Radioen

On air

Tockcity  |  DJ Koze, Arnim, The Düsseldorf Düsterboys - Wie Schön Du Bist

play_arrow Live
search

/ Dräi Deputéiert ginn, dräi neier kommen an d'Plaz

Politik

Dräi Deputéiert ginn, dräi neier kommen an d'Plaz

D‘Chamber um Krautmaart kritt haut dräi nei Deputéiert. Den Dan Hardy vun der ADR, de Jean-Paul Schaaf vun der CSV an d‘Djuna Bernard vun déi gréng gi vereedegt. Si réckele fir dräi Leit no, fir déi gëschter déi lescht Chamberssitzung war.

auto_stories

1 min

De Christophe Hansen, François Bausch a Fernand Kartheiser (Foto: Chambre des Députés)

De Fernand Kartheiser vun der ADR an de Christophe Hansen vun der CSV wiesselen an d’Europaparlament, an de grénge Politiker François Bausch, deen 1989 eng éischte Kéier an d’Chamber gewielt gouf, huet decidéiert e Schlussstréch ënner seng politesch Karriär ze zeien.