Radioen

On air

Thé Dansant  |  Funkadelic - One Nation Under A Groove

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hannergrënn vun der Caritas-Affär: Transkript vun der Episod 3

2. Staffel vum Doku-Podcast Zeenewiessel

Hannergrënn vun der Caritas-Affär: Transkript vun der Episod 3

Den 8. Juli 2024 ass de Generaldirekter Marc Crochet no bal sechs Woche Pilgerrees zeréck um Büro. 59 Milliounen Euro feele schonn, an et ginn nach weider Sue geklaut. Et dauert nach néng Deeg bis d'Fraude opflitt. Wéi ass dat méiglech?

auto_stories

63 min

Léonardo Kahn Méindeg, 8. Juli 2024, um aacht Auer moies. De Caritas-Generaldirekter Marc Crochet ass no bal sechs Woche Pilgerrees zeréck op der Aarbecht. 

  

Marc Crochet Wéi ech erëmkomm sinn, dunn hu mir festgestallt, datt mer Decouverten op de Konten haten, déi keng Explikatiounen haten. A mir hunn no deenen Explikatioune gesicht. Dat huet eng Woch gedauert. 

  

Léonardo Kahn Et ass den Optakt vun enger Woch, an där déi véier Membere vum Direktiounscomité e puermol iwwer déi finanziell Situatioun vun der Caritas schwätzen. D’Konte sinn déif am Minus an et gi lénks a riets Unzeechen, datt eppes net stëmmt. Mee et dauert nach weider néng Deeg bis kloer gëtt, datt d'Organisatioun an de leschte fënnef Méint 61 Milliounen Euro geklaut krut. Wéi ass dat méiglech? 

  

Mäin Numm ass Léonardo Kahn an dat hei ass Zeenewiessel, den 100,7-Doku-Podcast. Carambolage heescht eis zweet Serie am Zeenewiessel. Dës Chronologie vun enger Affä,r an där sech een Accident un deen anere reit, hunn d'Pia Oppel an de Jean-Claude Franck recherchéiert. Mir verzielen Iech dës Serie an aacht Episoden.  

  

Episod 3: D'Direktioun

Déi éischt Sue krut d’Caritas am Februar 2024 geklaut. Duerno ass d’Finanzdirektesch lues a lues ëmmer méi Sue bei d’Banke léine gaangen. Si seet, si wier hei op e Bedruch eragefall. Kloer ass, all d'Sue ginn op spuenesch Konten iwwerwisen a landen an den Hänn vun engem kriminelle Reseau. 

 

Elo ass Juli, a mir kommen elo ëmmer méi no bei den Dag, wou de Finanzbedruch an der Caritas opflitt. Dat geschitt um Dënschdeg, 16. Juli 2024. Pia, Jean-Claude, firwat dauert et nom Retour vum Marc Crochet nach néng Deeg bis d’Fraude opflitt? 

  

Jean-Claude Franck Dofir musse mir eis déi Woch méi genee ukucken. An dofir hu mir mat Leit an der Caritas geschwat, déi vun Noem matkruten, wéi déi aussergewéinlech Woch do verlaf ass.

Pia Oppel Dat ass eng einfach Fro fir unzefänken, mat wiem schwätzen ech grad?

Tom Brassel Tom Brassel, dee bis Enn Oktober Directeur opérationnel bei Caritas Lëtzebuerg war.

 

Pia Oppel Den Tom Brassel ass diploméierte Psycholog. Hien huet vun 2017 u bei der Caritas geschafft. 2022 huet de Generaldirekter Marc Crochet him proposéiert operationellen Direkter ze ginn. Hie war also zoustänneg fir déi ronn 400 Mataarbechterinnen a Mataarbechter, déi Sans-Abrisen, Asyldemandeuren, oder och mannerjäreg Flüchtlingen encadréieren. 

Ech hunn den Tom Brassel Enn Januar bei sech doheem besicht. A sengem Büro un der Mauer hänken Notten zu deem, wat zejoert bei der Caritas geschitt ass. 

 

Pia Oppel Do hänkt eng Timeline, oder? 

  

Tom Brassel Jo, dat ass, dat si meng éischt Timelinë gewiescht, wou ech probéiert hunn déi eenzel Deeler vum Puzzle verstoen ze léieren, wéini ass wat, wéi, wou geschitt, well 90 Prozent vun deem ass jo wierklech wéi en Eisberg, dat heescht, dat wosst ech jo net, dat sinn ech mat der Zäit eréischt gewuer ginn. 

 

Pia Oppel D’Decisioun eis een Interview ze ginn ass dem Tom Brassel net einfach gefall. Hie muss een neien Job fannen, huet also all Interêt elo net méi zeréckzekucken. Et geet him net gutt, wéinst all deem wat geschitt ass. A well hie sech vu senger Hierarchie am Stach gelooss fillt.

 

Tom Brassel Ech wëll eigentlech net verbattert aus der Geschicht hei erausgoen. 

 

Ech si bestuet, hunn zwee Kanner, also erwuesse Kanner, an och mäi Frëndeskrees an esou weider. Eigentlich hu si net verdéngt, datt si herno iergendwéi e verbatterte Papp, Frënn oder e Mann hunn, deen der hanner jiddwerengem dat Béisst gesäit. 

 

Jean-Claude Franck D’Gespréicher mat deene Leit, déi direkt an dës Geschicht verwéckelt sinn, erlaben eis d’Evenementer esou nuancéiert wéi méiglech ze verzielen. Eis ass et wichteg, datt déi Bedeelegt dat och an hiren eegene Wierder kënne maachen. Dat hu mir deene véier Direktiounsmemberen esou gesot. 

 

Léonardo Kahn Den Tom Brassel huet jo dann effektiv entscheet iech en Interview ze ginn. Wéi eng Äntwerte krut dir vun deenen aneren dräi Direktiounsmemberen? 

 

Jean-Claude Franck Déi aner wollte keen Interview ginn. Respektiv kee méi laangen Interview, well de Marc Crochet war am Juli zejoert live bei eis um Radio. 

