Den Alex Bodry, fréiere Buergermeeschter vun der Stad a Parteipresident vun der LSAP ass nach aktiv am Staatsrot. De fréiere Parteipresident an elo Éierepresident vun der ADR, Robert Mehlen, ass nach am Gemengerot zu Manternach.
Vun de Walversammlunge fréier zu “Wohlfühleventer” haut: Den Alex Bodry vermësst de fréiere Walkampf. Hautdësdags géif méi Wäert op déi sozial Medie geluecht ginn. Den David Wagner ass awer der Meenung, datt een och duerch déi sozial Medien en direkte Kontakt zu de Wieler kann hierstellen, grad well do Distanz keng Roll géing spillen.
Eisen 100 Joer ale Walsystem spillt deene grousse Parteien an d'Kaarten. Och de Robert Mehlen kritiséiert den aktuelle Walsystem. Fir hie wier en och net konform mat der Lëtzebuerger Verfassung.
Robert Mehlen distanzéiert sech vun ADR-Positiounen
De fréieren ADR Parteipresident Robert Mehlen huet sech aus dësem Walkampf, sengen Aussoen no, zeréckgehalen. Hien huet sech bewosst vu verschiddene Positiounen aus senger Partei distanzéiert.
“Dat huet mech schrecklech opgereegt, wéi déi Interpellatioun do war, fir d’Sanktioune géint Russland opzehiewen, wou ech mech ganz däitlech an engem Lieserbréif am Luxemburger Wort positionéiert hunn, datt dat net meng Meenung ass. Ech sinn och kritesch, wat d’Ëmweltfroen ubelaangt. An ech soen Iech ganz éierlech, dat ass awer elo meng perséinlech Perceptioun, ech sinn am Bauereberuff täteg gewiescht, de Klimawandel ass fir mech déi ganz grouss Erausfuerderung vun dëser Zäit. Mir sti wierklech virun e puer ganz decisiven Decisiounen."
Den ADR-Member kritiséiert och d'Attitüd op Ureizer a Fräiwëllegkeet ze setzen. Och d'Positioun, datt de Verbrennungsmotor net soll verbuede ginn, deelt de Robert Mehlen net.
"Et kann awer net sinn, datt déi, déi herno am meeschte betuucht sinn, mat hirem 12 Zylinder nach kënnen duerch d’Géigend fueren, well si sech dat kënne leeschten, an déi aner mussen den deiere Sprit bezuelen.”