Radioen

On air

Thé Dansant  |  Funkadelic - One Nation Under A Groove

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hannergrënn vun der Caritas-Affär: Transkript vun der Episod 2

2. Staffel vum Doku-Podcast Zeenewiessel

Hannergrënn vun der Caritas-Affär: Transkript vun der Episod 2

Vum 27. Mäerz 2024 u geet d'Caritas-Finanzdirektesch Sue bei d'Banke léinen. Kreditlinne fir iwwer 30 Milliounen Euro hëlt d'Fondatioun Caritas an de Wochen duerno op. All dës Sue gi geklaut. An d'Organisatioun bleift op engem Bierg Scholde sëtzen. Wéi konnt dat geschéien?

auto_stories

48 min

Léonardo Kahn Mëttwoch, 27. Mäerz 2024, 16h45. D'Finanzdirektesch vun der Caritas schreift hirer Kontaktpersoun bei der BGL ee Mail. 

  

Finanzdirektesch Bonjour Madame, Je reviens vers vous suite à notre discussion sur la possibilité d'aller en découvert sur notre compte courant de la Fondation. Pouvez-vous me confirmer que je peux déjà donner l'ordre de virement à partir de notre compte bancaire? 

  

Léonardo Kahn 45 Minutte méi spéit kënnt d'Äntwert vun der Bank. 

  

BGL-Mataarbechertin Je m'excuse pour la réponse tardive. Je confirme que vous pouvez envoyer vos instructions de paiement à concurrence du découvert de 2.000.000€. Je vous remercie. Bien à vous.

  

Léonardo Kahn Kreditlinne fir iwwer 30 Milliounen Euro hëlt d'Fondatioun Caritas an de Wochen duerno op. Just esou war et méiglech der Caritas méi Suen ze klauen, wéi se der selwer jee hat. Vun den 61 Milliounen Euro, déi am Ganze geklaut ginn, sinn iwwer d’Hallschent Scholden. Op deenen déi kathoulesch Organisatioun um Enn sëtze bleift. Wéi konnt dat geschéien? 

 

Sven Clement Besonnesch stéiert awer d'Roll vun de Banken an dëser Affär.

 

Taina Bofferding Déi Entitéiten, bei deenen alleguerte Kontrollmechanisme versot hunn.

Marc Baum Mir hu relativ streng Prozedure fir privat Leit, wann een och nëmme fënnefdausend Euro iwwerweist.

 

Luc Frieden Dat ass e Problem tëschent der Caritas an de Banken.

 

Léonardo Kahn Mäin Numm ass Léonardo Kahn an dat hei ass Zeenewiessel, den 100,7-Doku-Podcast. Carambolage heescht eis zweet Serie am Zeenewiessel. Dës Chronologie vun der Caritas-Affär verziele mir an 8 Episoden.  

  

Episod 2: D’Banken 

  

  

Léonardo Kahn An der leschter Episod hu mir eis ugekuckt, wéi d’Finanzdirektesch sech an den éischten zwee Méint vum Bedruch verhalen huet. Si iwwerweist vu Februar u Milliounebeträg a Spuenien. A si seet, datt si gemengt huet am Optrag vum Caritas-Generaldirekter Marc Crochet ze handelen. Wéi dat méiglech ass, bleift ee Rätsel. 

 

Eng aner Fro ass, wéi d’Banken dat Ganzt konnte matmaachen. Si hunn d’Virementen exekutéiert an der Caritas eng Kreditlinn no där anerer accordéiert. Pia Oppel, Jean-Claude Franck, Dir hutt dës Recherche gemaach, gëtt et da fir d’Verhale vun de Banken an dëser Affär besser Erklärungen? 

 

Jean-Claude Franck Also fir dat mol direkt ze soen: Offiziell Erklärunge ginn et nach keng. Et lafen eng ganz Rei Enquêtë fir ze kucken, wéi d’Banke sech verhalen hunn. Concernéiert sinn zwou Lëtzebuerger Banken, d’Spuerkeess an d’BGL. An awer och déi zweetgréisst spuenesch Bank, d’BBVA. Well d’Sue si jo vun der Caritas als éischt a Spuenien iwwerwise ginn. 

