D‘Gewerkschaft vum ëffentlechen Déngscht warnt viru politeschen Elenggäng a schwätzt sech fir eng automatesch Upassung vun der Steiertabell un d‘Inflatioun aus. De Phänomeen vun der kaler Progressioun misst duerch d‘Aféierung vun zousätzleche Steierniveaue bekämpft ginn.
Ofschafe vum Bewäertungssystem: eng éischt Propos vum Ministère gouf refuséiert
Am leschten Accord salarial fir d‘Fonction publique war d‘Ofschafung vum Bewäertungssystem beim Staat festgehale ginn. D‘Ëmsetzung wier awer méi schwiereg. Eng éischt Propos vun der Regierung hätt d‘Gewerkschaft refuséiert an elo d‘Gespréich mam zoustännege Minister gesicht. Eng Verwässerung vum Accord géif op jidder Fall net acceptéiert ginn.
D‘CGFP-Exekutiv huet iwwerdeems als neie Member de Christian Schleck.