Radioen

On air

Thé Dansant  |  Funkadelic - One Nation Under A Groove

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hannergrënn vun der Caritas-Affär: Transkript vun der Episod 1

2. Staffel vum Doku-Podcast Zeenewiessel

Hannergrënn vun der Caritas-Affär: Transkript vun der Episod 1

Am Februar 2024 hëlt ee Milliounebedruch säi Laf: Mat enger E-Mail un d'Finanzdirektesch vun der Caritas. Wien ass si a wéi verhält si sech? Ëm déi Froe geet et an der éischter Episod vun eiser Podcast-Serie.

auto_stories

62 min

Léonardo Kahn De Mëttwoch, 7. Februar 2024, um 16h48 kritt d'Finanzdirektesch vun der Caritas e Mail. 

MC55 Bonjour, Je m'occupe actuellement d'une transaction financière importante, ce dossier doit rester strictement confidentiel jusqu'à l'annonce officielle qui aura lieu mercredi 21 février. Il est important de ne faire aucune allusion sur ce dossier de vive voix, ni même au téléphone pour le moment. Maître Buchet du cabinet Melot & Buchet a-t-il appelé? Cordialement, Marc Crochet 

 

Léonardo Kahn Marc Crochet, esou heescht de Generaldirekter vun der Caritas. De Mail kënnt awer net vu senger professioneller Adress, mee vum marc.crochet55@gmail.com. D'Finanzdirektesch äntwert bannent 13 Minutten. De gréisste Finanzbedruch, deen de Lëtzebuerger Sozialsecteur jee getraff huet, hëlt säi Laf. 

 

Finanzdirektesch Bonjour Marc, OK, bien reçu. Il est en ligne avec moi. J'attends tes instructions. 

 

Léonardo Kahn Zwee Deeg no deem éischte Mail mécht d'Caritas ee Virement op ee Konto a Spuenien. An et bleift net dobäi. Bannent fënnef Méint verschwannen 61 Milliounen Euro. Vun deem, wat d'Caritas emol war, ass nom Finanzbedruch quasi näischt méi iwwreg. 

 

Sophie Morang HUT, dat ass den Numm vun där neier ASBL, déi déi national Aktivitéite vun der Caritas soll iwwerhuelen.

 

Djuna Bernard Engem komplett neien, engem komplett onbekannten a komplett wäertfräien Acteur.

 

Marc Baum Et huet den Aus bedeit fir wichteg international Projeten.

 

Xavier Bettel Et ass esou eng Sauerei am Fong, deenen äermste Leit Suen ewechzehuelen. Also op gutt Lëtzebuergesch, ech soen et net gär, mee et katzt een un.

 

Sophie Morang Presidententrick ass d'Wuert vum Joer 2024.

 

Carole Reckinger D'Caritas huet ëmmer probéiert d'Stëmm vun deenen ze sinn, déi keng Stëmm hunn. An ech gesinn net, wien dat ersetzt oder wien dat kéint ersetzen.

 

Léonardo Kahn Wéi kann et sinn, datt dëse risege Bedruch gelongen ass? A war den Ënnergank vun der Caritas domadder inevitabel? Mäin Numm ass Léonardo Kahn an dat hei ass Zeenewiessel, den 100,7-Doku-Podcast.

Carambolage heescht eis zweet Serie am Zeenewiessel. Dës Chronologie vun enger Affär an där zimmlech alles schif leeft, wat nëmme ka schif lafen, verziele mir an aacht Episoden. 

 

Daucht mat an dës Recherche an, fir Iech e Bild ze maache vun deem, wat geschitt ass. A vläicht och ganz anescht hätt kënnen ausgoen.

Episod 1: D’Finanzdirektesch.

Léonardo Kahn Jean-Claude Franck, Pia Oppel, dir hutt dës Recherche gemaach. Et war de radio 100,7, deen d’Informatioun iwwer de Bedruch bei der Caritas zejoert ëffentlech gemaach huet. Wat kënnt dir verroden doriwwer, wéi dir un déi Informatioun komm sidd?

Jean-Claude Franck Fir eis huet alles den 18. Juli ugefaangen, do hunn ech fir d'éischt vun der Fraude héieren ... ech krut een Tip, et wier eng grouss Zomm Sue verschwonne bei enger ONG. Ech krut gesot, datt et do wierklech ëm eng gréisser Affär géif goen - also hunn ech alles anescht stoen a leie gelooss a mech dru gesat fir erauszefannen, wat geschitt ass. 

 

Den Dag drop, also den 19. Juli, hat ech genuch Elementer, fir datt mir déi ganz Affär ëffentlech konnte maachen.

[Panorama-Jingle]

 

Sophie Schroeder D'Caritas ass 100,7-Informatiounen no Affer gi vun engem risege Bedruch, deen d'Fondatioun an existenziell Schwieregkeete bréngt.

 

Jean-Claude Franck D’Pia huet deen Ament ugefaange mech mat Froen ze bombardéieren.

 

Pia Oppel Well ech war deen Ament grad um Wee op d'belsch Plage ... a mir ass et gaangen, wéi warscheinlech soss jidderengem, ech konnt net wierklech gleewen, wat do soll geschitt sinn. 