 

Pia Oppel Also et gi grad verschidde Saache gekuckt: wéi konnten esou grouss Kreditlinnen accordéiert ginn an hunn d’Banken hei géint Reegele verstouss? Dat kuckt déi Europäesch Zentralbank sech un. Nach huet déi awer näischt dozou kommunizéiert. 

 

Jean-Claude Franck An da si jo do déi 125 frauduléis Viremente vun der Caritas a Spuenien, do ass ënner anerem déi Lëtzebuerger Bankenopsiicht domadder befaasst. Et misst elo all Moment eng Decisioun vun der CSSF kommen, ob do Feeler geschitt sinn: also ob d’Banken déi Transferten hätte missen detektéieren. 

 

Pia Oppel An da lafen och nach Justiz-Enquêtë géint d’Banken. Notamment hei zu Lëtzebuerg wéinst méigleche Verstéiss géint d’Anti-Geldwäsch-Gesetz. Och a Spuenien ass d’Justiz ageschalt, well do ass jo och eng Bank concernéiert. 

 

Jean-Claude Franck An alleguer déi Enquêtë sinn nach amgaangen. 

 

Léonardo Kahn Vun offizieller Säit gëtt et zum Verhale vun de Banken also nach kee Verdikt. Wat soen d’Banken da selwer zu all deem, wat geschitt ass? 

 

Jean-Claude Franck Weder d’Spuerkeess nach d’BGL oder d’BBVA wollten eis Froen zu hirem Verhale beäntwerten. Wat kee Wonner ass, wann ee bedenkt, datt aktuell all déi Enquêten eeben och lafen. 

 

Léonardo Kahn OK, also d’Enquêten, ob d’Banken hei méiglecherweis Feeler gemaach hunn, déi lafen nach. Mee wat konnt dir zwee bei ärer Recherche dann erausfannen doriwwer, wéi dat alles praktesch genee iwwer d’Bün gaangen ass?  

 

Jean-Claude Franck Ma looss eis mat de Kreditlinnen ufänken. Kuerz zum Kontext: D’Caritas ass schonn Enn Mäerz 2024 no zwee Méint Bedruch a finanzielle Schwieregkeeten, ëmmerhi goufe bis dohi scho bal 30 Milliounen Euro geklaut. An elo geet u sech eng nei Phas vum Bedruch un. Et ginn net méi just d’Sue geklaut, déi schonn op de Konte vun der Caritas louchen. Mee d’Finanzdirektesch hëlt bei de Banke Scholden op. 

 

Pia Oppel D’Finanzdirektesch freet deen Ament bei der BGL no fir kënnen ee Konto ëm zwou Milliounen Euro ze iwwerzéien. An d’Confirmatioun vun der Bank kënnt da bannent enger Dräivéierelstonn per Mail. 

 

BGL-Mataarbechertin Je confirme que vous pouvez envoyer vos instructions de paiement à concurrence du découvert de 2.000.000 €. 

 

Pia Oppel D’Conditioun ass, datt de Konto ee Mount méi spéit, net méi dierf am Minus sinn. Also dat wier dann Enn Abrëll.  

 

Jean-Claude Franck Wat net de Fall ass. 

  

Finanzdirektesch J'aurai besoin d'aller en découvert jusqu'à 10 millions.  

  

Jean-Claude Franck Dat schreift d'Finanzdirektesch der BGL de 24. Abrëll 2024. Also ronn ee Mount no hirer éischter Ufro fir dierfen de Konto ze iwwerzéien. An an där zweeter Ufro wëllt si also d'Erlabnis fir dee Compte Courant vun der Caritas weider kënnen ze iwwerzéien.

 

Pia Oppel An zwar ëm bis zu 10 Milliounen Euro. 

 

Léonardo Kahn Mee firwat geet d’Finanzdirektesch dann iwwerhaapt Sue léinen? Krut si gesot, si sollt dat maachen? 

 

Pia Oppel D’Finanzdirektesch seet jo, si wier hei op ee Presidententrick eragefall. Also si hätt gegleeft, datt si de Caritas-Generaldirekter hei bei engem geheime Projet ënnerstëtzt. 

 

Jean-Claude Franck Si kritt Maile vun enger Persoun oder méi Persounen, déi sech als Marc Crochet ausginn hunn. Déi Maile komme vun der Adress marc.crochet55@gmail.com.