 

Pia Oppel Mir hunn deenen Dräi all eis Froe geschéckt. A jiddereen ass domadder bëssi anescht ëmgaangen. D’Direktesch fir d’Ressources humaines huet eis detailléiert schrëftlech Äntwerte ginn. 

 

Jean-Claude Franck Mam Generaldirekter hu mir an de leschte Méint méi dacks geschwat, mee detailléiert Äntwerte krute mir vun him op vill Froen net. 

 

Pia Oppel Am Fall vun der Finanzdirektesch ass de Kontakt just iwwer hiren Affekot gelaf, deen eis punktuell Äntwerte ginn huet. 

 

Jean-Claude Franck Also ënner dem Stréch ass wichteg ze soen, jiddereen hat d’Chance sech zu all deem ze äusseren, wat mir an dësem Podcast soen. 

 

Pia Oppel A wat een och nach kuerz muss erwänen: Kee vun de véier Direktiounsmembere schafft haut nach bei der Caritas. Mee an dëser Chronologie bezeechne mir si mat hiren deemolegen Titelen, fir et einfach ze halen. 

Jean-Claude Franck An et gëtt ee Punkt, op deem et tëschent den Direktiounsmemberen awer schéngt Konsens ze ginn. A wat och aner Leit aus der Caritas eis esou beschriwwen hunn. Dat heiten ass fir si net just d’Geschicht vun engem Bedruch. Et ass och d’Geschicht vun enger Organisatioun, déi a kengem gudden Zoustand war, wéi dee Bedruch geschitt ass. 

 

Tom Brassel Dat heescht, do si ganz vill Baustelle gewiescht.

 

Pia Oppel Bei der Caritas ass an där Zäit, déi eis hei haaptsächlech interesséiert, soss nach villes gelaf - wat och relevant ass, fir de Verlaf vun där Woch éier de Bedruch opflitt ze verstoen. 

 

Léonardo Kahn OK, also éier mir an d’Chronologie vun där Juliwoch andauchen, an där de Marc Crochet zeréck aus sengem Congé ass, kucke mir eis de Kontext un. Wat muss een iwwer de Fonctionnement vun der Caritas wëssen? 

 

Jean-Claude Franck Wat d’Caritas déi lescht Jore staark markéiert huet waren zwou Saachen. Engersäits hat d’Organisatioun en halleft Joer laang guer keen Direkter, éier de Marc Crochet 2021 als Generaldirekter bei d’Caritas kënnt. 

 

Tom Brassel An um Terrain selwer huet een einfach gemierkt, datt eng gewëssen Zäit, vläicht souguer méi laang, kee Pilot ‚à bord‘ gewiescht war. 

 

Pia Oppel An et gëtt en zweete wichtege Facteur. D’Organisatioun ass an de leschte Joren intern ëmstrukturéiert ginn, a virun allem ass si déi lescht Jore massiv gewuess. Dorop hu vill Leit aus der Caritas eis higewisen.

 

Tom Brassel Verschidden Aktivitéite ware ganz schnell gewuess, wéi am Flüchtlingsberäich. Déi waren explodéiert eigentlech, scho virun dem Ukrainkrich. An do waren d'Aktivitéiten ni aus dem Urgencemodus erauskomm. 

 

Dat heescht, mat immens fitten a motivéierte Mataarbechter. Deelweils awer och ausgebrannte Leit, well dat immens ustrengend Aarbechtskonditioune sinn, do ze schaffen.

 

Do hate mer mat eisem Verwaltungsrot gutt Gespréicher, déi och schockéiert waren an déi eis, mir an dem Marc Crochet, duerchaus de Go ginn haten, fir datt do eng Verännerung kënnt. An d’Caritas-Wäerter rëm bësse méi héich gestallt ginn. 

 

Léonardo Kahn D’Caritas ass staark gewuess an et war eng Zäit keng Direktioun do. A bei deene Baustellen, vun deenen den Tom Brassel grad geschwat huet, do goung et dann drëms, datt d’Qualitéit vun der Aarbecht um Terrain nees sollt verbessert ginn? 

 

Jean-Claude Franck Genee, dat war eng vun deenen zentrale Baustellen. Et gouf dernieft nach aner Defien. Fir eis relevant ass do deen heite Punkt: Am Finanzservice huet Chaos geherrscht. 

 

Pia Oppel Wat fir déi ganz Organisatioun e Problem war. D’Caritas war zum Beispill net capabel sech am Alldag een Iwwerbléck ze verschafen, wou se mat hiren Ausgabe genee dru war, par rapport zu deem wat am Budget virgesi war.  

  

Jean-Claude Franck Dee Chantier gouf adresséiert. D’Caritas war ufanks 2024, also wéi de Bedruch ugefaangen huet, amgaangen hire Finanzdepartement ze reorganiséieren.

 

Pia Oppel D’Problemer waren also nach net behuewen. Trotzdeem huet de Generaldirekter Marc Crochet sech ganz staark op seng Finanzdirektesch verlooss. Och well hie sech selwer wéineg fir d’Finanzgestioun interesséiert huet. 

 

Jean-Claude Franck “Dofir hunn ech eng Finanzdirektesch”, huet hien eis ëmmer nees dozou gesot.  

 

Léonardo Kahn De Marc Crochet chapotéiert als Generaldirekter den Direktiounscomité. Hien ass also an eiser Chronologie vun der Caritas-Affär ee wichtege Personnage. Looss eis hei kuerz Zäit huelen, fir iwwer hien ze schwätzen. Wat muss een iwwer de Marc Crochet wëssen? 

 

Jean-Claude Franck Hien huet 56 Joer. Éier hie bei d’Caritas koum huet hie 28 Joer bei der Croix Rouge geschafft. 2013 ass hien do den Adjoint vum Generaldirekter ginn. 

 

Pia Oppel Aacht Joer méi spéit, also 2021 wiesselt hien dann als Generaldirekter bei d’Caritas. De Wiessel bei eng kathoulesch Organisatioun, huet vill Leit erstaunt. Notamment well de Marc Crochet net verstoppt, datt hie Member an enger Freimaurer-Loge ass. 

