Radioen

On air

Concert  |  Vun heroeschen Téin, polneschen Aflëss an impressionistesche Klangfaarwen

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Cécilia Gondard: Fransousen an de Benelux-Länner hu keen Interessi un den Iddie vum RN

Walen a Frankräich

Cécilia Gondard: Fransousen an de Benelux-Länner hu keen Interessi un den Iddie vum RN

Nodeems sech beim éischten Tour vun de Walen a Frankräich d’Sozialistin Cecilia Gondard als Representante fir d’Benelux-Länner duerchgesat huet, wëllt d’Kandidatin duerch Presenz zu Lëtzebuerg weider Wieler:innen hei am Land gewannen. Dofir war si gëschter zu Lëtzebuerg.

auto_stories

2 min

Cécilia Gondard | © Jo Diseviscourt
Foto: Jo Diseviscourt

D’Cécilia Gondard koum e Sonndeg am Benelux-Raum op 37.5 Prozent vun de Stëmmen a louch domat 2 Prozentpunkte virum aktuellen Deputéierte Pieyre-Alexandre Anglade vun der Regierungslëscht Ensemble. D’Kandidatin fir de Rassemblement National, d’Charlotte Beaufils, kënnt op déi drëtte Plaz, mat manner wéi 10 Prozent vun de Stëmmen.

Gutt an de Benelux-Länner opgehuewen

Am Verglach zum Rescht vu Frankräich, wou den RN stäerkste Kraaft gouf, mat 33 Prozent vun de Stëmmen, also ee schlechte Score fir déi rietsextreem Partei am Benelux-Raum. Datt am Benelux-Raum d’Mëtt an dat lénkst Parteiebündnis gestäerkt goufen, erkläert sech d’Ceclia Gondard esou, datt Fransousen a Franséisinnen am Ausland och op eng Manéier migréiert wieren. An an deene Länner wiere si gutt opgehuewen, betount d‘Cécilia Gondard. 

Donc c’est sûre que les Français du Luxembourg, des Pays-Bas, de la Belgique ne sont pas très intéressés par les idées du Rassemblement National. Ça va nous toucher, nous qui ont la binationalité. On va être à beaucoup à perdre notre deuxième nationalité. 

Cécilia Gondard koum zu Lëtzebuerg just op 21 Prozent. Den zweete Kandidat, de Pieyre Alexandre Anglade, gouf hei am Land mat bal 47 Prozent mat Ofstand am meeschte gewielt. Den RN krut zu Lëtzebuerg iwwer 14 Prozent vun de Stëmmen.

Parteie bilden eng "republikanesch Front" géint RN

Virum zweeten Tour vun de franséische Parlamentswalen e Sonndeg gëtt den Owend um 18h bekannt, wéi déi verschidde Parteie sech opstelle wäerte fir eng sougenannte "republikanesch Front" géint de riets-extreeme Rassemblement National ze bilden.

An Honnerte Walbezierker verzichte Kandidate vun der Gauche an aus dem presidentielle Camp op hir Kandidatur, fir aner Rivalen ze favoriséieren, déi besser placéiert si fir géint de Rassemblement national ze gewannen.

D'Zeitung Le Monde schreift, datt et bis gëschter Owend 11 Auer am Ganzen 185 där Verzichter vu Kandidate gouf. Bis den Owend kéinten et der nach méi ginn.

Mat dëser Strategie soll verhënnert ginn, datt de riets-extreeme Rassemblement national e Sonndeg eng absolutt Majoritéit kéint erreechen.