De Christian Mosar ass der Konscht awer schonn zanter Joren zu Lëtzebuerg verbonnen. Sief dat eben a senger journalistescher Aarbecht, an op där anerer Säit als Kommissär oder Curateur, wéi dat esou schéin heescht, vun Ausstellungen. An hien ass awer och selwer Fotograf.
Joren, un déi ee gären zeréck denkt
Wann een nuets oder an de fréie Moiesstonnen an de Büroe vum radio 100,7 ee konnt begéinen, da war dat de Christian Mosar, deen am gaange war seng Emissiounen opzehuelen. Well esou konnt hien de Rescht vum Dag nach anere Passiounen an Obligatiounen nogoen.
“Mee de Radio, dat ass eppes wat wierklech vill Spaass gemaach huet, dat war eppes wat engem Méiglechkeet ginn huet, ganz vill Saachen no ze liesen, nozesichen, wat vläicht soss am Aarbechtsstress net esou huet.”
D’Pionéierzäit mat erlieft
Vun 1994 u war de Christian Mosar beim 100,7 derbäi, deen 1993 op Antenn gaangen ass. An hien huet och d’Sich no engem definitive Gebai fir de Radio materlieft: vum CLT-Gebai um Kierchbierg, iwwer d’Lonkecherstross an Avenue Monterey bis nees zeréck op de Kierchbierg an der Avenue Kennedy, wou den 100,7 haut säin Doheem huet.
“Jo, dat war eng Pionéierzäit, e gutt Wuert dofir. Ech ka mech u vill witzeg a flott Amenter erënneren. Ech ka mech och un eng aner Technologie erënneren, déi mir benotzt hunn. Bänner dat war jo och e Phänomen fir sech.”
Vun Esch 2022 eriwwer bei d’Escher Konschthal
De Christan Mosar huet vill an der Konscht zu Lëtzebuerg gelieft a geschafft. Fir d’Kulturjoer Esch 2022 krut hien de Posten als Directeur artistique, deen hien awer opginn huet.
Hien ass awer an der Minettsmetropol bliwwen an huet dunn un de Projeten Escher Konschthal an dem Bridderhaus weider geschafft, wou hien eben den Direkter ginn ass. Wat de Christian Mosar als immens Chance gesinn huet, well et genee dat war, wat hie schonn ëmmer wollt maachen.
“An do hu mir wierklech quasi vun Null ugefaangen, besonnesch an der Konschthal. An do war ech um Ufank ganz eleng, net eleng gelooss, well d’Servicer vun der Stad a besonnesch de Service culturel, déi stoungen hannert mir an hu mir ganz vill gehollef. Mee am Gebai war ech heiansdo eleng.”
Eng eenzegaarteg Méiglechkeet
De Christian Mosar huet vun Null ugefaangen, wéi hie sot, a wat ebe speziell ass, net nëmme beim Programm vun der Konschthal huet hie bei Null ugefaangen, mee och beim Gebai. An d’Konschthal zu Esch huet sech etabléiert an de Numm huet sech och sech am Escher Alldag implantéiert.
“Do sinn ech ganz frou driwwer. De Publikum ass mat dat Wichtegst, mir hu Kënschtler an hir Expo, mee de Public, dat ass dat, wat mir brauchen.(...) Mir hunn immens vill Schoulklassen, déi bei eis kommen, dat heescht de Besoin war do."