 

Jean-Claude Franck Déi éischt Deeg vun der Recherche hunn ech d’Pia also um Lafende gehalen, wat ech erausfonnt hunn.

[Audio-Notifikatioun vum Handy]

 

Jean-Claude Franck Elo hunn ech Informatiounen, datt d’Finanzdirektesch sech bei der Caritas de Freideg gemellt huet, nodeems mir d'Affär public gemaach hunn.

 

Si huet du gesot, si géif d'Welt net méi verstoen, wat dat do soll. Si hätt jo awer déi Uweisunge kritt, fir dat doen ze maachen.

[Audio-Notifikatioun vum Handy]

 

Jean-Claude Franck Dann ass ee Zenario, dee méiglech ass an deem Ganzen Hin an Hier, dee mir do hunn. Do gëtt et e Bedruchsscheema, deen heescht Arnaque au President oder Arnaque au CEO.

 

[Audio-Notifikatioun vum Handy]

 

Jean-Claude Franck Also ech hunn da mat engem geschwat, deen an der Finanzkriminalitéit sech auskennt ... datt eng Finanzdirektesch sech esou kéint eraleeë loossen. Hien hält dat fir net probabel.

 

[Audio-Notifikatioun vum Handy]

 

Jean-Claude Franck Ech muss soen, et ass wierklech net einfach sech e kloert Bild ze maachen no puer Deeg Enquête, wat hei geschitt. 

 

Léonardo Kahn Mir sinn elo 9 Méint méi spéit: ass de Mystère dann entretemps gekläert, wien hanner der Fraude stécht? 

 

Jean-Claude Franck Neen, d'Justiz huet hir Enquêten nach net ofgeschloss. Et kann elo nach Joren daueren, bis et zu engem oder méi Prozesser kënnt. 

 

Pia Oppel Mee et gesäit awer esou aus, wéi wann d’Enquêtë gutt géife virukommen. Am Januar ass et zu éischte Festname komm.

[Panorama-Jingle]

 

Pierre Reyland Gudden Owend, et gëtt eng nei Entwécklung an der Caritas-Affär. Aacht Leit goufe festgeholl bei Police-Aktiounen a Bulgarien, Frankräich a Groussbritannien.

 

Pia Oppel Et deit villes drop hin, datt eng kriminell Organisatioun hanner dem Bedruch bei der Caritas stécht. Rieds geet vun engem bulgaresche Reseau, deen heira kéint verwéckelt sinn. 

 

Jean-Claude Franck D'Suen, déi geklaut goufen, si vu Spuenien op honnerte Konten an anere Länner weider iwwerwise ginn. An dat ass wat esou eng Enquête och esou opwänneg mécht, well d'Justiz deenen Transaktiounen alleguer muss nogoen. 

 

Léonardo Kahn An d'Finanzdirektesch, déi ass op dee kriminelle Reseau eragefall, si ass hei d’Affer gi vun engem Presidententrick? 

 

Pia Oppel Dat ass, wat si der Justiz sot, jo. Also si hätt déi Uweisunge vun enger Persoun kritt, déi sech als hire Chef ausginn huet an dowéinst hätt si d’Suen iwwerwisen. Firwat si dat net a Fro gestallt huet, wësse mir net. Mir hu vill mat hirem Affekot iwwer dës Affär geschwat, mee dee wollt sech zu dësem Punkt net äusseren. 

 

Jean-Claude Franck Juristesch ass hir Situatioun déi hei: si ass direkt am Juli, wéi de Bedruch opgeflunn ass, inculpéiert ginn. Eebe well si eng Roll gespillt huet beim Transfert vun deenen 61 Milliounen Euro a Spuenien, steet si hei och ënner Verdacht. Mee bis elo schéngt d’Justiz keng Beweiser fonnt ze hunn, datt si Komplizin wier oder iergendwéi selwer vun dem Bedruch profitéiert hätt. 

 

Pia Oppel A souwisou: Et gëllt hei d’Présomption d’innoncence, dat ass wichteg ze soen. A well d’Finanzdirektesch en plus virun dëser Affär keng Persoun vum ëffentleche Liewe war, hu mir entscheet hiren Numm hei net ze nennen. 

 

Léonardo Kahn De Bedruch fänkt am Februar un: Wéi hutt dir Iech ugeluecht fir erauszefannen, wat vun deem Ament u geschitt? 

 

Jean-Claude Franck Mir hu mat ville Leit geschwat, déi den interne Fonctionement vun der Caritas gutt kennen. Mat Leit, déi d'Enquête suivéieren. A mir hunn eng ganz Rei intern Dokumenter gesinn, dorënner och Mailen tëschent der Finanzdirektesch an dem Marc Crochet 55 - oder kuerz MC55 ... esou nenne mir - fir et einfach ze halen - déi Persoun oder déi Persounen, déi sech an deene Mailen als de Generaldirekter vun der Caritas ausginn hunn. 

 

Léonardo Kahn An déi dofir d'Mailadress marc.crochet55@gmail.com benotzt hunn. Da komm mir gräifen de Fuedem vum Ufank nees op. Wéi ass et dann de 7. Februar 2024 no deem alleréischte Mailaustausch genee weidergaangen? 

