Radioen

On air

Tockcity  |  Sam Fender - People Watching (Radio Edit)

play_arrow Live
search

/ Christiane Schaus gëtt nei Presidentin vu Caritas Jeunes et Familles

Nofollgerin vum Marc Hengen

Christiane Schaus gëtt nei Presidentin vu Caritas Jeunes et Familles

Caritas Jeunes et Familles huet eng nei Presidentin: Nom Récktrëtt d‘lescht Woch vum President Marc Hengen huet de Verwaltungsrot d‘Christiane Schaus als nei Presidentin nominéiert. Dat huet Caritas Jeunes et Familles an engem Communiqué matgedeelt.

auto_stories

1 min

Déi nei Presidentin Christiane Schaus ass zënter 28 Joer Member vum Verwaltungsrot. Si war déi lescht 5 Joer Vizepresidentin. Hire Choix wier e klore Message vu Kontinuitéit bei der Aarbecht vu Caritas Jeunes et Familles, fir Kanner a Jonke bei hirer Entwécklung a Familljen ze hëllefen.

Caritas Jeunes et Familles huet haut iwwer 700 Collaborateuren a bal 50 Strukturen a Aktivitéiten.