 

Léonardo Kahn Freimaurer, kanns Du dat kuerz erklären? 

 

Pia Oppel De Marc Crochet ass Member an der Grande Loge de Luxembourg. Dat kléngt elo ganz geheimnisvoll, mee ënner dem Stréch ass et u sech ee spirituell ugehauchte Reflexiounsgrupp fir Männer, déi vun humanistesche Wäerter iwwerzeegt sinn. Also, fir et elo mol ganz einfach ze halen.

 

Jean-Claude Franck An och wann d’Freimaurer mat Relioun u sech kee Problem hunn. D’kathoulesch Kierch huet definitiv ee Problem mat der Freimaurer-Beweegung. Iwwer dee Recrutement vum Marc Crochet ass dowéinst och als éischt mam Bistum berode ginn, deen dann awer gréng Luucht ginn huet. 

 

Pia Oppel A bei der Caritas huet de Marc Crochet da ganz aktiv d’Proximitéit zur Kierch gesicht. Zum Beispill duerch Pilgerfaarte fir Sans-abrien, déi zesumme mat der Kierch organiséiert goufen. 

 

Léonardo Kahn An dat Bild passt da jo och bei dem Marc Crochet seng eege Pilgerrees am Mee-Juni ‘24 op Santiago de Compostella. Déi Rees, vun där hien Ufank Juli zeréckkoum, éier de Bedruch dann opgeflunn ass. 

 

Pia Oppel Genee, mee de Marc Crochet geet net just pilgeren. Hie bedeelegt sech aktiv um Kiercheliewen. Hien ass Vizepresident gewiescht vum Pastoralrot vum Bistum. Ee Gremium, an deem iwwer d’Entwécklung vun der kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg berode gëtt. 

 

Jean-Claude Franck Ganz generell kann ee soen, datt de Marc Crochet immens gutt vernetzt ass. Hie war Vizepresident vun der Federatioun vun de sozialen Acteuren, esou eppes wéi d’Lobby-Organisatioun an de Patronatsverband vum Secteur. Hie sëtzt respektiv souz och a verschiddene Verwaltungsréit, zum Beispill vun der Sécurité Routière a vun der Fondatioun La Luxembourgeoise. 

 

Pia Oppel An de Marc Crochet ass dann ouni Zweifel eng Persoun, där déi sozial Aarbecht vun der Caritas um Häerz louch.

 

Michael Feit Ich denke, das Positive war, das Marc jemand ist, der extrem engagiert ist. Extrem engagiert für den Menschen in Not. Der Mensch war wichtiger als die Prozedur und das habe ich bewundert bei ihm. 

 

Pia Oppel De Michael Feit schafft scho bal 30 Joer fir d’Caritas, hien ass do Responsabel fir déi international Cooperatiounsprojeten. Seng Beschreiwung resuméiert ganz gutt, wat och aner Leit eis iwwer de Marc Crochet gesot hunn. 

 

Michael Feit Also alles, was Plädoyer betraf, war ihm sehr wichtig. Alles, was die Außendarstellung für die Caritas als solche war sehr wichtig. 

 

Und davon haben wir natürlich im Prinzip nur profitiert und konnten halt auch durch die Ukrainekrise und das Türkei Erdbeben dann die entsprechende Ernte einfahren, was die Spenden betraf. 

 

  

Léonardo Kahn Dir hutt elo de Kader gesat. Mir wëssen, wat déi grouss Chantiere bei der Caritas waren. A wéi eng Prioritéiten de Generaldirekter hat. An datt hie sech selwer wéineg fir d’Finanzgestioun interesséiert huet. Da si mir elo bei eiser Chronologie vun der Woch vum 8. Juli ukomm. D’Woch an där de Marc Crochet zeréck aus dem Congé ass, mee an där d’Fraude nach ëmmer net opflitt. Wéi geet déi Woch dann un? 

  

Pia Oppel De Marc Crochet ass um aacht Auer um Büro a schwätzt als éischt mat der Direktesch fir d’Ressources humaines. 

 

Léonardo Kahn Vun hir hu mir bis elo nach wéineg héieren: Wat muss een iwwer si wëssen? 

 

Jean-Claude Franck Si huet zënter 2012 bei der Caritas geschafft, virdru war si am Privatsecteur. Enn 2022 gëtt si Direktesch fir d’Ressources humaines. Si stéisst also als lescht an déi Véirerronn vum Direktiounscomité bäi.

 

Pia Oppel Well si virun dëser Affär keng Persoun vum ëffentleche Liewe war an och wëllt, datt dat esou bleift, ware mir averstanen hiren Numm hei net ze nennen. 

 

Léonardo Kahn A mat hir schwätzt de Marc Crochet also op deem Méindeg Moie vu sengem Retour op d’Aarbecht.

 

Pia Oppel Genee. A si sot eis, datt de Marc Crochet do ganz begeeschtert vu senger Pilgerrees verzielt huet. D’Gespréich wier dann op den Tom Brassel, also den operationellen Direkter, komm an datt dee sech Suerge mécht wéinst der Finanzlag an allgemeng de ville Baustellen. 

 

Jean-Claude Franck D’RH-Direktesch seet, de Marc Crochet hätt dann dat hei gesot: “Den Tom Brassel war scho gestresst, wéi ech fortgefuer sinn. Hie muss sech calméieren. Also ech sinn elo ‘zen‘.” 

 

Pia Oppel De Marc Crochet seet op Nofro hin, hien hätt nom Retour vum Camino effektiv gemierkt, datt den Operatiounschef an d’RH-Cheffin gestresst waren, anescht wéi hien no enger Rees mat enger spiritueller Dimensioun. 

 

Jean-Claude Franck An am Nachhinein wier him bewosst ginn, datt hien dat net eescht genuch geholl hätt. Et wieren esou vill Sujeten op der Tapéit gewiescht. Hien hätt an där Woch scho méi Zäit kënnen opbrénge fir ze klären, wat et mat deene Kreditlinnen op sech hat.  

