou ganz fei probéieren auszedrécken. 

Jean-Claude Franck Ëm dem Kardinol seng Roll an dëser Affär an ëm de Choix vum Bistum der Caritas net ze hëllefen, geet et an der nächster Episod. 

 

Léonardo Kahn An dat ass dann déi fënneft an eiser Chronologie vun der Caritas-Affär. Merci Pia, Merci Jean-Claude. 

  

Pia Oppel Gär geschitt Léo. 

  

Jean-Claude Franck Merci och a bis nächste Kéier. 

  

Léonardo Kahn Dat hei ass Zeenewiessel, den 100,7-Doku-Podcast. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Pia Oppel, Charlotte Bruneau, Tessy Troes a vu mir, Léonardo Kahn. Mat der Ënnerstëtzung vum Jean-Claude Franck, Yves Stephany, Semir Demic, Anke Meiser, Dany Weyler, Chris Zeien a Jo Diseviscourt. 

  

Toungestaltung a -mix: Sam Erpelding an Ingo Dumlich. Fir keng Episod ze verpassen: abonéiert Zeenewiessel do, wou Dir Podcasten am léifste lauschtert. A wann Dir Froen hutt, oder eis Feedback wëllt ginn, maacht eis gären ee Mail op doku@100komma7.lu.