Radioen

On air

Kultur um 5  |  Brijean - Counting Sheep

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ COP29 gëtt verlängert

Klima

COP29 gëtt verlängert

D‘Klimakonferenz COP29 zu Bakou am Aserbaidschan gëtt verlängert. Si hätt haut sollen op en Enn goen – ma wëll d’Vertrieder a Vertriederinnen aus iwwer 200 Staaten sech net doriwwer kënnen eenegen, wéi eng Zomm d’Industriestaaten de Schwellelänner sollen als Entschiedegung iwwerweisen, wäerten d’Gespréicher e Méindeg weider goen.

auto_stories

2 min

© picture alliance / AA/photothek.de | Felix Zahn
Foto: picture alliance / AA/photothek.de | Felix Zahn

Eng vun de grousse Froen ass, wéi méi aarm Länner wéinst de Schied vum Klimawandel sollen entschiedegt ginn. Dat soll nämlech net iwwer Kreditter lafen, well déi Länner riskéieren dann ëmmer méi Scholden unzeheefen, heescht et an engem Entworf vun engem Ofschlosstext.

D'Fro vun de Schwellelänner

Eng konkret Zomm, wéi héich déi Hëllefe sollen ausfalen, gëtt net genannt, mee déi finanziell Mëttel gëllen als Knackpunkt bei den Diskussiounen. Engem UN-Expertegrupp no misste bis 2030 pro Joer ronn 1 Billioun US-Dollar ausgi ginn, a souguer 1,3 Billioune bis 2035. Dat wier 10 bis 13 Mol méi wéi aktuell weltwäit an d’Klimahëllefe fléissen.

Déi nächst Fro, bei där et schwéier ass eng Eenegung ze fannen: Mussen dann och Schwellelänner, wéi China oder d’Golfstaate bezuelen? D’EU hat gefuerdert, datt eben net méi just déi klassesch Industrielänner bezuele mussen, mee och déi Länner, déi vill Geld mat Ueleg, Gas a Kuel maachen.

Laut enger 30 Joer aler UN-Astufung gëlle Länner wéi Indien als Entwécklungslänner a géifen dowéinst Entschiedegungen erhalen amplaz ze bezuelen.

Kritik vu sëllegen Organisatiounen

Um Freidegmoie war een Entworf vun engem Ofschlosstext zeréckgewise ginn, ënnert anerem vun der EU. Dee wier inakzeptabel, sou den EU-Klimakommissär Wopke Hoekstra op enger Prssekonferenz. Et kéint ee keen Text ënnerzeechnen, wou keng konkret Zommen dra genannt sinn, sou d’Erklärung.

Grouss Kritik koum vun Organisatioune wéi Brot für die Welt: Et wier enttäuschend, datt weider hin net iwwer konkret Zommen diskutéiert gëtt, sou eng Spriecherin vun der ONG. Och Greenpeace huet deen Text staark kritiséiert: Et misst eng konkret Zomm genannt gi fir datt d’COP 29 een Erfolleg wier, sou de Gerant vu Greenpeace.

Ee konsequenten Appell un de Courage

Och eng Lëtzebuerger Delegatioun ass op der COP, derbäi sinn och Vertrieder a Vertriederinne vu Youth4Climate Action, an déi hu sech äussert besuergt an engem Communiqué geäussert: Wärend d’Vertrieder vun de Staaten iwwer Kommaen diskutéieren a refuséieren, konkret Zommen ze nennen, géife Millioune Mënschen ënnert de Konsequenze vum Klimawandel leiden, heescht et am Communiqué.

Hiert Schreiwes wier iwwerdeems net just eng Demande, et wier ee konsequenten Appell un de Courage endlech konkret ze handelen, an d’Liewe vu Millioune Mënschen ze schützen.