 

Léonardo Kahn Wéi geet et op deem Méindeg Moien nom Gespréich tëschent dem Marc Crochet an der RH-Direktesch da weider? 

 

Jean-Claude Franck Ma de Marc Crochet huet um néng Auer eng Reunioun mat sengem operationellen Direkter. Den Tom Brassel hat gefrot, fir de Point ze maachen, wat an deene sechs Wochen, wou säi Chef net do war, alles geschitt ass. 

 

Tom Brassel Ech hat him, ech mengen dat war eng fënnefsäiteg Iwwergab gemaach gehat mat verschiddene Punkten. Do war e ganz groussen operationelle Volet, wou och Finanzberäicher dra waren, well ech do eebe Froen hat zu: wéi kann dat si mat deene Kreditlinnen? An, an, an ...

 

Jean-Claude Franck Hir Reunioun dauert schlussendlech vill manner laang wéi geplangt. Well aner Saachen dertëschent kommen, esou datt de Generaldirekter net méi disponibel ass. D’Kreditlinne goufe kuerz ugeschwat, awer méi net. 

 

Léonardo Kahn Hei ee klenge Rappel: Et goufen am Juni 2024 zwee Kontrakter signéiert fir Kreditlinnen. Eemol fir 16 Milliounen Euro bei der BGL, an eemol fir zéng Milliounen Euro bei der Spuerkeess. An den Tom Brassel hat déi zwee Kontrakter ënnerschriwwen.

 

Jean-Claude Franck Genee, an dat jeeweils zesumme mat der Finanzdirektesch. Quitt datt d’Direktesch fir d’Ressources humaines beim Kontrakt mat der Spuerkeess och een Dokument signéiert huet, wou et ëm d’Garantië fir déi Kreditlinn goung.

 

Pia Oppel D’Situatioun war déi heiten, dat hate mir an der leschter Episod jo méi genee analyséiert. Dee 5. Juni, nodeems den Tom Brassel grad aus enger Reunioun mam Verwaltungsrot koum, huet d’Finanzdirektesch hie gefrot fir de Kontrakt mat der BGL ze co-signéieren. 

 

Tom Brassel An do sot ech: ee Moment, ech kommen. An dann hunn ech a Rou awer och Récksprooch gehale mam Marc Crochet, dee mir sot, dat kéint virkommen, d'Sue wieren da vläicht falsch placéiert gi gewiescht. Beziehungsweis et géifen am Internationale ganz vill Saachen opstoen an eventuell national kéint jo déi eng oder aner Saach och sinn. An duerfir kéint et da mol, géif et virkommen, datt Kreditlinne kéinte gezu ginn, déi misste jo net benotzt ginn, mee e géif dat klären, voilà. 

 

Pia Oppel Dat heescht, déi Erklärung, déi d'Finanzdirektesch Iech deen Ament gëtt, ass wéi eng genee? 

 

Tom Brassel Dat ass just op meng Fro: Wat wëlls du dann, datt ech hei ënnerschreiwen? A meng Fro: Firwat brauche mir Kreditlinnen? Wou et drëms gaangen ass, naja, datt mir einfach d'Sécherheeten hunn, datt mir kënne weider d’Paie bezuelen, falls déi Suen net géifen erakommen. Et ass jo net gesot ginn, déi Suen si scho fort. 

 

Wann ech eng Kreditlinn ënnerschreiwen, dann ass et net fir mech virstellbar, datt déi och schonn ausgi ginn ass, dee Moment, wou ech se ënnerschreiwen. Dat sinn ech herno gewuer ginn. 

 

A wéi et fir mech an och de Generaldirekter kloer war, wat ech vun him als Go kritt hat, war: déi musse mol net gezu ginn. Dat ass eng Sécherheet. 

 

Jean-Claude Franck Datt den Tom Brassel sech bei sengem Chef ofgeséchert huet, hat de Marc Crochet am Juli nodeems de Bedruch opgeflunn, esou och an engem Interview bei eis um Radio live confirméiert. 

 

Marc Crochet Also ech hunn, mengen ech, een eenzegen Telefonat gemaach, well meng Kolleege respektéiert hunn, wou ech ënnerwee war. Dat war an deem doten Zesummenhang an ech sinn do tatsächlech gefrot ginn. Ech krut gesot, mir hunn hei e Problem, mir kréie warscheinlech d'Paien net zesummen a mir mussen eng Kreditlinne siche goen. An ech hu gesot, da maacht dat. 

 

Christiane Kleer: An Dir hutt och net geduecht, dat ass awer elo komesch, dass nach ëmmer net méi Suen do sinn? 

  

Marc Crochet Selbstverständlech hunn ech dat geduecht. Mee ech war wäit ewech an ech hat keen Afloss op dat, wat do passéiert ass. An ech hu mech gesuergt, awer ech hunn do kee Verdacht geschöpft. 

 

Jean-Claude Franck An den Tom Brassel seet, datt hie sech net just bei sengem direkte Chef ofgeséchert huet, mee och bei engem Member vum Verwaltungsrot. Dem Pit Bouché, Vizepresident vun der Fondatioun Caritas a President vun der ASBL Caritas Accueil et solidarité.

 

Tom Brassel Dat heescht, de 6. Juni dann, wou ech hien informéiert hunn, datt ech mam Marc Crochet d'Gespréich hat an duerno eng Kreditlinn ënnerschriwwen hunn. An och hien informéiert hunn, wat d’Analys vum Marc Crochet war.

 

An eng zweete Kéier hat ech mat him Enn Juni e längere Rendez-vous. Dat heescht, mir haten e Mëttegiessen zesummen. An dofir hunn ech do nach eng Kéier méi ausführlech ganz vill Saachen ugeschwat. An ee vun den Haaptpunkte war justement d’Kreditlinnen. 

  

Pia Oppel De Pit Bouché wollt sech dozou op Nofro hin net äusseren. Mee kloer ass, et geet deen Ament keng Informatioun un aner Verwaltungsrotsmembere weider. Hir nächst grouss Reunioun ass eréischt fir Mëtt Juli geplangt. 

