Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Caritas-Affär: 8 Leit goufe festgeholl

Bedruchsaffär

Caritas-Affär: 8 Leit goufe festgeholl

Wéi de Parquet haut um Freideg an engem Communiqué schreift, wier d‘Instruction judiciaire an enger neier Phas, dat mat concertéierte Policeaktiounen a Bulgarien, Frankräich a Groussbritannien.

auto_stories

1 min

Caritas | © Wikimedia Commons

Bei där Aktioun zesumme mat Lëtzebuerger Enquêteuren, déi vum Lëtzebuerger Untersuchungsriichter geleet goufen, konnten aacht Leit festgeholl ginn. Dat am Kader vu Blanchimetsvirwërf.

Bei deene Betraffene goufen och Perquisitiounen an de Wunnenge virgeholl. Déi Lëtzebuerger Justiz waart elo op d‘Ausliwwerung vun dëse Verdächtegen duerch déi franséisch an déi bulgaresch Autoritéiten.

Da muss och gekuckt ginn, wéi vill Gelder am Ausland duerch Saisië konnte sécher gestallt ginn. Et ass dofir och nach net kloer, wéi eng Geldzomm um Enn wäert kënne recuperéiert ginn.

De Parquet zielt donieft op, datt eng 30 Commission-rogatoiren an Enquêtendecisiounen un eng 13 Staate geriicht goufen, 27 Ordonnances de perqusition et de saisie a 54 Ordonnancë fir Konten ze blockéieren eraus goungen.

Eisen Informatiounen no handelt et sech ëm Leit déi hir Konte fir d'Fraude zur Verfügung gestallt hunn, an déi dobäi eppes verdéngt hunn. De Montant vun de Gelder, déi méiglecherweis kënne recuperéiert ginn, ass éischter niddereg par Rapport zur Gesamtfraude vun 61 Milliounen Euro.