Radioen

On air

9 bis 1  |  Hurray For The Riff Raff - Alibi

play_arrow Live
search

/ CSV an DP fir Koalitiounsgespréicher

Chamberwalen 2023

CSV an DP fir Koalitiounsgespréicher

D’Gremie vu béide Parteien hu sech een Dag no de Walen eestëmmeg fir Gespréicher ausgeschwat. “Sou séier wéi méiglech” soll et lass goen, soen de Formateur Luc Frieden (CSV) an den Nach-Premier Xavier Bettel (DP).

auto_stories

2 min

Den CSV-Nationalcomité an de Comité Directeur vun der DP soten um Méindeg Owend si wieren averstanen. Elo feelt just nach d’Zoustëmmung vum CSV-Nationalrot, deen um Dënschdeg zesumme kënnt.

D’CSV huet also entscheed net als éischt Sondéierungsgespréicher mat LSAP an DP ze féieren. Den CSV-Spëtzekandidat Luc Frieden huet dofir zwee Grënn genannt: “Well dat eng ganz staark Majoritéit géif ginn, wann déi Verhandlungen erfollegräich wieren. Nämlech 35 Sëtz vu 60. An datt mir no enger éischter Analys mengen, datt dat zu enger programmatescher Kohärenz géing féieren.”

Sou séier, wéi méiglech

D’Koalitiounsverhandlunge sollen esou séier, wéi méiglech ufänken, hunn d’Spëtzekandidate vu béide Parteie betount. Ee genauen Zäitplang gëtt et nach net, sot de Luc Frieden, deen als Formateur d’Koalitiounsverhandlunge leet. Mee et géif sécher des Woch lass goen. Bis wéini d’Verhandlungen ofgeschloss solle sinn, wëll de Luc Frieden net festleeën, mee: “Fir mech ass et kloer, datt et net ze laang soll daueren. Well ech fannen et net gutt, wann ee Land ze laang keng handlungsfäheg Regierung huet.”

Luc Frieden soll Premier ginn

Mat der Nominatioun vum Luc Frieden als Formateur huet de Groussherzog eng Personalfro scho gekläert: Fir de Fall datt d’Koalitiounsverhandlunge réusséiere gëtt de Luc Frieden Premierminister.

De Xavier Bettel erhieft och keen Usproch op de Premierposten: D'CSV hätt 7 Sëtz méi wéi d'DP. Och wann hien déi meeschte Stëmme kritt hätt, misst een hei d'Arithmetik respektéieren. Hie wier awer bereet fir Verantwortung an der Regierung ze iwwerhuelen, wann hie vu senger Partei dozou géif designéiert ginn. Zur Fro fir wéi e Posten hie sech an enger nächster Regierung géif intresséieren, wollt de Xavier Bettel sech awer nach net äusseren.

CSV: 10 Prioritéiten

Iwwer aner Personalfroen an och zu inhaltleche Froen, wollte sech um Méindeg weder de Luc Frieden nach de Xavier Bettel äusseren.

De Luc Frieden sot op Nofro hin, datt déi 10 Walkampf-Prioritéite vun der CSV fir hien déi wichtegst Punkte fir d’Koalitiounsverhandlunge bleiwen. Dozou gehéiere Steierbaissë fir Privatleit a Betriber a méi Kannergeld fir Elteren, déi Kanner doheem betreien. Zwee Punkten, déi vun der DP am Walkampf deels kritiséiert goufen.