 

Jean-Claude Franck De Verwaltungsrot ass jo u sech dat iewescht Gremium vun der Organisatioun. Seng Memberen hunn d’Aufgab d’Direktioun ze kontrolléieren. A gewéinlech war et och de Verwaltungsrot, deen Decisiounen iwwer Kreditlinne geholl huet. 

 

Pia Oppel Mee an deem heite Fall geschitt dat net. A keen an der Direktioun huet de Reflex der Finanzdirektesch ze soen, si misst de Verwaltungsrot froe fir d’Kreditlinnen ze ënnerschreiwen. 

 

Léonardo Kahn OK, also um Méindeg 8. Juli, néng Deeg éier d’Fraude opflitt, hunn den Tom Brassel an de Marc Crochet eng kuerz Reunioun. Den Tom Brassel ass gestresst, ënner anerem well Kreditlinnen opgeholl goufen. Dee Problem gëtt och kuerz ugeschwat, mee net gekläert. Wéi geet et weider? 

 

Pia Oppel Ma well de Bedruch nach ëmmer net opgeflunn ass op deem Méindeg, ginn nach ëmmer Sue geklaut. Um Dënschdeg gi véier Virementen a Spuenien. Déi lescht zwou Milliounen Euro verschwannen. Obwuel d'Konte schonn all massiv am Keller sinn. 

 

Jean-Claude Franck Mee doriwwer gëtt an der Direktioun och um Dënschdeg net geschwat.  

 

Pia Oppel Obwuel deen Dag, wéi dënschdes üblech, um néng Auer eng Reunioun vum Direktiounscomité ass. Déi éischt esou Reunioun an där déi véier Direktiounsmemberen no sechs Wochen nees all zesumme sinn. A wéi gewinnt ass d’Dagesuerdnung gutt gefëllt an d'Reunioun soll bis fënnef Auer nomëttes goen. 

  

Tom Brassel An an deem Kommitee sëtzt de Generaldirekter, d'Finanzdirektesch, d'Direktesch RH, also d'Ressources humaines. A fir den operationellen, den nationalen, ech. Mir hunn eis ni do gelangweilt. Also all Dënschden hu mir de ganzen Dag matenee verbruecht. 

 

Jean-Claude Franck Obwuel et no de sechs Woche Congé vum Generaldirekter méi wéi genuch ze kläre gëtt, ass de Marc Crochet op deem Dënschdeg just kuerz an der Reunioun dobäi. Wéinst anere Verflichtungen. 

 

Léonardo Kahn De Marc Crochet ass also un den éischten zwee Deeg no sengem Congé wéineg present: wéi ass dat ze erklären? 

 

Pia Oppel Mir hate jo schonn erwäänt, de Marc Crochet schéngt engersäits mam Kapp nach net ganz zeréck ze si vu senger Pilgerrees. 

 

Jean-Claude Franck An dann ass seng Agenda och mat lauter anere Saache gefëllt. Fir d’Federatioun vum soziale Secteur ass hien déi Woch zum Beispill bei de Kollektivvertragsverhandlungen dobäi. Do si Gespréicher mat de Gewerkschaften a mam Familljeministère. 

 

Pia Oppel Mee dann dënschdes mëttes gëtt hien nervös. Well hie kritt vu senger Finanzcheffin en SMS e soll seng Maile kucken. Den Ausseministère huet e Mail gemaach mat kritesche Froen zu de Kreditlinnen. 

 

Léonardo Kahn Den Ausseministère? Wéi kënnt deen da lo drop, datt d’Caritas Kreditlinne lafen huet?  

 

Pia Oppel Ma dee krut vun der Spuerkeess Bescheed gesot, datt d’Caritas eng Kreditlinn ugefrot huet. Ouni datt dobäi ee Montant genannt gëtt. Dat notifiéiert d’Bank dem Staat, well déi staatlech Paiementer un d’Caritas als Garantie fir d’Kreditlinn hannerluecht goufen. 

 

Jean-Claude Franck Et ass also déi éischt Nofro, déi vu bausse kënnt. An dës Kéier reagéiert de Marc Crochet méi alarméiert. Hie wëllt elo erkläert kréien, wat genee de Problem mat de Finanze vun der Caritas ass. An hien organiséiert also fir mëttwochs mëttes fënnef Auer eng Krisereunioun. 

  

Léonardo Kahn Mëttwochs, siwen Deeg éier d’Fraude opflitt. Wéi verleeft déi Diskussioun? 

 

Pia Oppel Bei där Reunioun gëtt d’Finanzdirektesch hiren dräi Direktiounskolleegen eng Erklärung no där anerer, firwat d’Konte massiv am Minus sinn. Et ass nach ëmmer Kengem kloer, datt sech hanner deene rouden Zuelen d’Kreditlinne verstoppen. 

 

Jean-Claude Franck Et ass nach keen, dee mierkt, datt effektiv scho Scholden opgeholl goufen. An d’Kreditlinnen eeben net just als Sécherheet signéiert goufen, fir d’Konten auszegläichen, wann d’Finanzlag sech net gläich verbessert. 

 

Pia Oppel An diskutéiert gëtt also elo doriwwer, firwat der Caritas dann elo iwwerhaapt Sue feelen. 

 

Tom Brassel Fir d’éischt ass ganz generell geschwat ginn. Jo, mat de Walen an hei an do, mat der neier Regierung. A wou ech eng éischt Kéier kontréiert hunn, wou ech sot, dat kann net sinn, dat ass alles gekläert ginn. 

 

Jean-Claude Franck Et geet also als éischt ëm d’Argument et géife Retarde mat de Paiementer vum Staat ginn. Esou Retarde goufen et net. Wat an där Reunioun dann och gesot gouf. 

 

Tom Brassel Duerno war eeben, si wéisst et jo selwer net, well si hir Zuelen, déi si geliwwert kritt, déi aner hir net richteg liwweren, an an an. An ech sinn ëmmer méi gestresst ginn. 

