D'Zuel vun de Residenten, déi Chômage kréien ass ëm 5,5 Prozent op 9.800 Persounen zeréckgaangen. Zënter Januar gëtt et do eng Tendenz no ënnen, dat deelen d'Adem an de Statec mat.
Liicht manner fräi Plazen - Virun allem am Bausecteur
D'Zuel vun den neien Inscriptioune beim Aarbechtsamt ass am Oktober stabel bliwwen. Dat bei ronn 3.200 Persounen. Et sinn awer liicht manner nei fräi Plazen deklaréiert ginn, besonnesch am Bausecteur. Par contre geet de Stock u fräien Aarbechtsplaze bei der Adem rëm an d‘Luucht, wat zënter Februar 2023 net méi de Fall war. An engem Joer ass d'Zuel vun den disponibele Plazen ëm bal 8 Prozent geklomm.