 

Jean-Claude Franck Majo, ugefaangen huet et jo mat der éischter Mail um 16h48. 

 

MC55 Bonjour, Je m'occupe actuellement d'une transaction financière importante ...

 

Jean-Claude Franck D'Finanzdirektesch äntwert si wier mam Affekot um Telefon, eng Persoun, mat där weeder si nach d’Caritas virdru schonn eppes ze dinn haten. 

 

Finanzdirektesch Bonjour Marc, OK bien reçu. Il est en ligne avec moi. J'attends tes instructions.

 

Pia Oppel An da geschitt dat hei: No sechs Minutten äntwert den MC55 der Finanzdirektesch op hire Message, also et ass ee Reply, keen neie Mail, deen do kënnt. Hie geet awer net op der Finanzdirektesch hir Confirmatioun an hir Demande no Instruktiounen an. 

 

Jean-Claude Franck Mee d'Finanzdirektesch kritt amplaz nach emol dee selwechten Optrag, awer déi Kéier mat liicht aneren Informatiounen an Instruktiounen. 

 

MC55 Je traite actuellement une opération financière confidentielle concernant le rachat d'un établissement. J'ai mandaté Maître Buchet Maxime pour traiter ce dossier, merci de prendre contact avec lui par mail afin d'effectuer les paiements nécessaires.

 

Pia Oppel Also dës Kéier geet et net méi just ëm eng Finanztransaktioun, mee ëm de Kaf vun engem "Etablissement". Et bleift onkloer, wat domadder genee gemengt ass. 

 

Jean-Claude Franck Dës nei Instruktioune kritt d'Finanzdirektesch also, obwuel si scho confirméiert hat, datt si mam Maître Buchet a Kontakt wier. 

 

Léonardo Kahn D’Finanzdirektesch kritt den Optrag also zweemol, mat liicht anere Wierder. Eemol soll si mam Affekot per Mail a Kontakt trieden, dann awer per Telefon. Wéi reagéiert si dorobber? 

 

Jean-Claude Franck Si äntwert net op deen zweete Mail mat deenen neien Instruktiounen. Mee si schéckt dem MC55 deen Owend vum 7. Februar nach ee Message. Un dee sinn eng ganz Rei Dokumenter ugespéngelt: Auszich aus der Caritas hire verschiddene Bankkonten. 

 

Pia Oppel Zu deenen, dat muss ee soen, de Generaldirekter eigentlech selwer och Accès huet.

 

Léonardo Kahn Trotzdeem schéckt d’Finanzdirektesch dem MC55 déi Informatiounen da per Mail: wéi vill Sue sinn dann op deene Konten? 

 

Jean-Claude Franck Konten, dat sinn der bal 40, déi der Fondatioun Caritas, der ASBL Caritas Accueil et Solidarité, der Fondation Cecile Ginter, an der Spëndchen ASBL gehéieren. Dat sinn all d'Entitéiten, fir déi d'Finanzdirektesch d'Comptabilitéit assuréiert. An op deene Konte sinn am Ganze ronn 30 Milliounen Euro.

 

Léonardo Kahn Wat fir eng karitativ Organisatioun eng grouss Zomm Suen ass. 

 

Jean-Claude Franck Et si sécher net wéineg Suen. Mee et muss een d’Gréisstenuerdnung hei awer bedenken. Fir d'Fondatioun a fir d'CAS, also Caritas Accueil et Solidarité, hunn am Ganzen iwwer 500 Leit geschafft. Eleng fir d'Salairë ginn do all Mount ronn dräi Milliounen Euro iwwerwisen. Do sinn also vill Suen am Ëmlaf.

 

Pia Oppel An et ass och net, wéi wann déi all der Caritas géife gehéieren. Mir krute gesot, d’Hallschent ongeféier wieren effektiv eege Reserve gewiescht. 

 

Léonardo Kahn Den éischte frauduléise Virement mécht d’Caritas zwee Deeg méi spéit, also den 9. Februar. Wéi eng Instruktioune kritt d’Finanzdirektesch da fir deen Transfert ze maachen? 

 

Jean-Claude Franck Den MC55 schéckt hir eng spuenesch Kontosnummer. 

 

MC55 Bonjour, Voici les coordonnées bancaires afin que tu puisses effectuer le paiement de 285 700 € 

 

Pia Oppel D'Iwwerweisung gëtt den Dag selwer nach gemaach. Als Beneficiaire vum Virement gëtt Caritas Internationalis genannt, also den Daachverband vum weltwäite Caritas-Reseau. 

 

Léonardo Kahn Mee mir wësse jo elo, dee Konto huet guer net Caritas Internationalis gehéiert? 

 

Jean-Claude Franck Neen, den Destinataire, deen hei genannt gouf, ass net dee reellen Titulaire vum Konto. Dat ass bei deem ganze Virgang hei jo och kee Geheimnis. Fir d’Finanzdirektesch kann et op alle Fall keent gewiescht sinn. 