 

An do ass dann natierlech déi grouss Niwwelwollek vum Internationale gesot ginn. An do hunn ech eng zweete Kéier dogéint gesteiert. 

 

Jean-Claude Franck Nächst Argument ass also, datt déi international Projete vun der Caritas de Budget géife sprengen. Och dat huet alles net gestëmmt. 

 

Pia Oppel Dat eenzegt wouriwwer an der Reunioun net geschwat gouf, ass, datt d’Caritas am Februar a Mäerz néng Milliounen Euro u Caritas Internationalis iwwerwisen hat. An tëschent Februar a Juli dann nach emol 52 Milliounen un eng tierkesch Partnerorganisatioun vun der Caritas, d’ASAM.  

 

Jean-Claude Franck Also déi Virementen hu jo just esou ausgesinn, wéi mir dat schonn erkläert hunn. Well d’Finanzdirektesch e falschen Destinatär uginn huet. Déi Sue sinn all a Spuenie gaangen a vun do an d’Hänn vun engem kriminelle Reseau. 

 

Pia Oppel Datt d'Caritas elo all déi Méint virdrun awer capabel war, immens vill Iwwerweisungen un eng Asam ze maachen, offiziell. Dat Theema ass do an där Reunioun vu Kengem ubruecht ginn? 

 

Tom Brassel Neen. Dat ass do jo guer net zur Sprooch komm. Dat ass jo eigentlech eréischt opgeflunn, wou mir drop gestouss sinn, op déi Honnerte vu Virementen. 

 

Pia Oppel D’RH-Direktesch seet an där Krisereunioun net vill. Si hätt sech net getraut, esou hir Erklärung. Méi generell hätt si sech net wuel gespiert, fir an Direktiounsreunioune Saachen ze hannerfroen.  

  

Jean-Claude Franck Kloer ass, elo op dësem Juli-Mëttwoch verweist si net op déi vill Virementen a Spuenien, déi si an de Méint virdru signéiert huet.   

 

Léonardo Kahn Dat heescht, d’RH-Direktesch huet vu Februar bis Juli zesumme mat der Finanzdirektesch all déi frauduléis Viremente signéiert? 

 

Jean-Claude Franck Net grad all. Ufanks huet och de Marc Crochet e puer vun deenen Iwwerweisunge mat ënnerschriwwen. Mee jo, meeschtens gouf awer d’RH-Direktesch gefrot fir dat ze maachen.  

 

Pia Oppel A si seet, d’Finanzdirektesch hätt ëmmer Erklärungen zu deene Viremente ginn an och insistéiert, et misst séier signéiert ginn. D’RH-Direktesch betount och, datt d’Finanzen net an hirem Zoustännegkeetsberäich louchen. 

 

Jean-Claude Franck Kloer ass, an där Krisereunioun um Mëttwoch zielt si net eent an eent zesummen: datt d’Caritas komplett ongewéinlech Zommen an d’Ausland iwwerwisen huet kënnt wéi et schéngt einfach net zur Sprooch. 

 

Léonardo Kahn A wat ass d’Conclusioun vun där Krisereunioun um Mëttwoch? 

  

Pia Oppel Ma datt de Problem da bis op Weideres net geléist gëtt. An d’Finanzdirektesch d’Woch drop elo mol als éischt an de Congé ka goen. 

 

Tom Brassel Mir si verbliwwen, datt si dem Marc Crochet ugebueden huet, no hirer Vakanz, him korrekt Explikatiounen ze liwweren. An dat war fir hien okay. 

  

Pia Oppel De Marc Crochet verléisst sech hei also drop, datt d’Finanzdirektesch no hirem Congé Uerdnung an de Chaos bréngt. Eng Persoun, déi hien an de Jore virdru scho puermol am léifste wollt entloossen, wa Saachen net geklappt hunn. 

 

Jean-Claude Franck D’Finanzdirektesch gëtt hei, anescht wéi dat a Reunioune virdru scho mol de Fall war, net vum Generaldirekter op d’Plaz gesat. De Marc Crochet mierkt net, wéi aussergewéinlech d’Situatioun ass. 

 

Pia Oppel A kee geet an d’Konte kucken, fir méi zefriddestellend Erklärungen ze fannen, wéi déi déi d’Finanzdirektesch op dësem Mëttwoch liwwert. 

  

Jean-Claude Franck Eppes fält iwweregens op an där Krisereunioun um Mëttwoch. Wann et soss mol virkoum, datt d’Finanzdirektesch rose ginn ass oder gekrasch huet, wann et méi hefteg Diskussioune goufen - elo bleift si ganz roueg. 

 

Pia Oppel Ass dat korrekt, dass si an all deene Reuniounen déi ganz Woch "laid back" ass, fir dat Wuert elo mol esou ze benotzen? Wéi kënnt dir et beschreiwen? 

  

Tom Brassel Ech iwwerhuelen dann äert Wuert. Also, ech mengen ech sinn elo grad hei am Interview oder am Echange mat Iech méi gestresst, wéi si an deene Gespréicher do, jo. An där Woch vum 8. Juli.

 

 

Léonardo Kahn Et ass Donneschdeg, den 11. Juli, Dag sechs éier d’Fraude opflitt. Et gouf elo entscheet, datt d’Finanzdirektesch Enn Juli, no hirem Congé misst Uerdnung an d’Finanze bréngen. Dat heescht, de Rescht vun der Woch gëtt och net méi iwwer d’Theema geschwat? 

  

Jean-Claude Franck Neen, d’Thema war u sech vum Dësch. Dat war d’Conclusioun e Mëttwoch. Mee et gouf nach ee bëssi méi spezielle Rendez-vous, wou et dann awer zu enger Aussprooch nach hätt kënne kommen. 

 

Pia Oppel Well Donneschdeg a Freideg ass een “Offsite” geplangt. All dräi bis véier Méint huet d’Direktioun sech fir esou Reunioune vun zwee Deeg baussent der Caritas getraff, wou dann och eng Iwwernuechtung ageplangt war.  

