Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  Stan Getz - Desafinado

play_arrow Live
search

/ CMCM: Neie Verwaltungsrot gëtt haut gewielt

Nodeems President ofgesat gouf

CMCM: Neie Verwaltungsrot gëtt haut gewielt

Et war eng Zäit roueg ëm si ginn: Um Samschden huet d’CMCM awer am Domaine thermal zu Munneref eng uerdentlech an eng ausseruerdentlech Generalversammlung. Dobäi wäert, an der Suite vun der Assemblée générale extraordinaire vu Mëtt Abrëll, en neie Verwaltungsrot gewielt an d’Statutte geännert ginn. 

auto_stories

1 min

CMCM | © D-Company
CMCM (Foto: D-Company)

Virun déck zwee Méint war am Bouneweger Casino de Conseil d’administration ënnert dem President Gilbert Goergen ofgesat ginn. An engems gouf dunn awer decidéiert, datt dee Verwaltungsrot d’Geschécker vun der Caisse médico-complémentaire mutualiste bis haut kommissaresch weiderféiere sollt, ouni President.

Am Februar war den deemolege President André Heinen ofgesat ginn. De Gilbert Goergen an den André Heinen sinn haut nees Kandidat fir an de Conseil d’administration. De Richtungssträit an der CMCM kéint deemno haut e virleefegt Enn kréien