Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ No 7 Joer nees zréck: Spuenesch Police sicht nom Carles Puigdemont

Ënnergetaucht

No 7 Joer nees zréck: Spuenesch Police sicht nom Carles Puigdemont

Déi spuenesch Police sicht nom fréiere katalanesche separatistesche Leader Carles Puigdemont. Hie war de Moien iwwerraschend aus dem Exil zréck a Spuenie komm an huet zu Barcelona eng Ried viru Supportere gehalen. 

auto_stories

1 min

D‘Police huet Stroossespäre ronderëm Barcelona opgestallt. De Carles Puigdemont wier op der Flucht, esou d‘Police. Hie gëtt a Spuenie wéinst Verrot gesicht nodeems hien 2017 ee vu Spuenien all illegal qualifizéierte Referendum organiséiert hat fir Katalounie vu Spuenien ofzesplécken. 

De Carles Puigdemont huet sech bis elo net am Parlament zu Barcelona gewisen. Do ass haut de Vott fir de Sozialist Salvador Illa als neie President ze confirméieren. Hie géif deen éischte katalanesch Leader zanter 14 Joer ginn deen eng katalanesch Onofhängegkeet vu Spuenien ofleent.