D'Noémie Sadler zitt am 100,7-Interview de Vergläich mat Afghanistan, wou d'Taliban virun 3 Joer d'Muecht iwwerholl haten.
"Deemools gouf jo och emol fir d'éischt alleguerten d'Asyldemanden op Äis geluecht. A wat mir elo gesi mat de Leit, fir déi, déi an deem Fall sinn, ass dat awer ëmmer ganz, ganz schwiereg, well si si schonn an enger Situation de détresse. Verschidder waarde scho Joren op eng Äntwert.
Leit, déi a sou engem Fall wieren, géifen an der Loft hänke gelooss ginn, esou d'Noémie Sadler. Dat kéint alles zu Retarde féieren beim Prozess vun der Integratioun an dem Accès op Aarbecht. D'Presidentin vun der CCDH mécht och drop opmierksam, datt vill Kanner ënnert där Situatioun leiden.
"Dat si Mineur-non-accompagnéen, déi vläicht schonn een, zwee, dräi Joer hei am Land sinn, an och nach ëmmer op hire Statut waarden. A wann een elo eebe vun enger Suspensioun schwätzt, da si si och dovunner betraff."
Et sollt een elo mol nach e bëssen ofwaarden, éier een ufänkt, de Leit de Schutzstatus ofzehuelen, esou d'Noémie Sadler: "Also dat gesi mer wierklech ganz kritesch".