search

/ COP17: Ambitiéist Zil bis 2030 kéint un der Finanzéierung scheiteren

Interview

|
reading time

3 min

COP17: Ambitiéist Zil bis 2030 kéint un der Finanzéierung scheiteren

Am armeenesche Jerewan ass zënter dem 19. Oktober déi 17. Editioun vun der Biodiversitéitskonferenz amgaangen. 195 Staate plus d‘EU sinn hei vertrueden. E Musterschüler am Klima- a Biodiversitéitsschutz ass Lëtzebuerg net. Den Ëmweltminister Serge Wilems kënnt mat enger Aufgab zeréck aus Armenien.

reading time

3 min

© MECB
(Foto: MECB)

Nach bis den 30. Oktober ass an Armenien d'Weltklimakonferenz. D'Weltgemeinschaft soll op der COP17 dofir suergen, datt an der Suite vun de Konferenzen zu Montreal, Cali a Roum, déi 23 Ziler ëmgesat ginn, déi d’Weltcommunautéit sech deemools virgeholl hat. 

Dozou gehéiert zum Beispill d'Ambitioun, bis 2030 op d'mannst 30 Prozent vun der globaler Surface vun der Äerd, dat heescht Land a Waasser, ënner Naturschutz ze stellen. Hei spillt de finanziellen Aspekt eng grouss Roll. 

Finanziell méi Gewiicht hunn 

200 Milliarden Dollar ware vun der Weltcommunautéit versprach ginn, fir eng méiglechst grouss biologesch Vilfalt op der Äerd och an Zukunft ze garantéieren. Bis elo ass awer just d'Hallschent vun der Zomm zesummekomm. 

De Lëtzebuerger Ëmweltminister Serge Wilmes (CSV) ass fir zwee Deeg an Armenien gereest fir un der COP17 deelzehuelen. Am 100,7-Interview sot de Serge Wilmes, Lëtzebuerg hätt säi Bäitrag erhéicht fir dem Schutz vun der Biodiversitéit Rechnung ze droen.

“Mir gi mat eiser Contributioun an d'Luucht allgemeng fir esouwuel Klimafinanzéierung, wéi och Naturfinanzéierung op 320 Milliounen Euro iwwer déi nächst fënnef Joer."

Fir finanziell méi Gewiicht ze hu misst een d'Basis vun den Donateure méi breet opstellen. Länner wéi China misste méi staark an d’Verantwortung geholl ginn.

“Selbstverständlech brauche mir och nach eng Kéier vill méi ëffentlech Suen.”

Vill Sue géifen dacks an Aktivitéiten investéiert ginn, déi d'Natur zerstéieren. E groussen Deel dovunner misst ëmgeleet gi fir d'Natur schützen.

D'Sue sollen a lokal Communautéiten fléissen

Dës Sue sollen a lokal Communautéite fléissen. Dës wéissten am Beschten, wéi a wat schützenswäert ass.  

“Déi am beschte wësse firwat zum Beispill bei hinnen hir Mangroven oder tropesch Bëscher oder hir Plantagë mussen erhale ginn.”

Et ass allerdéngs elo scho kloer, datt déi gesaten Ziler bis 2030 net all wäerte kënnen erreecht ginn. Ënner anerem well nach vill Länner zécken, déi Suen och wierklech ze investéieren, respektiv bis elo just eidel Versprieche gemaach hunn, seet de Minister.  

Och déi heemesch Biodiversitéit huet offizielle Rapporten no an de leschte Jore staark gelidden. Als Haaptursaach ginn eng intensiv Landwirtschaft an den Iwwerkonsum genannt.

Lëtzebuerg muss méi Date sammelen 

Fir d’Biodiversitéit hei am Land besser ze schützen, misst een d’Landwirtschaft ënnerstëtze fir vun enger extensiver op eng méi nohalteg Agrar-Wirtschaft ëmzeklammen.

“Mir sinn do am enksten Dialog och mat der Landwirtschaftsministesch, déi amgaangen ass, een neit Agrargesetz ze maachen”

Déi eenzel national Strategien an Naturschutzpläng goufen och op der COP iwwerpréift. An deem Kader goufen och Recommandatiounen ausgeschafft. Lëtzebuerg huet un d'Häerz geluecht kritt, méi Daten iwwer d’Biodiversitéit, respektiv de Verloscht dovunner ze sammelen.

Et géif een un engem zentrale Regëster mat Donnéeën iwwer den Zoustand vun eiser Natur schaffen, esou nach den Ëmweltminister.