 

Pia Oppel Klenge Rappel, dowéinst nenne mir dee Personnage hei MC55. 

 

Jean-Claude Franck An den MC55 schreift der Finanzdirektesch: 

 

MC55 Il est impératif que tu puisses gérer le temps qu'il faudra afin de ne pas mettre en péril tout le dossier. Si besoin de faire encore une demande de ligne de crédit à la banque, n'hésite pas.

 

Jean-Claude Franck Dat si keng prezis Uweisungen. Mee mir wëssen och, datt d’Finanzdirektesch net just per Mail där Instruktioune kritt huet. Et gëtt och eng Persoun, mat där d’Finanzdirektesch telefonéiert wärend der Fraude. An déi sech als ee Paräisser Geschäftsaffekot ausgëtt, deem seng Identitéit fir dëse Bedruch mëssbraucht gouf. A vun do schénge vill vun den Instruktioune komm ze sinn. 

 

Pia Oppel Mir haten dat an der éischter Episod scho gesot: mir wëssen net, wat an deenen Telefonsgespréicher gesot gouf. A mir wëssen awer och bis haut net, ob d’Finanzdirektesch hei wierklech op ee Bedruch erafält.  

 

Jean-Claude Franck Fakt ass, dorëms geet et an dëser Episod: ob Presidententrick oder net, an aus wéi enger Motivatioun och ëmmer. D’Finanzdirektesch léint bei de Banke vun Enn Mäerz un ëmmer méi Suen am Numm vun der Caritas. A si suergt dofir, datt déi Suen a Spuenie landen. 

 

Léonardo Kahn Mee wéi justifiéiert si géintiwwer de Banken, datt d'Caritas esou vill Sue brauch? 

  

Jean-Claude Franck D'Finanzdirektesch bréngt hei een Argument an d'Spill, dat si an den nächste Wochen a Méint ëmmer nees wäert benotze fir finanziell Schwieregkeete bei der Caritas géintiwwer de Banken an och intern ze justifiéieren. 

 

Pia Oppel Nämlech, datt d’Caritas nach kaum Sue vum Staat krut. 

 

Finanzdirektesch Les subventions à recevoir des différents ministères pour l'année 2024 s'élèvent à plus ou moins 40 millions. Nous en avons plus ou moins reçu 4 millions pour l'instant. 

 

Jean-Claude Franck Der Finanzdirektesch hir Erklärung ass déi hei: den definitive Staatsbudget fir d’Joer 2024 ass eréischt méi spéit gestëmmt ginn, wéinst dem Regierungswiessel d’Joer virdrun. An dat hätt eeben zu Retarde bei de Paiementer vum Staat geféiert. 

 

Pia Oppel Mee datt et Retarde gouf, stëmmt net. D’Caritas krut hir Suen. 

 

Gilles Roth Ech kann Iech just als Finanzminister confirméieren: vum Staat gouf et kee Retard de paiement. 

 

Léonardo Kahn Dat heescht d'Finanzdirektesch huet d’Banken ugelunn? 

  

Pia Oppel Esou gesäit et effektiv aus. Mir wëssen net, wéi et genee dozou koum, datt si de Banke seet d’Sue vum Staat kéimen net eran. Hiren Affekot wollt eis dozou näischt soen.  

   

Léonardo Kahn Mir ware virdru bei der Finanzdirektesch hirem Mail un d’BGL stoe bliwwen, fir de Konto dierfen ëm 10 Milliounen Euro ze iwwerzéien. Wéi geet dat iwwer d'Bün? 

  

Pia Oppel Déi Kreditlinn gëtt vun der BGL accordéiert, ouni datt dofir ee Kontrakt néideg ass. 

  

Jean-Claude Franck An domat kann de Bedruch Ufank Mee nees weidergoen. Nodeems ee Mount laang, also vun Ufank Abrëll un, kee frauduléise Virement méi a Spuenie gaange war.

 

Pia Oppel Et konnten ee Mount laang keng Viremente méi gemaach ginn, well net méi genuch Suen do waren. Wéinst de Kreditlinne sinn nees Suen do. An déi ganz Bedruchsmaschinn dréit erëm op vollen Touren. 

