Radioen

On air

Notturno  |  Florence Besch - Weak

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Caritas: Parquet poursuivéiert d'Pist vun externem Bedruch

"Fraude au président"

Caritas: Parquet poursuivéiert d'Pist vun externem Bedruch

De Parquet confirméiert d’100,7-Informatiounen, datt d’Justiz an der Caritas-Enquête d’Pist vun engem externe Bedruch poursuivéiert. Nom Detournement vun 61 Milliounen Euro bei der ONG ass de Parquet nom Ufank vun der Enquête der Meenung, datt et sech héchstwarscheinlech em eng sougenannt Fraude au Président handelt, heescht et an engem Communiqué.

auto_stories

1 min

Caritas | © Wikimedia Commons

An esou Fäll kréien héichrangeg Mataarbechter:innen eng Fal gestallt, mam Zil, datt falsch Rechnunge bezuelt ginn.

Hanner sou Bedruchsfäll stieche Leit, déi sech iwwer Telefon oder Email als Memberen oder Vertrieder vun der Direktioun ausginn.

Onkloer ob Bedruch echt ass oder net

D‘Affer vun sou enger„fraude oder arnaque au président“ kéinten an deem Fall och gefrot ginn, déi normal Autorisatiouns-Prozeduren net ze respektéieren, fir aussergewéinlech Operatiounen oder geheim Missioune méiglech ze maachen.

Eis Recherchë beleeën, datt et Elementer fir esou e Bedruch ginn. Et ass awer net etabléiert nach, ob dee Bedruch echt ass, oder just virgetäuscht gouf.

Caritas gëtt opgespléckt

Iwwerdeems huet d‘Caritas de Moie matgedeelt, datt hire Krisecomité, ënnert dem Christian Billon, mam Accord vum Verwaltungsrot, decidéiert huet d‘Caritas opzesplécken. Dat an eng national an an eng international Entitéit. 

Des Entitéite gehéieren alle béid zum internationale Caritas-Reseau. D‘Vertrauen an d‘Aktivitéiten an d‘Vertraue vun de Mataarbechter:inne soll doduercher gestäerkt ginn heescht et weider. E géif een elo d‘Enquete hire Wee goe loossen, de Christian Billon sengersäits wier .