D‘Awunner am Gebitt, dat zanter dem 7. Oktober vun Israel blockéiert gëtt, bräichten iwwerdeems ganz dringend humanitär Hëllef, war säin Appell. Vill Leit kéinte geschwënn un de Konsequenze vun der Blockad stierwen. Haut sollen de Vereenten Natiounen no aacht weider Camione mat humanitärer Hëllef u Bord an der Gazasträif ukommen. Eng Drëps op de waarme Steen, sou déi zoustänneg UNO-Coordinatrice: Virun der rezenter Eskalatioun wieren all Dag 450 där Camionen an d‘Gebitt gefuer.
Déi israeelesch Arméi huet och gëschter nees Dosende Stellunge vun der islamistescher Hamas an der Gazasträif ugegraff, mellt si op Telegram. Mat Buedemtruppen, déi vu Kampffligeren an Drone begleet goufen, wiere wichteg Militärinstallatioune vun der Terrororganisatioun zerstéiert ginn. An der ägyptescher Grenzregioun sinn duerch eng Dron de Moie fréi sechs Persoune gestuerwen, huet iwwerdeems déi ägyptesch Arméi gemellt. D‘Originne vun der Dron si fir den Ament nach net gekläert.
Och d‘Situatioun am Westjordanland huet sech zanter dem Ufank vum Krich tëscht Israel an der Hamas verschäerft. Bei Konfrontatioune mat der israeelescher Arméi sinn hënt op en Neits véier Palestinenser am Westjordanland ëm d‘Liewe komm.