  

Jean-Claude Franck Bannent just dräi Deeg mécht d'Finanzdirektesch 16 Virementen a Spuenien, mam Pretext se wieren all fir d’ASAM, déi tierkesch Partnerassociatioun vun der Caritas, déi mir an der éischter Episod kennegeléiert hunn. 

 

Pia Oppel Fir d’Envergure ze verstoen: bal aacht Milliounen Euro gi vum 7. Mee u bannent dräi Deeg un déi falsch ASAM. An déi Wochen duerno geet et an engem änleche Rhythmus weider. 

  

Jean-Claude Franck An d'BGL kritt dovunner awer näischt mat. Well als éischt ginn d’Suen, déi d’Caritas do léint, op ee Caritas-Konto bei der Spuerkeess an da vun do aus eréischt a Spuenien.  

  

Pia Oppel Bei deem Rhythmus vu Paiementer un déi falsch ASAM sinn d'Keessen da séier eidel geraumt. Also kritt d'BGL den 23. Mee nees ee Mail vun der Finanzdirektesch. 

  

Finanzdirektesch Par la présente je vous fais parvenir la demande d'obtention d'une ligne de crédit supplémentaire de 6.000.000 € jusqu'à fin juin 2024, portant ainsi notre autorisation de découvert jusqu'à 16.000.000 €.

  

Cette demande est assez urgente car le dénouement de la finalisation des conventions avec l'Etat est long. Les premiers signes de réception des fonds tardent à se concrétiser. 

  

Jean-Claude Franck Fir kuerz ze resuméieren: tëschent Enn Mäerz an Enn Mee, also wärend zwee Méint, ass d’Caritas op hirem BGL-Konto ëmmer méi an de Minus gaangen. An elo wëllt d’Finanzdirektesch de Konto net just ëm 10 Milliounen Euro, mee ëm bis zu 16 Milliounen iwwerzéien. 

 

Léonardo Kahn A wéi reagéiert d'BGL dës Kéier? 

  

Pia Oppel D’Bank ass averstanen. Mee si freet elo fir d’alleréischte Kéier, datt dofir och ee Kontrakt signéiert gëtt, also fir eng Kreditlinn vu 16 Milliounen Euro. 

 

Jean-Claude Franck D'Bank hätt op deem Kontrakt gären zwou Ënnerschrëften. D’Finanzdirektesch kann net eleng ënnerschreiwen.

 

Léonardo Kahn Also stellt sech hei d’Fro: wie freet si fir mat ze signéieren?  

 

Jean-Claude Franck Genee, an dat ass een interessante Moment, well de logesche Choix wier jo, si géif de Generaldirekter froen, de Marc Crochet. 

 

Also wann ee sech an hir Situatioun versetzt deen Ament, wa si effektiv op ee Presidententrick eragefall ass. Da geet si jo dovunner aus, datt et de Marc Crochet ass, fir dee si all déi Virementen a Spuenie mécht. A fir deem säi geheime Projet si elo muss Sue bei d’Banke léine goen.

 

Pia Oppel A wann et effektiv esou ass, datt si gemengt huet, datt si dee Projet misst weider geheim halen, da wier et jo ee Risiko iergendeng aner Persoun ze froe wéi de Marc Crochet. 

 

Jean-Claude Franck Mee si freet net de Marc Crochet. Amplaz freet si den operationellen Direkter fir mat ze signéieren. 

 

Léonardo Kahn Dat ass dann effektiv net logesch. Wësst dir dann, firwat si net de Marc Crochet freet? 

 

Pia Oppel Neen. Wat mir wëssen ass dat hei: De Kontrakt vun der BGL ass op de 24. Mee datéiert, dat ass ee Freideg. De Marc Crochet verléisst de Mëttwoch drop d’Land fir bal sechs Woche Congé - hie mécht do eng laang geplangte Pilgerrees. 

 

Jean-Claude Franck Mee d’Finanzdirektesch notzt déi Zäit éier de Marc Crochet fortfiert net, fir hie fir eng Ënnerschrëft ze froen. Am Contraire, et dauert annerhallef Woch bis de Kontrakt signéiert gëtt. Obwuel d’Finanzdirektesch der BGL esou dacks geschriwwen huet, alles misst ganz séier goen. 

