Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Christian Kmiotek huet sech selwer denoncéiert a war lo um Policekommissariat

Heescheverbuet

Christian Kmiotek huet sech selwer denoncéiert a war lo um Policekommissariat

De grénge Politiker Christian Kmiotek, war haut um Stater Kommissariat, wou e sech wéinst Heescherei selwer denoncéiert huet. Säin Zil ass datt d’Fro, ob dat einfacht Heeschen elo verbueden ass oder net, soll gekläert ginn. D’Police hat hie fir haut offiziell convoquéiert.

auto_stories

2 min

Heeschert | © picture alliance / Caro | Bastian
Heeschert (Foto: picture alliance / Caro | Bastian)

Hie gouf de Moie vun zwee Poliziste verhéiert, a krut Froe gestallt iwwert de Fait, datt hie virun e bësse méi ewéi enger Woch um Knuedler geheescht hätt, wéi hien dat selwer an senger Denonciatioun gesot huet. De grénge Politiker Christian Kmiotek, seet e wier ënner anerem gefrot ginn, wat e gemaach hätt, ob en dat scho méi dacks gemaach hätt a firwat en dat gemaach hätt.

"Ob et Zeie gëtt, ech konnt och nach Saache soen, nämlech, firwat ech et géif maachen. Ech hu gesot aus zwou Ursaachen. Éischtens fir déi Mënschen an och fir d'Mënscherechter an zweetens awer och fir de Rechtsstaat, well ech hunn zum Protokoll ginn, datt et eng Partie Politiker gëtt, déi och Juriste sinn, datt déi jo soen, do géif et keen héchst riichterlecht Urteel ginn."

Ausso lauschterenplay_arrow

Wann de Parquet déi Saach un d'Geriichter weiderginn, kéint sech kläre loossen, ob dat einfacht Heeschen erlaabt ass oder net, hofft de Christian Kmiotek. D’Police wäert elo och zwee weider zeien zu där Affär héieren an dono eventuell dee ganzen Dossier un de Parquet weiderginn.