Fir Energie ze spuere géife vill Leit op spuersam Optiounen ewéi modern LED-Luuchte setzen. Dat sollt een natierlech just net dozou verleeden, ëmmer méi Luuchten opzehänken, betount den Daniel Gliedner. Soss wier de gespuerte Stroum jo am Endeffekt trotzdeem benotzt. Et géif also schonn hëllefen, spuersam mat de Beliichtungen ëmzegoen, souwuel fir d’Natur wéi och fir d’Noperen.
E Problem fir d’Déieren an d’Planzen
D’Déieren a Planze géifen extrem sensibel op déi ongewinnt Liichtverhältnisser reagéieren. Déi verschidde Luuchten hätten natierlech och verschidden Impakter op d’Organismen. All Déier géif do anescht reagéieren, betount den Daniel Gliedner.
“Ech huelen elo mol d’Beispill vun de Fliedermais. Fliedermais, di komplett ofgeschreckt gi vu Konschtluucht an déi dann och net méi zu hirem normale Juegdverhale fannen.”
De Liichtberoder warnt, datt dës kënschtlech Luucht a ganze Gebidder d’Déierewelt aus der Balance brénge kann. Och Insekte géifen ënnert deene Konditioune keen normaalt Juegd- oder Paarungsverhale kënnen un den Dag leeën.
Den Impakt vun der Faarftemperatur
Den Daniel Gliedner erkläert den Ënnerscheed tëscht kaler a waarmer Luucht an hiren Impakt op d’Déierewelt. Beim Kaf vu Chrëschtdagsbeliichtung soll ee sech am beschte waarm Faarwen eraussichen, déi méi kal Téin wiere méi schiedlech fir d’Natur.
“D’Luucht ass jo net nëmme wäiss, mee huet verschidde Spektren. An dee Spekter blo, deen huet e ganz negativen Effekt op eis Déierewelt.”
Bei Konschtluucht gëtt et nämlech eng Faarftemperatur, déi a Kelvin gemooss gëtt. Wat dëse Wäert méi héich ass, wat d’Luucht méi kal a bloelzeg ass. Bei der Chrëschtdagsbeliichtung géif den Daniel Gliedner 3000 Kelvin oder manner recommandéieren.
Dat wier net nëmme gutt fir d’Liichtverschmotzung, mee hätt och eng psychologesch Plus-value: Waarm Faarwe géifen eng waarm an agreabel Atmosphär schafen. A genau dat sollt jo d’Zil vu Chrëschtdag sinn, begrënnt de Liichtberoder.