 

Léonardo Kahn Si waart also trotz deem Zäitdrock relativ laang fir de Kontrakt ze signéieren: Firwat? 

 

Pia Oppel Dat wësse mir net. Mee eppes fält awer op. D’Finanzdirektesch freet den operationellen Direkter de 5. Juni fir de Kontrakt bei der BGL ze signéieren. An zwar direkt nodeems dee grad aus enger Reunioun mam Verwaltungsrot eraus ass. 

 

Jean-Claude Franck Also de Verwaltungsrot ass d’Gremium, dat déi wichteg Decisiounen hëlt an och kontrolléiert, ob d’Direktioun hir Aarbecht uerdentlech mécht. A gewéinlech ass et och de Verwaltungsrot, deen decidéiert, ob d’Caritas ee Kredit ophëlt. 

 

Pia Oppel D’Finanzdirektesch huet de Kontrakt vun der BGL also scho méi laang virleien. Mee si freet hiren Direktiounskolleeg eréischt, just nodeems d’Reunioun vum Verwaltungsrot eriwwer ass. 

 

Léonardo Kahn Fir ze evitéieren, datt d’Theema do opkënnt? 

 

Pia Oppel Vläicht, méiglecherweis, mee genee wësse mir dat net. 

 

Jean-Claude Franck Bis déi nächst Reunioun vum Verwaltungsrot sinn et dann op alle Fall nach emol sechs Wochen. A genee esou laang leeft de Bedruch och effektiv nach weider. 

 

Léonardo Kahn Also, dir sot: obwuel d’Suen immens knapp waren an d’Finanzdirektesch Enn Mee ‘24 immens presséiert war fir déi Kreditlinn vu 16 Millioune bei der BGL ze kréien, waart si dann annerhallef Woch fir dee Kontrakt ze signéieren. An dat méiglecherweis, fir datt d’Theema net am Verwaltungsrot Ufank Juni op d’Tapéit kënnt. Si freet den operationellen Direkter dann direkt nodeems deen aus der Reunioun mam Verwaltungsrot eraus ass fir d’Kreditlinn mat ze signéieren. Stellt deen da keng Fro, firwat eng Kreditlinn néideg ass? 

 

Pia Oppel Dach, hie stellt Froen, an hëlt och Récksprooch mam Generaldirekter, dee schonn op senger Pilgerrees ass. Dat hat de Marc Crochet am Juli, wéi de Bedruch bis opgeflu war, esou och an engem Interview um radio 100,7 confirméiert. 

 

Marc Crochet Ech hunn, mengen ech, een eenzegen Telefonat gemaach, well meng Kolleege respektéiert hunn, wou ech ënnerwee war. Dat war an deem doten Zesummenhang an ech sinn do tatsächlech gefrot ginn. Ech krut gesot, mir hunn hei e Problem, mir kréie warscheinlech d'Paien net zesummen, a mir mussen eng Kreditlinn siche goen. An ech hu gesot, da maacht dat. 

   

Pia Oppel Firwat do an deem Direktiounscomité kee Verdacht schöpft, kucke mir eis nach un, wa mir eis an der nächster Episod méi am Detail mat der Fro beschäftegen, firwat d’Caritas-Direktioun de Bedruch esou laang net bemierkt huet.

 

Léonardo Kahn Haut bleift eise Schwéierpunkt d’Verhale vun de Banken: Wéi leeft et dann elo mat de Kreditlinne weider? 

 

Jean-Claude Franck Et geet esou weider, wéi mir et scho kennen: d’Finanzdirektesch kuckt fir d’Erlabnis ze kréie fir d’Konten ëm weider Milliounen ze iwwerzéien. Si schreift hirer Kontaktpersoun bei der BGL Ufank Juni, nach éier d’Kreditlinn fir 16 Milliounen Euro signéiert ass. 

 

Finanzdirektesch Je souhaiterai revoir le contrat et étendre la ligne de crédit aux 23.000.000 € jusque fin aout 2024 pour faire face aux dépenses courantes. 

 

Pia Oppel D’Finanzdirektesch fir de Kontrakt ze änneren, esou datt si 23 amplaz vu 16 Milliounen Euro ka léinen. 

  

Léonardo Kahn An d’Bank ass domadder averstanen? 