 

Pia Oppel Am Ganze mécht d'Finanzdirektesch vun engem Caritas-Konto bei der BGL da bis den 12. Mäerz nach 18 esou Viremente fir am Ganze ronn néng Milliounen Euro, déi anscheinend u Caritas Internationalis ginn. Mee a Wierklechkeet lande se op véier verschidde spuenesche Konten. D'Sue gi vun do aus weider transferéiert a landen an den Hänn vun engem kriminelle Reseau.

 

Jean-Claude Franck A parallel dozou mécht d'Finanzdirektesch nach aner Virementen op Instruktioun vum MC55, also der Persoun oder de Persounen, déi sech als hire Chef ausginn. 

 

MC55 Il est nécessaire que Me Buchet obtienne quelques noms de fournisseurs qui pourront être utilisés pour effectuer les paiements 

 

Jean-Claude Franck Gemengt ass: Mir brauchen Nimm vu Partner, mat deenen d'Caritas gewéinlech zesummeschafft, fir Rechnungen ze fälschen. 

 

Léonardo Kahn A wéi reagéiert d'Finanzdirektesch op déi Ufro? 

 

Pia Oppel Si hëlt eng richteg Rechnung, déi d'Caritas effektiv vun enger Partnerorganisatioun an der Tierkei krut, der ASAM. D'ASAM hëlleft an der Tierkei Affer vun den Äerdbiewen ee Joer virdrun. An op dat Dokument vun esou enger richteger Rechnung vun der ASAM schreift d'Finanzdirektesch mat engem Bic Instruktiounen, wat alles muss geännert ginn. Da scanned si dat Dokument. Also déi original Rechnung mat hiren handschrëftlechen Ännerungsvirschléi. 

 

Jean-Claude Franck An da kënnt dëse Message vum MC55. 

 

MC55 Tu trouveras ci-joint la facture relative aux prochains paiements. 

 

Pia Oppel Mee eppes schéngt mat der Rechnung net ze stëmmen, well d'Finanzdirektesch äntwert:

 

Finanzdirektesch C'est pas le bon Marc. 

 

MC55 Pourtant, c'est ce que j'ai reçu de la part de Maître Buchet. 

 

Jean-Claude Franck Zéng Minutte méi spéit schéngt d'Finanzdirektesch mam Affekot geschwat ze hunn. 

 

Finanzdirektesch Il le refait. 

 

Jean-Claude Franck Eng hallef Stonn duerno schéckt den MC55 eng nei Rechnung. 

 

MC55 Ci-joint le document. 

 

Léonardo Kahn E schéinen Hin an Hier! Ech versiche mol ze resuméieren, wat ech zeréckbehalen hunn: D’Finanzdirektesch hëlleft hei also fir eng Rechnung ze fälschen. Et schéngt, wéi wann den Affekot d'Fälschung da géif maachen. An datt dee se dann dem MC55 gëtt, fir se der Finanzdirektesch ze schécken. Hunn ech dat elo richteg verstanen? 

 

Pia Oppel Jo, et ass och mäi Versteesdemech vun deem, wat do geschitt. Ech froe mech just: Firwat schéckt de Maître Buchet déi Rechnung dann elo net einfach selwer direkt un d'Finanzdirektesch? Wann hie sech ëm d'Dokumenter këmmert a si him Bescheed seet, datt eppes mat der Rechnung net stëmmt: Firwat dat komplizéiert Konstrukt, datt alles just iwwer Mail mam MC55 leeft a parallel iwwer Telefon mam Maître Buchet? 

 

Léonardo Kahn Hutt dir eng Äntwert op déi Fro fonnt? 

 

Jean-Claude Franck Mir hu méiglecherweis ee praktesche Grond fonnt, firwat keng Maile vum Maître Buchet opdauchen.

 

Léonardo Kahn An zwar? 

 

Jean-Claude Franck Ma déi Mailadress vum Affekot, déi den MC55 a senger alleréischter Mail uginn hat, déi huet méiglecherweis guer net funktionéiert. 

 

Léonardo Kahn Hutt dir dat ausprobéiert oder firwat mengt dir dat?

 

Jean-Claude Franck Och ausprobéiert, jo, an et ass net gaangen. A well d'Finanzdirektesch, souwäit mir dat konnten iwwerpréiwen, eng Kéier effektiv ee Mail un déi Adress schéckt. An och si krut eng Feelermeldung, datt de Mail net kann duerchgestallt ginn. 

 

Léonardo Kahn Firwat gëtt déi Mailadress dann iwwerhaapt an d'Spill bruecht? 

 

Jean-Claude Franck Doriwwer hu mir eis och de Kapp zerbrach ... Datt d’Adress erwäänt gëtt, war vläicht fir d'Existenz vun deem Affekot méi kredibel ze maachen. Well et gëtt effektiv ee Paräisser Geschäftsaffekot, dee Maxime Buchet heescht, an deem seng Email-Adress bis op ee Buschtaf d'selwecht ass. 

 

Pia Oppel An dat ganzt Konstrukt ass fir e Presidententrick typesch. Meeschtens ginn et Mailen a parallel och mëndlech Echangen, zum Beispill per Telefon. An et sinn haaptsächlech déi Gespréicher, déi sollen hëllefen d'Affer an eng Geschicht anzewéckelen, déi dat Ganzt, wat een do gefrot gëtt ze maachen - also am Reegelfall Suen op iergendeen onbekannte Konto iwwerweisen - credibel mécht.

