Estimatiounen no liewen eng 7.500 Mënschen zu Lëtzebuerg mat enger Demenz, déi reell Zuel wier allerdéngs méi héich a géing an den nächste Joren nach weider an d’Luucht goen. Wéi kann een eng demenzkrank Persoun a Familljefester wéi Chrëschtdag mat abannen? Mat där Fro huet sech den Info-Zenter Demenz befaasst.
Virbereedung ass wichteg
Et wier wichteg, sech uerdentlech op den Dag virzebereeden. Eng Persoun mat Demenz reagéiert anescht op Verännerungen, dorop misst ee besonnesch oppassen. Zum Beispill sollt ee beim Rëschte fir Chrëschtdag oppassen. Et sollt een net alles op eng Kéier veränneren, mee et lues a lues maachen, fir datt déi demenzkrank Persoun sech dru gewinne kann.
Och kéint ee fir den Dag selwer eng roueg Plaz virgesinn. Falls et der Persoun ze vill gëtt wier et gutt eng Plaz ze hunn, fir datt déi Persoun sech zeréckzéie kéint. Musek mat Kopfhörer kéint hei och hëllefen, fir e bëssi erofzekommen a sech ze berouegen. Et wier generell wichteg, fir flexibel ze bleiwen an e Plang B ze hunn, falls den Dag dann net esou verleeft wéi erwaart.
D’Christine Dahm-Mathonet betount awer och, datt net just d’Persoun mat Demenz hei wichteg wier. Et wier och vun enormer Bedeitung, datt déi aner Betraffe sech bewosst maachen, datt et anescht ka verlafen, wéi soss ëmmer. Déi bekannte Fro “Wie bass du?” wier ee gutt Beispill. Et misst ee sech bewosst sinn, datt eng Persoun mat Demenz sech net un alles erënnert, dat dierft ee sech op kee Fall zu Häerzen huelen. Mënsche mat Demenz hu gutt a schlecht Deeg, do dierft ee sech net schlecht fille wann den Dag net esou perfekt verleeft wéi geplangt.
Manner ass méi
D’Christine Dahm-Mathonet ënnersträicht, datt een d’demenzkrank Persoun op kee Fall iwwerfuerdere sollt. Manner wier hei méi. Den Dag sollt esou roueg wéi méiglech gestallt ginn an d’Routine vun der Persoun sollt respektéiert ginn. Dat fänkt mat ganz banale Saachen un, ewéi zum Beispill zu der gewinnten Auerzäit iessen an d’Persoun un déi gewinnte Plaz um Dësch ze sëtzen.
Och d’Aktivitéite fir den Owend mat der Famill sollt ee sech geziilt eraussichen: Musek lauschteren, en ale Film kucken, de Gottesdéngscht an der Kierch oder op der Tëlee kucken, oder och Postkaarte fir Famill a Frënn schreiwen. Et gi vill Méiglechkeete fir schéin Erënnerunge bei der betraffener Persoun zeréckzebréngen, och ouni vill Opwand.
Mam Alkohol sollt och spuersam ëmgaange ginn, heescht et vun der Christine Dahm-Mathonet. Engersäits wieren d’Persounen oft op Medikamenter ugewisen, déi sech net gutt mat Alkohol verdroen. Et kéint awer och esou zu Niewewierkunge bei de Persoune kommen, déi een u sech vermeide wëll.
D’Christine Dahm-Mathonet betount och, datt sech Betraffe Leit a Familljen ëmmer bei hinnen am Info-Zenter Demenz kënne melle fir méi Informatiounen a Berodung ze kréien. Bei hinnen am Büro an der Biedergaass an der Stad oder op hirer Internetsäit demenz.lu kéint een zousätzlech Informatioune fannen.
Interview: Jean-Claude Majerus
Text: Kevin Nilles