  

Pia Oppel Esou hallef: D’BGL freet elo als éischt, datt de Kontrakt fir déi 16 Milliounen elo mol signéiert gëtt. D’Bank geet also net op de Wee fir amplaz direkt ee Kontrakt fir 23 Milliounen Euro Kreditlinn ze maachen. 

 

Jean-Claude Franck Fir déi zousätzlech siwe Milliounen, déi d’Finanzdirektesch freet, wëllt d’Bank ee separate Kontrakt maachen an do dann eng zousätzlech Garantie kréien. Nämlech eng Hypothéik op Immobilie vun der Caritas. 

 

Pia Oppel Dofir brauch een awer en Notaire. An et schéngt, wéi wann et der Finanzdirektesch hei da geléngt fir op Zäit ze spillen. Si ka weider an de Minus goen, ouni datt dësen zweete Kontrakt direkt muss signéiert ginn, wéi si dem MC55 Enn Juni schreift. 

  

Finanzdirektesch Bonjour Marc, Bonnes Nouvelles de BGL: le crédit supplémentaire a été accepté hier. Nous disposons donc de 7 mion supplémentaires. J'ai négocié que nous ferons un point sur le mandat hypothécaire dans quelques semaines (au plus tard à mon retour de congé fin juillet).

  

Jean-Claude Franck D'Finanzdirektesch iwwerzitt de BGL-Konto schlussendlech ëm am Ganzen 21 Milliounen Euro. Fir déi lescht fënnef Millioune vun där Zomm, gëtt ni e Kontrakt signéiert. 

 

Léonardo Kahn A mir sinn nach net um Schluss: Et gouf jo och eng Kreditlinn bei der Spuerkeess! 

  

Jean-Claude Franck Genee, do hat d'Finanzdirektesch uganks Juni ‘24 ugeklappt fir eng Kreditlinn vun 10 Milliounen Euro ze kréien. D'Argument kenne mir schonn. 

  

Finanzdirektesch En effet, avec le changement de gouvernement, nous tardons à recevoir les conventions de 2024 et ne disposons plus d'assez de liquidités pour pallier à cette situation temporaire pour régler nos dépenses courantes.

  

Pia Oppel Och dës Kéier klappt et. No dräi Wochen, also Enn Juni, gëtt d'Spuerkees gréng Luucht. Datt déi Geschicht vun de Suen, déi net erakommen, och bei der Spuerkeess zitt, erstaunt mech awer. 

  

Léonardo Kahn Firwat? 

  

Pia Oppel Well d'Spuerkeess der Caritas erlaabt, op genee deem Compte Courant an de Minus ze goen, vun deem aus scho bal 40 Milliounen Euro op verschidde spuenesch Konten iwwerwise goufen. Dat waren déi frauduléis Virementen, déi esou ausgesinn hunn, wéi wa se un eng tierkesch Partnerorganisatioun vun der Caritas géife goen, d’ASAM. 

 

Jean-Claude Franck Et muss ee wëssen, d'Caritas ass schonn zënter Joerzéngte Client bei der Spuerkeess. An d’Bank hätt kënne mierken, datt de Finanzéierungsbedarf net doduerch koum, datt d'Caritas ze wéineg Sue vum Staat krut. Mee datt d'Caritas eigentlech geckeg Zommen an d'Ausland iwwerwisen huet.

 

Pia Oppel En plus op eng fir d’Caritas ongewéinlech Manéier. 

 

Léonardo Kahn Firwat ongewéinlech?  

 

Pia Oppel D'Caritas huet normalerweis bannent engem Joer ëm déi 15 Milliounen Euro fir hir international Projeten an d'Ausland iwwerwisen. An déi Sue ginn dann un Dosende verschidde Projeten.

 

Jean-Claude Franck An der Reegel krut een eenzelne Partner vun der Caritas op ee ganzt Joer gekuckt bis zu 3 Milliounen Euro. Fir ganz grouss Projete konnten et och ausnamsweis méi Sue sinn. Awer et goungen ni 40 Milliounen un ee Partner bannent just e puer Méint. 

 

Pia Oppel A souvill Sue ware vum Spuerkeess-Konto aus awer tëschent Februar an Enn Juni schonn a Spuenien iwwerwise ginn. En plus stoung op deene Viremente jo si wiere fir d’ASAM, déi hat hir Konten awer an der Tierkei. 