 

Léonardo Kahn Dat heescht, um Telefon gouf et esou ee Maître Buchet effektiv? 

 

Pia Oppel Eng Persoun, déi sech als Maxime Buchet ausginn huet, jo. An et ass wichteg hei ze soen, datt mir net wëssen, wat déi Persoun der Finanzdirektesch verzielt huet. Mir wëssen also och net, ob déi mëndlech Echangen hiert Verhale besser erkläre kënne wéi d'Mailen, déi jo net wéineg Froen opwerfen. 

 

Jean-Claude Franck Dat ass de blanne Fleck an eiser Recherche. An dat muss ee wierklech bei all Punkt, dee mir hei thematiséieren bedenken: Et feelt hei ee wichtegt Puzzelstéck. Bei Presidententricke maachen d'Leit wierklech deels déi aller komeschste Saachen, well si an eng Geschicht agewéckelt ginn, déi hinnen deen Ament credibel schéngt. 

 

Pia Oppel Fir datt dat geléngt, sammele Fraudeuren am Virfeld meeschtens Informatiounen iwwer hiert Affer. Iwwer déi verschiddenst Weeër. A mir wëssen, datt d’Finanzdirektesch, éier dee Bedruch ugefaangen huet, online a Kontakt war mat enger Warsagerin. Eng Hypothees ass also, datt ee kriminelle Reseau doduerch kéint vill Informatioune kritt hunn, déi da vläicht gehollef hu fir d’Finanzdirektesch hei ëm de Fanger ze wéckelen.

 

Jean-Claude Franck Wat een awer och muss soen ass, datt wann et esou ass, datt d'Finanzdirektesch hei op e Bedruch erafält, dann huet si wéi et schéngt wéineg Efforte gemaach fir dat a Fro ze stellen, wat hir gezielt gouf. 

 

Léonardo Kahn Et ass genee dat, wat ech net logesch fannen, well spéitstens wéi hire Mail un de Maxime Buchet net duerchgeet, kéint si jo Zweifel gehat hunn?

 

Jean-Claude Franck Jo, an um Internet fënnt ee ganz einfach eng Telefonsnummer vun deem richtege Maxime Buchet. Een Uruff wier duergaangen, fir hirem Gespréichspartner seng Identitéit ze iwwerpréiwen. 

 

Maxime Buchet Je m'appelle Maxime Buchet, Je suis avocat au barreau de Paris depuis une vingtaine d'années maintenant. Je dirige un cabinet d'une dizaine d'avocats et nous travaillons sur des sujets de droit, des affaires et fiscalité.

 

Pia Oppel Ech hunn de richtege Maxime Buchet am Hierscht zejoert kontaktéiert. Deen Ament hat och déi Lëtzebuerger Police Judiciaire sech scho bei him gemellt. 

 

Maxime Buchet Il me semble que c'était au tour du 20 août. (...) j'ai été mis en contact avec l'officier de police judiciaire en charge du dossier (...) au Luxembourg (...) qui m'a interrogé dans le cadre de cette affaire. Vu qu'il est apparu que mon nom avait été utilisé, mais le mail qui avait été utilisé ne correspondait pas à mon mail d'une part, et le numéro de téléphone qui a été utilisé ne correspondait pas à mon numéro de téléphone. 

 

Imaginez-vous pour un appel au mois d'août, on vous dit voilà, votre nom apparaît dans une procédure. On parle de plusieurs millions d'euros, plusieurs dizaines de millions d'euros, alors que bien évidemment, vous avez rien à voir avec cette affaire. Vous êtes extrêmement choqué. Et puis surtout, comme vous êtes très attentif à ce que votre réputation professionnelle ne soit pas entachée de cet élément, donc j'ai cru bon de porter plainte. 

 

Léonardo Kahn De richtege Maxime Buchet seet also hien hätt eng Plainte deposéiert, well seng Identitéit hei mëssbraucht ginn ass. Wéi eng Roll spillt dee falsche Maxime Buchet dann an der Fraude? 

 

Jean-Claude Franck Wéi et ausgesäit, huet dee falsche Maxime Buchet ëmmer mëndlech mat der Finanzdirektesch Kontakt. An de Mailen erwänen den MC55 an d’Finanzdirektesch den Affekot reegelméisseg. An dobäi gëtt et esou duergestallt, wéi wann déi Persoun, déi virgëtt de Maxime Buchet ze sinn, ee gudden Drot zur Finanzdirektesch huet. 

 

MC55 Tu as reçu énormément d'éloges de la part de Me Buchet, qui semble être ravi de travailler avec toi. 

 

Jean-Claude Franck Dat schreift den MC55 den 19. Februar. An d'Finanzdirektesch äntwert. 

 

Finanzdirektesch Bonjour Marc, Oui il apprécie mon travail et valorise l'importance de bon service support, ce qui me change un peu de l'ordinaire -)-) 

 

Pia Oppel Op där Plaz stinn 2 Smileyen am Text. Déi Uspillung, datt si soss op der Aarbecht net esou vill gelueft gëtt, spillt an dëser Geschicht nach eng Roll. 

