Radioen

On air

Espresso Beats  |  Joe Goddard & Fiorious - New World (Flow)

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ CNFP: De Staat muss sech Spillraum gi fir zukünfteg Krisen

Conseil national des finances publiques

CNFP: De Staat muss sech Spillraum gi fir zukünfteg Krisen

De Staat misst an zukünftege Krise Sputt hu fir ze reagéieren. Dat war ee vun de Constaten de Mëttwoch bei der Presentatioun vum Conseil national des finances publiques sengem Avis zu ënner anerem dem Statsbudget fir dëst Joer. De CNFP huet dora soss nach festgehalen, datt de Staat weider ze vill Suen ausgëtt, den Iwwerschoss bei der sécurité sociale zréckgeet an d’Beschäftegung manner wiisst wéi fréier.

auto_stories

1 min

headphones

2 min

play_arrow

De Romain Bausch huet och dovu geschwat, datt zum Beispill a Saachen Inflatioun den Impakt vum Plafonnement vun den Energiepräisser impressionnant wier.

“Wann 2025 d’Produkter net méi subventionéiert ginn, geet de Gaspräis fir de Konsument ëm 17 Prozent erop, an de Präis vum Elektresche geet ëm 60% erop. Dat si selbstverständlech dramatesch Augmentatiounen.”

Laangfristeg Siicht schafen an op Defizit bei der sécurité sociale am Ae behalen

Dat makroekonomescht Ëmfeld wier net katastrophal, mee géif awer schwiereg bleiwen, sou de CNFP-President. Bei der sécurité sociale wier 2023 mat ronn 1,05 Milliarden Euro den héchste Surplus gemaach ginn, elo géif dee Surplus awer konstant erofgoen „an um Enn vun der Period, déi hei ofgedeckt ass, ass en nach 261 Milliounen.”

De CNFP wënscht sech donieft, datt en neien nationale Budgetskader mat mëttel- a laangfristeger Siicht geschafe gëtt. De Conseil national des Finances publiques wier prett, fir do matzeschaffen, sou de Romain Bausch.

Lauschterenplay_arrow