 

Léonardo Kahn A propos Iwwerweisungen, ginn déi vun de Banken dann hannerfrot? 

  

Jean-Claude Franck Do hu mir kee komplett Bild, do musse mir d’Resultater vun de verschiddenen Enquêten ofwaarden, déi mir uganks erwäänt haten. An déi jo nach amgaange sinn.  

 

Pia Oppel Wat mir gesinn hunn ass, datt d’Spuerkeess bei 26 Transferten un déi falsch ASAM nogefrot huet. Per Mail koum do d’Fro: Kënnt Dir deen heite Virement confirméieren? Déi Maile goungen un d’Finanzdirektesch. An déi confirméiert natierlech allkéiers. 

 

Léonardo Kahn Am Ganzen huet d’Caritas 125 Iwwerweisungen op déi spuenesch Konte gemaach. Keng vun den dräi implizéierte Banken, zwou zu Lëtzebuerg an eng a Spuenien, huet dat gestoppt. Mee d’Banke kënne jo argumentéieren, datt d’Caritas déi Viremente selwer hätt misse kontrolléieren: wéi ass dat an der Caritas genee méiglech gewiescht, hätten déi vill Transferten do kengem missen opfalen? 

 

Pia Oppel An der Caritas intern huet u sech ee 6-Ae-Prinzip geherrscht. An dat ass bei deene frauduléise Virementen och allkéiers applizéiert ginn. Notamment hunn hei aner Direktiounsmemberen d'Viremente mat signéiert. Wat mir eis an der nächster Episod méi am Detail ukucken.

 

Jean-Claude Franck An aus dem Finanzservice waren nach zwou Mataarbechterinnen implizéiert. Si hunn d’Iwwerweisunge preparéiert. Méi Sourcë soten eis, datt déi zwou Persounen duerno soten, si wiere vun der Finanzdirektesch ënner Drock gesat ginn, dowéinst hätte si sech net getraut eppes ze soen. 

 

Pia Oppel Mee et gëtt nach een aneren Acteur, deen eppes hätt kënne mellen. An dat schéngt awer schif ze goen. 

 

Léonardo Kahn An zwar? 

 

Pia Oppel Ma am Fréijoer ‘24 huet d’Caritas, wéi all Joer, een Auditeur am Haus. Fir d'Konte vum Joer virdrun ze kontrolléieren. Awer net just dat: den Auditeur kuckt sech och schonn un, wat am Januar a Februar ‘24 u Paiementer gemaach gouf.

  

Finanzdirektesch Bonjour Marc, Ceci pour t'informer que nous avons dû donner la balance generale jusque fin fevrier 24 aux auditeurs. Ils demandent maintenant les justificatifs des 11 paiements faits vers Asam. 

 

Jean-Claude Franck Dat schreift Finanzdirektesch dem MC55 am Abrëll. Wat een dorauser ka schléissen ass, datt déi frauduléis Iwwerweisungen un d'Caritas Internationalis dem Auditeur wéi et schéngt net opgefall sinn. Awer d'Iwwerweisungen un déi falsch Asam huet den Auditeur detektéiert. Also déi Iwwerweisungen, déi esou ausgesinn, wéi wa se un eng tierkesch Partnerorganisatioun vun der Caritas goungen. 

  

Pia Oppel An et gëtt dann ee Moment wierklech brenzeleg. Den Auditeur schéckt ee Mail mat enger Oplëschtung vu frauduléisen ASAM-Virementen, op déi e gestouss ass. Am Ganze geet et ëm iwwer 5 Milliounen Euro. An a Kopie vun deem Mail ass eng Persoun aus dem Finanzdepartement, déi näischt vun den Iwwerweisungen a Spuenie wousst.

 

Jean-Claude Franck D'Finanzdirektesch schreift dem MC55 si géif hoffen, datt déi Kolleegin de Mail iwwersäit. An:

  

Finanzdirektesch J'ai demandé que l’auditeur m’apelle directement sur mon portable pour lui expliquer concernant Asam. Je ne pense pas que ce soit une bonne idee de leur donner les "payment requests". 

Je vais voir s'il m'apelle. 

