D’CSV ka mat ronn 29 Prozent par rapport zu 2018 liicht u Stëmme bäileeën a wäert mat Ofstand gréisste Partei am Land bleiwen. D'CSV hält hir 21 Sëtz: 3 am Osten, 4 am Norden, 7 am Süden a 7 am Zentrum.
LSAP huet méi Stëmmen, DP méi Sëtz
D'CSV kéint eng Koalitioun mat der DP bilden. D'DP huet Stëmme gewonn a läit elo bei 18,7 Prozent a 14 Sëtz: 2 am Osten, 2 am Norden, 4 am Süden a 6 am Zentrum.
Och d'LSAP kéint mat der CSV koaléieren. D'Sozialiste leeë bei de Stëmme liicht bäi a komme mat 18,9 Prozent op 11 Sëtz: 1 am Norden an am Osten, do huet d'LSAP jeeweils knapp ee Reschtsëtz verpasst. Am Süde hunn d'Sozialiste 6 Mandater, am Zentrum 3.
Nach leet keng vun den dräi Parteie sech fest, a wéi eng Richtung et soll goen. D'CSV kéint sech déi nächst Deeg Zäit huelen, fir mat béide Parteien ze sondéieren.
déi gréng si grousse Walverléierer
Déi gréng hunn déi meeschte Stëmme vun alle Parteie verluer. Mat ronn 8,5 Prozent vun de Stëmmen ass et ee Verloscht vun iwwer 6 Prozentpunkten. Vun de 9 Sëtz an der Chamber kéinten der 4 iwwreg bleiwen, sou datt déi gréng keng Fraktiounsstäerkt hunn.
Am Norden an Osten hunn déi gréng keng Deputéiert méi. Am Süden an am Zentrum sinn et 2 Sëtz.
ADR a Pirate gewannen, déi Lénk verléieren
Bei de klengen Oppositiounsparteien sinn ADR a Piraten d’Gewënner. D'ADR huet liicht u Stëmme gewonn a mat ronn 9 Prozent vun de Stëmmen a 5 Deputéierte Fraktiounsstäerkt. D'ADR huet ee Sëtz am Zentrum, Osten an am Norden an zwee Sëtz am Süden.
D'Piraten bleiwe bei ronn 6 Prozent vun de Stëmmen a hunn elo eng éischte Kéier och een Deputéierten am Norden. Am Osten ass et fir d'Piraten net duergaangen, fir ee Sëtz ze kréien. Am Süde an am Zentrum bleift et bei engem Sëtz.
Déi Lénk hu Stëmme par rapport zu 2018 verluer. Hire Sëtz am Süden an am Zentrum hunn déi Lénk knapp gehalen.
Fokus huet aus dem Stand wuel e bësse méi wéi 2 Prozent vun de Wielerstëmme geholl. Op e Sëtz an der Chamber kënne si sech awer keng grouss Hoffnunge maachen.