D‘CSL kritiséiert, datt de Gesellschaftsmodell vun den Affekoten net einfach op déi vun den Dokteren iwwerdroe kéint ginn.
Afloss vu baussen net ze verhënneren
D’Gesondheetsministesch hat jo de Gesetzesprojet, zu den Dokteschgesellschaften, vun hirer Virgängerin zeréckgezunn, fir een neien auszeschaffen. An dësem ass elo konkret festgehalen, datt just Dokteren dierfen Associé an enger Societéit sinn a keng Privatinvestisseuren.
Dat géif awer den Afloss vu baussen net verhënneren, seet de Michel Di Felice, Jurist bei der CSL.
"Déi Dokteren, déi musse jo och mat aneren Acteure verhandelen, wann et drëms geet, fir Gebaier ze lounen, wann et drëms geet, fir Equipementer ze lounen."
Dokteschberuff net mam Affekoteberuff ze vergläichen
De Projet de Loi ass inspiréiert un deem nämmlechte Gesetz, wéi dat fir d’Affekotegesellschaften.
Fir d’CSL wier dat awer de falsche Wee. Ofgesinn dovun, datt béid Beruffer liberal wieren, kéint een se net matenee vergläichen.
"Ech mengen, en Dokter, deen agéiert net nëmme fir de Patient, mee deen agéiert u sech am Interêt général."
De Regruppement vun den Doktere bräicht e spezifescht Gesetz fir déi Professioun a kee Copy Paste vun enger anerer.
De But vun enger Societéit wier dee fir Benefice ze maachen. An dat wier net mat de Prinzippie vun der medezinescher Deontologie ze vereinbaren. Dobäi géif d’Wuelbefanne vum Patient net méi am Mëttelpunkt stoen.
D’Chambre des Salariés kritiséiert iwwerdeems och d’Kënnegung vun der Konventioun vun der Dokteschvereenegung AMMD mat der CNS a warnt virun enger Privatiséierung vum Gesondheetssystem.