Radioen

On air

Notturno  |  Weyes Blood - It's Not Just Me, It's Everybody

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Caritas: Aarmut mécht sech a ville Beräicher bemierkbar

No Statec Etude

Caritas: Aarmut mécht sech a ville Beräicher bemierkbar

Bal ee Fënneftel vun der Populatioun zu Lëtzebuerg war zejoert dem Risiko ausgesat an d‘Aarmut ze rutschen. Dat geet aus enger rezenter Etude vum Statec ervir. D’Caritas constatéiert eng Verschlechterung vun der ekonomescher a finanzieller Situatioun vun de Stéit hei am Land.

auto_stories

2 min

Foto: 100,7

19 Prozent, waren zejoert vun dem Risiko betraff. Dat entsprécht enger Hausse vun 1,5 Prozentpunkte par rapport zum Joer virdrun. Am meeschten exposéiert si Kanner a monoparental Stéit. D’Aarmut mécht sech awer a ville Beräicher bemierkbar, stellt d’Caritas an enger Reaktioun fest.

Um Bord vum Aarmutsrisiko lieft een zu Lëtzebuerg, wann ee manner wéi 60 Prozent vum Medianakommes, also manner wéi ronn 2250 Euro de Mount verdéngt. Nieft der materieller Deprivatioun weist sech den Impakt vun der Aarmut awer och duerch aner Indicateuren.

50 Prozent vum Akommes fir de Logement

Zum Beispill duerch eng Hausse vu sozialen Inegalitéiten oder vum Manktem u Sécherheetsgefill. Am däitlechsten ze spiere kréien déi betraffe Bierger d’Aarmut awer duerch d’Logementsproblematik, betount d‘Carole Reckinger vun der Caritas.

“Déi Stéit, déi am mannste gutt do stinn an am mannsten Akommes hunn, déi hu prozentual gesinn déi héchsten Ausgabe fir de Logement. A vill vun deene gi bis zu 50 Prozent vun hirem Akommes aus fir ze wunnen.”

Suivi vun de sozialen Hëllefe gefuerdert

Fir all deem entgéint ze wierke fuerdert d’Caritas eng Upassung vum Mindestloun, an ee méi konkrete Suivi vun de sozialen Hëllefen hei am Land. Hei géif et nämlech un Zuele feelen, erkläert d’Carole Reckinger. Bei der Panoplie u Servicer, wéi de chèque service an d‘Iessen an de Crèchen, wier nämlech net gewosst, ob déi och do ukomme wou se mussen.

Weider géif et un enger koherenter Zesummenaarbecht tëschent de Ministèrë feelen. Beim Theema Aarmut wier nämlech méi wéi nëmmen ee Ministère concernéiert.

“Wa mir iwwer Aarmut schwätzen, dann ass ee Gesondheetsaspekt dran, dat heescht de Santésministère, et ass ee schouleschen Aspekt dran, also den Educatiounsministère, et ass Logement, et ass Familljeministère, de Justizministère kënnt vläicht och nach dran.“

Fir d‘Carole Reckinger misst dofir vill méi transversal geduecht ginn.

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft