Radioen

On air

Time Flies  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Caritas: De REVIS muss iwwerschafft a gestäerkt ginn

Internationalen Dag vun der Gerechtegkeet

Caritas: De REVIS muss iwwerschafft a gestäerkt ginn

De REVIS muss iwwerschafft a gestäerkt ginn. Dat ass eng vun de Fuerderungen, déi d’Caritas am Kader vum internationalen Dag vun der Gerechtegkeet gestallt huet.

auto_stories

1 min

Zanter der Reform vum RMG wier et zu Verbesserunge komm. Virun allem Monoparentalle géifen e bësse besser ewech kommen. An awer géif et nach Loft no uewe ginn.

Eng Simplification administrative wier noutwenneg

D’Caritas stellt fest, datt ee Groussdeel vun de Leit, déi de REVIS ufroen, net all Hëllefen, fir déi si am Fong eligibel sinn, ufroen. Dëst géif virun allem un de komplizéierten administrativen Demarchë leien. Dofir wier eng Simplification administrative onbedéngt noutwenneg, an dozou gehéiert och eng besser Informatiounsverbreedung.

Opwäertung vun der Sozialaarbecht

Ausserdeem fuerdert d’Caritas eng Opwäertung vun der Sozialaarbecht. D’Demandeure sollte vun Ufank bis Schluss an der Prozedur vun engem Sozialaarbechter begleet ginn. Weider mussen déi concernéiert Persoune besser gehollef kréien, fir Fouss um Aarbechtsmarché ze faassen. 2022 goufen nëmmen zéng Prozent vun de Persounen, déi a Strukture vun der Caritas ënnerbruecht sinn, un d’ADEM weidergeleet, huet d’Carole Reckinger vun der Caritas nach preziséiert.