Am Kommitee wier awer och ëmmer nees opkomm, datt déi politesch Bildung an de Schoulen dofir eng méi grouss Wichtegkeet muss kréien, erkläert de Metty Steinmetz.
"Do ass et awer zu Iwwerleeunge komm, datt mir och an de Schoulen do musse kucken, déi politesch Bildung, déi Jonk ze begleeden an den Esprit critique erëm ze entwéckelen, fir datt een déi Entscheedunge kann treffen an en bonne âme et conscience säi Kräiz do ka setzen."
D'Walrecht an déi politesch Bildung dierften net lassgeléist vunenee behandelt ginn, betount de Metty Steinmetz. Dobäi géif et net just ëm d'politesch Bildung goen, mee och ëm kritescht Denken.
CSV-intern lafen Diskussiounen
Och mat der Mammepartei CSV wier een an den Diskussiounen. Déi hat rezent gesot, et misst een d'Resultater aus dem Referendum 2015 respektéieren. Dat géif hie verstoen, esou de Metty Steinmetz.
"Do kann ech novollzéien, datt verschidde Leit soen, mir hu virun zéng Joer dee Referendum gehat, do soll ee sech drun halen. Mir als CSJ wäerten eis op jidde Fall dofir asetzen, och parteiintern, datt mir op dee Wee ginn, fir e Walrecht ab 16 ze kréien. Mee dat ass dann natierlech herno an enger Demokratie eng Majoritéit, déi sech do muss fannen."
Och de Regierungspartner DP féiert intern grad Diskussiounen, huet d'Presidentin Carole Hartmann erkläert.
déi gréng hunn iwwerdeems gëschter eng Gesetzespropos eragereecht fir d'Demande vum Jugendparlament an d'Chamber ze bréngen, huet déi gréng Deputéiert Sam Tanson erkläert.
D'Jugendparlament huet den Debat ronderëm ee Walrecht vu 16 Joer un nees lancéiert. An engem éischte Schratt wéilte si ee Walrecht op Gemengenniveau aféieren. Dat géif et och schonn a villen aneren europäesche Länner ginn, hat de President vum Jugendparlament, de Julien Lemmer-Veloso, am 100,7-Interview erkläert.