 

Tom Brassel Wann esou vill Baustelle sinn, datt een heiansdo net weess, wou ee soll ufänken an da muss ee prioriséieren, an an an an, ass et wichteg, datt ee sech tëschemënschlech e Minimum versteet a respektéiert. Well ee schlussendlech mat deene Leit jo vill méi Zäit verbréngt wéi mat senger eegener Famill. 

 

Jean-Claude Franck Eng kleng Klammer hei. Interessant ass, datt et esou een Offsite och gouf wärend de Bedruch amgaange war. Nämlech am Abrëll. Zu deem Zäitpunkt ware schonn 30 Milliounen Euro geklaut ginn. D’Direktioun verbréngt do zwee ganz Deeg zu Miedernach an engem labbere Kader. 

 

Pia Oppel Dowéinst ass et eis wichteg, dat hei ze erwänen. Well dat ware Momenter, wou d’Finanzdirektesch sech hätt kënne vertraulech un de Marc Crochet wenden.

 

Tom Brassel Ganz kloer. Mee ech géif méi wäit goen. Dat ass net nëmmen do méiglech gewiescht. D'Dier bei him war ëmmer op. 

 

Pia Oppel Also, wat den Tom Brassel seet, ass dat hei: Et gouf duerchaus Tensiounen tëschent den Direktiounsmemberen, dat hu vill Leit eis confirméiert. Mee et ass awer all déi Méint do an der Direktioun matenee geschwat a geschafft ginn. 

 

Jean-Claude Franck An dofir versteet kee vun deenen aneren dräi am Direktiounscomité, wéi et ka sinn, datt wann d’Finanzdirektesch effektiv hei op ee Bedruch eragefall ass, firwat si dann net versicht huet mam Marc Crochet doriwwer ze schwätzen. Dat mécht hiert Verhale fir hir enksten Aarbechtskolleegen immens schwéier nozevollzéien.

  

Léonardo Kahn OK, also wat dir sot ass dat hei: besonnesch wärend deenen “Offsites”, also deene méi laange Reuniounen am labbere Kader goufen et Momenter, wou een ouni den Alldagsstress hätt kënne matenee schwätzen. A wann d’Finanzdirektesch bei deem Offsite am Abrëll mam Marc Crochet geschwat hätt iwwer säin ongewéinleche Projet, da wier de Bedruch do méiglecherweis opgeflunn. 

  

Elo am Juli ass den Drock jo nach vill méi grouss: D’Finanzdirektesch huet entretemps d’Kreditlinnen opgeholl an 61 Milliounen Euro a Spuenien iwwerwisen - an et gi gréisser Diskussiounen iwwer d’Finanzlag vun der Caritas. D’Fro ass also: elo am Juli ass nach een Offsite - firwat koum et do net zu enger Aussprooch? 

 

Jean-Claude Franck Ma do gëtt et mol eng Kéier eng einfach Erklärung. De Marc Crochet seet dee Rendez-vous, dee scho vun Abrëll u fest ageplangt war, mëttwochs owes aus Zäitgrënn kuerzfristeg of.  

 

Léonardo Kahn An den Direktiounscomité gesäit sech dann déi Woch guer net méi? 

 

Pia Oppel Dach, et ass nach eng lescht Reunioun e Freideg. Mee do gëtt net méi iwwer d’Kreditlinne geschwat. Obwuel et de leschten Dag ass, éier d’Finanzdirektesch zwou Woche Congé huet.  

 

Léonardo Kahn Mir sinn also um Enn vun der Woch ukomm, an d’Finanzdirektesch ass da fort fir an d’Summervakanz. Et dauert bis den Dënschdeg drop bis d’Fraude opflitt. Wat geschitt dann um Dag virdrun, also um Méindeg nach? 

  

Jean-Claude Franck Ma de Méindeg, 15. Juli, ass eng regulär Reunioun vum Verwaltungsrot. 

 

Pia Oppel Op der Dagesuerdnung geet net vu Kreditlinne rieds. Mee ganz zum Schluss vun der Reunioun, ënner Divers, erwäänt de Marc Crochet se dann trotzdeem. 

 

Tom Brassel  Mat enger Zuel, zwou Zuelen, nach eng drëtt Zuel bei de Kreditlinnen, well et eeben e bëssen onkloer war. Wat ass schonn opgebrach ginn, net opgebrach ginn? An esou weider. 

 

An do dann de Verwaltungsrot, wéi ech wahrgenommen hunn, liicht irritéiert, reagéiert a seet: jo wéi dann, wéi vill, an dat kann dach net sinn, a firwat?

 

An da ganz schnell zu engem Optrag kënnt, wou de Generaldirekter gesot kritt: Okay, du hues elo hei dräi Méint, fir dat mat denger Finanzdirektesch ze klären. 

 

Pia Oppel Also mat deenen dräi Méint ass gemengt, datt bis dohinner de Fonctionnement vum Finanzservice misst iwwerkuckt ginn an datt d’Finanzdirektesch dann eventuell misst entlooss ginn.

 

Jean-Claude Franck Dat steet am Rapport effektiv vun där Reunioun. Mee zu de Kreditlinnen hätt de Verwaltungsrot awer gären esou séier wéi méiglech méi Informatiounen. 

 

Léonardo Kahn An d’Finanzdirektesch ass net do. Dat heescht elo muss de Marc Crochet sech d’Finanzlag selwer méi genee ukucken? 

 

Jean-Claude Franck Effektiv, mee dat geschitt net direkt op deem Méindeg. Wat ëmsou méi erstaunlech ass, well d’Caritas op deem Dag en anonymmen Tipp kritt, datt Sue geklaut goufen. 

  

Pia Oppel Géint fënnef Auer nomëttes, also nach kuerz éier d’Reunioun vum Verwaltungsrot ugefaangen hat, ass ee Mail bei der Caritas ukomm, mam Titel “Alerte de Fraude Urgente - Agissez Immédiatement !”. 