Léonardo Kahn Also mir wëssen elo, datt an dësem Bedruch ee falsche Marc Crochet optrëtt - dat just schrëftlech per Mail. Da gëtt et nach ee falschen Affekot Maxime Buchet - deen daucht just mëndlech op. Wie sech hanner dëse falschen Identitéite verstoppt, wësse mir net. Mee si ginn hei d’Instruktiounen. An dann ass awer och kloer: ouni d’Finanzdirektesch kéint de Bedruch net geléngen. Wat wësse mir iwwer si? 

 

Pia Oppel Ma Leo, mir waren eis laang net sécher, wéi vill mir dozou hei sollte soen. Affer vu Presidententricke kënnen herno extreem destabiliséiert sinn. Dorobber muss ee Rücksicht huelen. An déi Hypothees, datt si op de Bedruch eragefall ass, eescht huelen. 

 

Jean-Claude Franck Et muss een dann awer och bedenken, datt d’Finanzdirektesch ee Responsabilitéitsposte bei der Caritas hat - hir Aufgab war et net fir einfach dat ze exekutéieren, wat anerer hir soen, mee fir der Organisatioun hir Interessen ze vertrieden. Och wann engem säi Patron gär hätt, et soll een eppes Illegales maachen, ass dat eeben nach laang keng Justifikatioun. 

 

Pia Oppel D’Chronologie vun dësem Bedruch kann een ouni d’Finanzdirektesch net verzielen. An d’Virgäng, iwwer déi mir hei schwätzen, ginn iergendwann och am Detail viru Geriicht ënner d’Lupp geholl. 

 

Jean-Claude Franck Dowéinst hu mir entscheet, de Personnage vun der Finanzdirektesch hei ze beliichten. An och aus professionelle Mailechangen ze zitéieren. 

 

Léonardo Kahn Ech verstinn. Wat kënnt dir dann iwwer d’Finanzdirektesch soen? 

 

Jean-Claude Franck Si ass 51 Joer, bestuet an huet zwee Kanner. Si ass Belsch an huet op der Uni Léck een Ofschloss als Ingenieur Commercial gemaach - wéi si op Linkedin schreift mat engem Schwéierpunkt Finanzen. 

 

Pia Oppel Virun der Caritas huet si als éischt 15 Joer bei Dupont de Nemours geschafft. Een US-amerikanesche Chimies-Konzern, deen zu Lëtzebuerg ee Siège huet. An da war si 2 an en halleft Joer beim Institut fir Wëssenschaft an Technik, LIST. An da koum 2019 de Wiessel bei d'Caritas. 

 

Fir ee bessert Bild vun der Finanzdirektesch ze kréien, hunn ech mat enger fréierer Aarbechtskolleegin geschwat, déi net méi bei der Caritas war, wéi de Bedruch geschitt ass, an déi, wéi vill Leit mir soten, ee gudden Drot zur Finanzdirektesch hat.

 

Martine Leseigne Je m'appelle Martine Leseigne et j'ai été pendant quatre ans, qui était les dernières quatre années de ma carrière, la directrice des ressources humaines chez Caritas pour la Fondation et pour Caritas Accueil et solidarité. 

 

Pia Oppel D'Martine Leseigne huet mir als Treffpunkt de Bar vum Hôtel Le Royal proposéiert. 

 

Martine Leseigne Le tea-time au Royal. Oui pour moi c'est un peu mon Stammcafé. Je vais prendre un Cappuccino, monsieur, svp. 

 

Et ass fréien Nomëtteg, et si soss kaum Gäscht do. Mir sëtzen an engem grousse Sall, ënner mauve Glitzerluuchten, déi wéi Äiszapfe vum Plafong hänken.

 

Pia Oppel D'Martine Leseigne huet laang an enger Bank geschafft, éier si 2019 als nei Responsabel fir d’Ressources Humaines bei d’Caritas koum. 

 

Martine Leseigne On rentre dans un monde où on est plus du côté boy scout, où tout le monde fait de son mieux. Parce qu'on voit que l'intérêt des personnes qui sont dans le besoin, que ça soit du côté migrant, du côté SDF ou quoi que ce soit et que du coup, le côté de fonctionnement c'est quelque chose, on y va un peu à l'abordage quoi.

 

Pia Oppel D’Finanzdirektesch, fänkt quasi dee selwechten Dag bei der Caritas u wéi d’Martine Leseigne. 

 

Martine Leseigne Nous venions toutes les deux de sociétés privées, donc on avait une façon de travailler, de penser et qui était relativement identique. 

 

Pia Oppel Et wiere vun Ufank un Tensiounen tëschent der Finanzdirektesch an hiren Aarbechtskolleege ginn. 

 

Martine Leseigne Le lien humain n'est pas très bien passé avec les collaborateurs. 

 

Je crois qu'il y avait une incompréhension. Ou peut être un refus de certains vieux barons de vouloir accueillir les changements qu'elle voulait faire ou les choses qu'elle voulait mettre en place.

