Radioen

On air

Notturno  |  Nick Drake - River Man

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zoustänneger vu 5 Ministère beim Premier fir de Point ze maachen

Caritas

Zoustänneger vu 5 Ministère beim Premier fir de Point ze maachen

Am Dossier Caritas huet d'Regierung e Comité de Suivi vun héije Staatsbeamten agesat, fir verschidde juristesch a praktesch Punkten ze ënnersichen. Dat gouf gëschter op enger ministerieller Reunioun decidéiert, esou de Staatsministère an engem Communiqué.

auto_stories

1 min

Caritas Logo | © Jo Diseviscourt
Foto: Jo Diseviscourt

Wien an deem Comité de Suivi ass, gëtt net preziséiert. 

De Premier Luc Frieden hat déi fënnef Ministeren Xavier Bettel, Claude Meisch, Max Hahn, Gilles Roth, an d'Ministerin Martine Deprez gëschter op eng Reunioun zesummegeruff, fir de Point am Dossier Caritas ze maachen. Bei der Reunioun wier iwwer verschidde Froen an Optiounen diskutéiert ginn, fir d'Aktivitéiten, déi d'Caritas fir de Staat mécht, weiderzeféieren, esou de Staatsministère.

D'nächst Woch wier eng weider Reunioun op ministeriellen Niveau iwwer d'Caritas geplangt.