 

Anonym Je vous écris de manière anonyme pour vous avertir d'une fraude financière extrêmement grave qui touche votre association. Plusieurs dizaines de millions d'euros ont été détournés de vos comptes bancaires depuis plusieurs mois, avec des virements à destination de l'Espagne. Il est absolument impératif que vous agissez sans délais.

 

Jean-Claude Franck D’Caritas soll d’Banke kontaktéieren an hir Konten blockéieren, esou den Tipp. 

 

Anonym: En ne dénonçant pas ces faits immédiatement, vous risquez d'être considérés comme complices de cette fraude. Il en va de la survie de l'association. Cordialement, Un bienfaiteur anonyme 

 

Léonardo Kahn OK, also deen dote Mail läit e Méindeg géint fënnef Auer nomëttes an enger Inbox an der Caritas. Kuerz drop kënnt dann de Verwaltungsrot zesummen. Zwou Froen zu deem Message: wien huet e geschriwwen? A wie kritt e geschéckt? 

 

Pia Oppel Esouwäit mir dat wëssen, konnt de Whistleblower bis haut net identifizéiert ginn. De Message ass bei der Kommunikatiounsresponsabeler ukomm, déi en un de Generaldirekter weiderleet. 

 

Jean-Claude Franck Wéi et schéngt geschitt dat eréischt den Dag nodeems de Message ukënnt, mee mir wëssen net um wéi vill Auer. 

 

Léonardo Kahn A wéini gesäit dann de Marc Crochet de Mail? 

 

Jean-Claude Franck Hie seet, hien hätt de Mail eréischt gesinn, nodeems hien de Bedruch schonn entdeckt hat.  

 

Pia Oppel Mee d’Chronologie geheit natierlech Froen op. De Marc Crochet entdeckt déi frauduléis Virementen net éier hien am Mee op seng Pilgerrees start. Obwuel do schonn 43 Milliounen Euro geklaut goufen. 

 

Jean-Claude Franck No sengem Retour aus dem Congé ginn et eng Woch laang Diskussiounen iwwer d’Finanzlag vun der Caritas. An nach ëmmer entdeckt de Marc Crochet déi frauduléis Virementen net. 

 

Pia Oppel Hie geet dann an de Verwaltungsrot ouni d’Konten am Detail ze kucken a ka keng prezis Äntwerten zu de Kreditlinne ginn. An den Dag drop, also den Dënschdeg, 16. Juli, ass de Marc Crochet moies nees wéinst anere Verflichtungen net an der Reunioun vum Direktiounscomité dobäi. An hien entdeckt do och nach näischt. 

 

Jean-Claude Franck Mee an der Mëttesstonn geet de Marc Crochet mam Tom Brassel iessen. 

 

Tom Brassel Irgendwa war Mëttegpaus. An déi hunn ech gemeinsam mam Marc Crochet verbruecht. Ech ka mech nach ganz gutt drun erënneren. 

 

Ech weess net, wat duerno bei him den Ausléiser war. Mee, no der Mëttegpaus huet hie gesot: “Elo geet et es mer duer”. Also, Ongedold: “Elo, ginn ech emol selwer an de Multiline kucken”. A mir souzen do, ech menge souguer zu dräi, wann ech mech richteg erënneren, mat der RH-Direktesch an ech an hien. 

 

Pia Oppel An da geet de Marc Crochet op eemol op de Multiline, also d’Online-Banking-Plattform an entdeckt wat geschitt ass. Dat huet hie selwer am Juli zejoert esou beschriwwen, wéi hien um radio 100,7 en Interview ginn huet. 

 

Marc Crochet Ech hu mech op de Multiline an ech hunn e Virement gekuckt an ech sinn an Zäit vun enger Véirelstonn fënneg ginn an ech hunn an Zäit vu Sekonne verstane wat passéiert.

 

Jean-Claude Franck Den Tom Brassel ass dobäi, wéi de Marc Crochet sech op sengem Laptop duerch déi iwwer 100 Viremente fir jeeweils knapps eng hallef Milliounen Euro scrollt, déi iwwer Méint a Spuenie gaange sinn. 

 

Tom Brassel An do weess ech nach ganz genau, wou op eemol hie mir sot: “Tom, kuck emol”. Do ware mer bei iergendengem Virement, bei Asam an: “Dat ka jo net sinn“.  

 

Pia Oppel Si zielen eent an eent zesummen. An decidéiere fir eng Plainte ze deposéieren. 

 

Tom Brassel Dat ass bei eis um Siège gemaach ginn. An do kënnt dann e Polizist mat senger Ekipp, an déi mierken direkt: Ulalalala, wat ass dat do fir eng Nummer? An da geet dat ganz, ganz schnell. An duerno d’Police Judiciaire, déi kënnt a Perquisitiounen...  

 

Jean-Claude Franck De 16. Juli um siwen Auer owes kënnt de Verwaltungsrot nees zesummen, nodeems jo eréischt den Owend virdrun eng regulär Reunioun war. Mee dës Kéier weess da jidderee Bescheed, datt d’Caritas 61 Milliounen Euro geklaut krut.  

  

Léonardo Kahn Dat ass dann déi véiert Episod an eiser Chronologie vun der Caritas-Affär. Merci Pia, Merci Jean-Claude. 

  

Jean-Claude Franck Merci och 

  

Pia Oppel Merci Leo. 

  

Léonardo Kahn Dat hei ass Zeenewiessel, den 100,7-Doku-Podcast. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Pia Oppel, Charlotte Bruneau, Tessy Troes a vu mir, Léonardo Kahn. Mat der Ënnerstëtzung vum Jean-Claude Franck, Yves Stephany, Semir Demic, Chris Zeien a Jo Diseviscourt. Toungestaltung a -mix: Sam Erpelding an Ingo Dumlich. 

 

Merci dem Carole Schimmer fir d’Stëmm vum anonymme Whistleblower. 

  

Fir keng Episod ze verpassen: abonéiert Zeenewiessel do, wou Dir Podcasten am léifste lauschtert. 

  

A wann Dir Froen hutt, oder eis Feedback wëllt ginn: maacht eis ee Mail op doku@100komma7.lu.