 

Quand on demandait de verser, elle voulait les pièces justificatives, etc. En fait, je veux dire dans un esprit très rigoureux, à la limite.

 

Léonardo Kahn Also d'Martine Leseigne huet d'Finanzdirektesch als eng Persoun kennegeléiert, déi keen esou gudden Drot zu hiren Aarbechtskolleegen huet, mee déi de Budget ëmmer am Bléck hat.

 

Pia Oppel Jo, an dat ass eng Beschreiwung, déi mir vu villen anere Sourcë confirméiert kruten. Also datt et dacks Tensioune mat der Finanzdirektesch gouf, ënner anerem wéinst hirer Manéier mat Aarbechtskolleegen ëmzegoen.

 

Jean-Claude Franck An och, datt si ëmmer all Ausgab hannerfrot huet. Fir all Bic, all Zëmmerplanz, déi fir an ee Reuniounssall sollt kaaft ginn, gouf et Diskussiounen, esou Beispiller krute mir genannt. 

 

Pia Oppel Wat net heescht, datt jiddereen den Androck hat, datt d’Finanzdirektesch hire Service an de Budget vun der Caritas gutt am Grëff hat. Éischter am Géigendeel, d’Finanze waren an der Caritas déi lescht Joren ee grousse Sträitpunkt. Notamment well prezis Zuele gefeelt hu fir eng Budgetsplanung ze maachen. 

 

Jean-Claude Franck Et gëtt och een internen Audit, deen dat dote Bild esou confirméiert. Also datt de Finanzservice net gutt funktionéiert huet, an datt et Tensioune gouf. D’Ursaachen, déi dofir identifizéiert ginn, sinn awer ganz divers a ginn net eleng op d’Finanzdirektesch zeréckgeféiert. 

 

Pia Oppel Et war also ee gewësse Stress, deen am Service geherrscht huet. An dat war am Fréijoer 2024 net anescht. D'Martine Leseigne war do schonn an der Pensioun, mee si huet de Kontakt mat der Finanzdirektesch gehalen. 

 

Pia Oppel Vous l'avez donc rencontré ici à l'Hôtel Royal, où on se trouve maintenant, en mars 2024.

 

Martine Leseigne Oui, ça a été notre dernier déjeuner.

 

Je lui ai demandé comment ça allait et quand on a parlé du directeur général, elle m'a dit toujours égal à lui même, elle dit c'est un courant d'air, on ne le voit pas. Il a toujours mille et une choses à faire. C'est toujours aussi compliqué la communication.

 

Pia Oppel Also d'Martine Leseigne trëfft d’Finanzdirektesch am Mäerz 2024, wéi de Bedruch schonn ee Mount am Gaangen ass. A si seet der Martine Leseigne, datt d’Kommunikatioun mam Generaldirekter, also dem Marc Crochet, net gutt ass.

 

Jean-Claude Franck Et gouf effektiv Tensiounen tëschent der Finanzdirekter an hirem Chef, dorobber komme mir méi spéit zeréck, wa mir eis ukucken, wéi den Direktiounscomité genee matenee geschafft huet - a firwat de Bedruch do kengem opgefall ass. 

 

Léonardo Kahn Ass d'Bild da fir iech elo méi kloer: also ob d’Finanzdirektesch kéint op e Presidententrick eragefall sinn oder net? 

 

Pia Oppel Neen, dat bleift schwiereg. Dat ass eppes, wat eigentlech jiddereen eis sot, och d’Martine Leseigne: kee versteet, wéi d’Finanzdirektesch sech hei verhalen huet. Also jidderee fënnt, datt et immens vill Widderspréch ginn. An dat ass och eisen Androck. 

 

Jean-Claude Franck Jo, egal wéi eng Hypothees een elo hëlt: ob si voll a ganz wärend fënnef Méint op e Presidententrick eragefall ass oder ob si Complice ass. Mir mussen also weider no Erklärunge sichen. 

  

Léonardo Kahn Looss eis op dat zeréckkommen, wat mir wëssen: 125 frauduléis Viremente ginn a Spuenien. Dovunner sinn der 19 a Spuenie gaang, mam Pretext se wiere fir Caritas Internationalis. Sinn déi aner dann alleguer mat gefälschte Rechnungen och a Spuenie gaangen, mam Pretext se wiere fir d’ASAM? 

 

Jean-Claude Franck Jo. Déi éischt Rechnung, déi esou ausgesäit, wéi wa se un d’ASAM, déi Partnerorganisatioun an der Tierkei géif iwwerwisse ginn, gëtt de 14. Februar bezuelt: Bal 300.000 Euro. 

 

Pia Oppel De 15. Februar kënnt den nächste Virement. Vun deem Dag u sinn et ëmmer knapps ënner 500.000 Euro pro Iwwerweisung. An de Rythmus geet séier an d'Luucht: am Mäerz sinn et eemol souguer zwielef Iwwerweisunge bannent dräi Deeg.

 

Martine Leseigne Mee dann op eemol, nom 9. Abrëll, geschitt näischt méi. An dat ee ganze Mount laang. 

 

Léonardo Kahn Et gi keng Iwwerweisunge méi gemaach? Firwat? 

