D’Zil wier ee Resultat virun de Feierdeeg, huet et no der Entrevue op eis Nofro hi vu Gewerkschaftssäit geheescht. D’Suite vun de Gespréicher ass d’nächst Woch. Et geet ëm d’Fuerderunge fir d’Rechter vum Personal an d’Ofsécherung vun den Aarbechtsplazen.
Am Fall vun engem Accord, mee och am anere Fall, solle fir d’éischt déi Beschäftegt informéiert ginn, heescht et vun de Gewerkschaften. Méi Detailer wollten haut weder d’Gewerkschaften nach d’Luxair-Direktioun verroden.
De Grupp Luxair zitt sech aus dem Cargo Handling um Findel zeréck.