Eestëmmeg hunn den Nationalrot an den Nationalkongress vun der CSV gëschter Owend hiren Accord ginn, war d‘Annonce vum Formateur Luc Frieden. En Accord fir e Koalitiounsprogramm, vun deem den Detail nach ëmmer net bekannt ass. Eréischt e Méindeg wäerten d‘Chamberdeputéiert den Text kréien. Eng Concessioun vum zukünftege Premier, deen en Uganks eréischt no der Regierungsdeklaratioun e Mëttwoch wollt publizéieren. Firwat, dat huet de Luc Frieden gëschter Owend nach eemol erkläert.
"Ech hu gemengt et wier gutt, wann ee fir d‘éischt géing de Kontext vum Accord soen, d‘Gesamtphilosophie vum Accord an da réischt déi eenzel Kapitele publzéieren, Vu datt et awer de Wonsch ass, datt ee fir d‘éischt eenzel Detailer kuckt, an da réischt meng Ried an der Chamber héiert. Ech kann domat och liewen, mee fir iech wier et méi einfach, dir géift fir d‘éischt de ganze Kontext gesinn, dat fannen ech och méi logesch."
CSV-Ministeren
Wat elo bekannt ass, dat sinn déi zukünfteg 8 CSV-Ministeren. Dem Premier Luc Frieden wäert d‘Elisbeth Margue déi nächst fënnef Joer als Vizepremier zur Säit stoen. Déi aktuell Parteipresidentin iwwerhëlt ausserdeem och d‘Justiz. De Gilles Roth gëtt Finanzminister. De Léon Gloden iwwerhëlt den Inneministère, wärend de Georges Mischo d‘Aarbecht an de Sport kritt.
De Serge Wilmes gëtt Minister fir d‘Ëmwelt, de Klima an d‘Biodiversitéit souwéi Minister fir d‘Fonction publique. D‘Martine Hansen gëtt Landwirtschaftsministesch a méi iwwerraschend iwwerhëlt d‘Martine Deprez d‘Santé an d‘Sécurité sociale. Déi laangjäreg Member vun der CSV war net Kandidatin bei de Chamberwalen. Komplette Quereinsteiger ass déi aktuell Member vum Staatsrot awer net, betount si selwer:
"Ech war 10 Joer an der Inspektioun vun der sécurité sociale, wat jo awer no bei der Santé ass. A meng 10 Joer elo am Staatsrot hu mer och gewisen, wéi d‘Gesetzgebung an der Santé sech entwéckelt huet an ech denken datt ech gerëscht sinn, fir déi zwee Betriber besser kennen ze léieren an dann déi Saachen ëmzesetzen, déi an de Koalitiounsverhandlungen ausgehandelt gi sinn."
D‘Martine Deprez hätt virun allem wéinst hirer Expertis a Pensiounsfroen iwwerzeegt, sou de Luc Frieden.