  

Léonardo Kahn An ... Wéi geet déi Geschicht aus? 

  

Jean-Claude Franck Den Auditeur schéngt d'Saach doropshin effektiv falegelooss ze hunn. Oder op d’mannst gesi mir net, datt et e Suivi kritt hätt. Mir hunn d’Firma fir eng Erklärung gefrot, kruten awer keng Äntwert. 

 

Pia Oppel An d’Persoun déi a Kopie vum Mail war, huet wuel och näischt gemierkt. Et ass also ee vu ville Momenter, wou de Bedruch hätt missen opfalen. Mee net opgefall ass.  

 

Léonardo Kahn Nach een Accident, dee sech un all déi aner reit. De Bedruch fält all déi Méint kengem op. Weder de Banken, nach dem Auditeur oder dem Direktiounscomité. Dat heescht alles leeft wéi geschmiert fir d’Fraudeuren? 

  

Pia Oppel Effektiv, den 21. Juni freet den MC55 sech doriwwer, datt d'Finanzdirektesch mat de Kreditlinnen esou gutt virukënnt. 

 

MC55 Bonjour, En effet, ce sont des nouvelles formidables, en outre, Me Buchet m'a informé qu'il était envisageable d'acquérir l'intégralité de l'achat. Encore Bravo pour ta promptitude, profite bien de ton week-end. 

  

Jean-Claude Franck D'Stëmmung ass bal euphoresch: 

  

Finanzdirektesch Je n'ai pas pour habitude de me féliciter mais je pense que le weekend est plus que mérité!

  

Pia Oppel Mee dann, Ufank Juli, kippt d'Stëmmung. Well an der Caritas fänkt een Direktiounsmember un Zweifel ze kréien. 

  

Finanzdirektesch Les comptes vont du coup vite être au max du découvert et les questions à ce sujet de plus en plus fréquentes.

 

Jean-Claude Franck D’Finanzdirektesch warnt den MC55 dann, datt den operationellen Direkter d’Kreditlinnen op d’Dagesuerdnung vum nächste Verwaltungsrot wëllt setzen. 

 

Finanzdirektesch Bon courage pour la dernière ligne droite. 

 

Jean-Claude Franck Dat alles schreift d'Finanzdirektesch dem MC55 den 2. Juli 2024. Dat ass een Dënschdeg. 

 

Pia Oppel De Méindeg drop, also den 8. Juli, ass dee richtege Marc Crochet no bal sechs Woche Pilgerrees nees zeréck um Büro. 

  

Jean-Claude Franck Et feelen 59 Milliounen Euro. An et mierkt nach ëmmer keen, datt déi Sue geklaut goufen. An datt och nach ëmmer Suen a Richtung Spuenie weider verschwannen.

  

Pia Oppel Et dauert néng Deeg bis de Marc Crochet eng Plainte bei der Police mécht. 

  

Léonardo Kahn Wéi kann et sinn, datt d'Caritas-Direktioun dee Bedruch eréischt esou spéit feststellt? 

  

Jean-Claude Franck Dorëms geet et an der nächster Episod. 

  

Léonardo Kahn Dat ass dann déi drëtt an eiser Chronologie vun der Caritas-Affär. Merci Pia, Merci Jean-Claude. 

  

Jean-Claude Franck Merci och.

  

Pia Oppel Genee, a bis nächste Kéier. 

  

Léonardo Kahn Dat hei ass Zeenewiessel, den 100,7-Doku-Podcast. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Pia Oppel, Charlotte Bruneau, Tessy Troes a vu mir, Léonardo Kahn. Mat der Ënnerstëtzung vum Jean-Claude Franck, Yves Stephany, Semir Demic, Chris Zeien a Jo Diseviscourt. Merci dem Marie Trussart, dem Charlotte Bruneau an dem Carole Schimmer fir d’Stëmme vun der Finanzdirektesch, vum MC55 a vun der BGL-Mataarbechterin. Toungestaltung a -mix: Sam Erpelding an Ingo Dumlich. 

  

Fir keng Episod ze verpassen: abonéiert Zeenewiessel do, wou Dir Podcasten am léifste lauschtert. A wann Dir Froen hutt, oder eis Feedback wëllt ginn: maacht eis ee Mail op doku@100komma7.lu.