De Problem gëtt op der Table ronde a kuerze Videoausschnëtter vun de Leit vum Terrain kloer. Et feelt vir an hannen u Personal. D'Waardelëschte mat Mënschen, déi Fleeg brauchen, si laang, an d'Personal ass iwwerlaascht. Eng Verbesserung vun der Situatioun ass net a Siicht.
Demografesche Wandel als Erausfuerderung fir de Secteur
Grond ass den demografesche Wandel - dee stellt de Secteur viru grouss Erausfuerderungen. Do ware sech d'Vertriedungen aus dem Fleegesecteur eens. Eng Populatioun, déi ëmmer méi al gëtt bedeit, datt de Besoin fir Fleegeservicer zouhëlt.
Gläichzäiteg geet d'Zuel u Mataarbechter:innen a Persounen, déi sech fir dee Secteur interesséieren, zeréck. Immensen Drock also fir d'Fleegeinstitutiounen, erkläert de Christian Ensch, Direkter vun Homes pour personnes agees.
"An dat ass ee massive Problem, deen an den nächste Joren op eis duerkënnt. An do musse mir elo d’Weiche stellen, fir datt mir déi Soine vun de Leit, déi mir a 5 oder 10 Joer brauchen, kënne garantéieren."
Op der Table ronde hunn d’Ministeren eng ganz Partie Iddien a Mesurë genannt, déi d'Situatioun vun der Penurie verbessere kéinten. Fir méiglechst séier Leit an de Secteur eranzebréngen, kéint zum Beispill d'Benevolat gefërdert ginn, oder et kéint ee méi enk mat der ADEM zesummeschaffen, fir Demandeurs de protection internationale ze rekrutéieren.
Administrativ Hëllefen als Entlaaschtung fir d'Fleegepersonal
Der Direktesch vum LTPS Maly Goedert no, ginn et awer hei nach méi Iddien, fir de Secteur ze entlaaschten. Eng Pist wier d'Schafe vun enger Aide-soignante administrative, "eppes wat et am Ausland scho laang gëtt".
Ee weidere Schwéierpunkt vun der Diskussioun louch op der Fro, wéi ee méi Jonker fir d'Fleegeberuffer motivéiere kann. Hei wier eng gutt Kommunikatioun iwwer de Secteur wichteg. Natierlech wier et ee stressegen an ustrengende Beruff, mee motivéiert Mataarbechter:innen aus dem Secteur missten zum Beispill a Schoulen invitéiert ginn, fir iwwer déi positiv Aspekter vum Beruff ze zielen, mengt nach d'Maly Goedert, si schwätzt aus eegener Erfarung.
"Mee mir mussen hinnen awer kënne vermëttelen, an dat ass et jo, fir vill Leit, datt déi positiv Aspekter einfach iwwerweien. Alles dat war mir soen, de Sënn vun deem, wat ee mécht, déi onrationell Aspekter, déi maachen, datt een immens vill zeréck kritt vun deem, wat een och gëtt."
Investitioun an d'Sproocheformatioun als Léisungswee
Op der Table ronde war ee sech eens: D'Penurie gëtt verstäerkt duerch d'Ofhängegkeet aus der Groussregioun. De Rekrutement vu Frontaliere géif awer och erëm nei Erausfuerderunge mat sech bréngen. Rieds goung virun allem iwwer d'Sproochebarrièren. Och hei gouf et op der Table ronde eng Partie Denkustéiss, fir Frontaliere besser an de Secteur ze integréieren.
Et misst méi an d'Formatioun vun der Sprooch investéiert ginn. Eng Iddi wier et, Formateuren an d'Haiser ze kréien.
De Christian Ensch war no der Table ronde zouversiichtlech, datt d'Beruffer am Fleegesecteur an Zukunft méi attraktiv ginn. Eleng schonn duerch d'Digitaliséierung géifen d'Aarbechtskonditioune sech verbesseren. De Christian Ensch ass nämlech der Meenung, datt um techneschen Niveau an noer Zukunft vill evoluéiere wäert.
D'Fleegeberuffer méi attraktiv maachen
D'COPAS fuerdert, datt Lëtzebuerg allgemeng méi Efforte mécht, fir de Fleegeberuff méi attraktiv ze maachen. D'Confédération des Organismes Prestataires d'Aides et de Soins selwer wëllt bei der Formation en cours d'emploi besser berufflech Perspektive bidden, an och den Accès vu sougenannte Quereinsteiger an de Beruff vereinfachen.