 

Jean-Claude Franck Et schéngt, datt keng Sue méi do sinn. Ëmmerhi goufen tëschent dem 9. Februar an dem 9. Abrëll, also bannent exakt 2 Méint, ronn 31 Milliounen Euro a Spuenien iwwerwisen. 

 

Pia Oppel De Bedruch schéngt hei op säin Enn ze goen. 

 

MC55 Bonjour, tu trouveras les factures pour les derniers paiements en pièce jointe. Merci pour ton professionnalisme. Cordialement, Marc Crochet 

 

Jean-Claude Franck Dat schreift den MC55 den 8. Abrëll: D'Rechnunge fir déi lescht Paiementer. 

 

Léonardo Kahn Jo, mee d’Fraude war am Abrëll jo awer nach laang net eriwwer, am Géigendeel, se ass nach dräi Méint weidergaangen: Wéi sinn déi Aussoen do ze erklären?

 

Pia Oppel Mir wëssen dat net genee. Mee wat mir gesinn, ass dat hei: Am soi-disant geheime Projet sollt et jo ëm de Kaf vun engem “Etablissement” goen. An et kléngt dono, wéi wann domadder eng Entreprise gemengt wier, well déi ganz Operatioun soll mat engem Benefiss verbonne sinn. An et geet ëmmer nees rieds iwwer eng ëffentlech Annonce dozou. 

 

Jean-Claude Franck Déi Annonce sollt jo eigentlech schonn den 21. Februar sinn. Dat stoung esou an deem alleréischte Mail vum MC55. Mee d'Annonce gëtt dann ëmmer nees verréckelt, allkéiers mat ganz schwammegen Erklärungen. Zum Beispill Enn Mäerz. 

  

MC55 Bonjour, Maître Buchet est désorienté quant à la manière de gérer l'annonce pour demain. Il se trouve dans une situation lamentable, extrêmement stressé ... Est-ce que ça te dérange si nous faisons l'annonce jeudi? 

 

Jean-Claude Franck D’Finanzdirektesch weist dofir Versteesdemech. 

 

Finanzdirektesch Bonjour Marc, Oui j'ai cru comprendre .... Ecoute, nous ne sommes plus à un jour près et si ca peut permettre à tout le monde d'être plus relax et de terminer sur une bonne ambiance, je suis ok pour jeudi. Au vue de tout le travail qui a été fourni, ce serait dommage de se stresser pour la fin du dossier. 

 

Jean-Claude Franck Wann néideg kéint si aner Rendez-vousen op der Aarbecht och réckelen.

 

Finanzdirektesch Je peux reporter tout ou partie mais j'aimerai quand même savoir comment va se passer cette annonce, car je suis toujours dans l'attente de quelque chose qu'on appelle "désirée" -)-)-) 

 

Jean-Claude Franck Deen neie Rendez-vous fir d’Annonce fällt nees an d’Waasser. An obwuel den MC55 den 8. Abrëll vun de leschte Paiementer schwätzt, ass de Projet och zéng Deeg méi spéit nach net an dréchenen Dicher.

 

MC55 Je viens de m'entretenir avec Maître Buchet, il sera là vers 16:30. J'ai l'impression qu'il commence à s'attacher à toi, il est stressé du retard que ça a pris plus pour toi que pour le dossier. 

 

Pia Oppel D'Situatioun ass Mëtt Abrëll also déi hei: 31 Milliounen Euro goufe geklaut, dat ass awer nach ëmmer kengem opgefall. Fir datt dat esou bleift muss d'Finanzdirektesch dofir suergen, datt déi lafend Käschten iergendwéi kënne gedeckt ginn. Also Salairen an esou weider. 

 

MC55 Il est impératif que tu puisses gérer le temps qu'il faudra afin de ne pas mettre en péril tout le dossier. Si besoin de faire encore une demande de ligne de crédit à la banque, n'hésite pas. 

Léonardo Kahn Am Abrëll sinn also eréischt d’Hallschent vun de Sue fort. Fir datt de Bedruch weider ka lafen, geet d’Finanzdirektesch Sue bei d’Banke léinen. Wéi ass dat gelongen? 

 

Pia Oppel Dorëms geet et an der nächster Episod.

 

Léonardo Kahn Merci Pia, Merci Jean-Claude. 

 

Jean-Claude Franck Gären.

 

Pia Oppel Merci dir, Leo. 

 

Léonardo Kahn Dat hei ass Zeenewiessel, den 100,7-Doku-Podcast. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Pia Oppel, Charlotte Bruneau, Tessy Troes a vu mir, Léonardo Kahn. Mat der Ënnerstëtzung vum Jean-Claude Franck, Yves Stephany, Semir Demic, Chris Zeien a Jo Diseviscourt. Merci dem Marie Trussart an dem Charlotte Bruneau fir d’Stëmme vun der Finanzdirektesch a vum MC55. Toungestaltung a -mix: Sam Erpelding an Ingo Dumlich. 

 

Fir keng Episod ze verpassen: abonéiert Zeenewiessel do, wou Dir Podcasten am léifste lauschtert. A wann Dir Froen hutt, oder eis Feedback wëllt ginn: maacht eis ee Mail op doku@100komma7.lu.