arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CAVEM: Faillite hënnert d'Enseignanten net dorun, eng nei Gesellschaft ze grënnen

Museksschoul

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

CAVEM: Faillite hënnert d'Enseignanten net dorun, eng nei Gesellschaft ze grënnen

Déi privat Museksschoul CAVEM zu Bouneweg ass zënter engem Mount zou, nodeem d'Faillite vun der SÀRL Centre Audio-Visuel de l'Enseignement Musical gesprach gi war. De Curateur Fabien François rechent domat, datt et 1 bis 2 Joer laang wäert daueren, bis dës Faillite clôturéiert ass.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© Adobe Stock
(Foto: Adobe Stock)

Dat géif d’Enseignanten awer net dorun hënneren, eng nei Gesellschaft ze grënnen.

De Curateur vun der Faillite vun der Museksschoul CAVEM, den Affekot Fabien François huet an der Tëschenzäit d’Autorisatioun kritt, fir den Actif vun der Gesellschaft ze verkafen. Dat soll elo esou séier wéi méiglech geschéien. An et géifen dobäi verschidden Optioune ginn.

"D'Enseignantë ware jo interesséiert, fir dat eventuell ze iwwerhuelen, d'Instrumenter, oder op jidde Fall en Deel dovunner. Do muss een elo kucken, prinzipiell gëtt et versteet, mee e Verkaf un d'Enseignanten ass absolutt och méiglech."

Audienz um Handelsgeriicht

Donieft war ee Freideg, wéinst der Faillite vun der privater Museksschoul, eng Audienz um Handelsgeriicht, fir déi finanziell Fuerderunge vun den Enseignanten ze kontrolléieren.

"Déi Paien, déi si kréien, dat sinn déi vun dësem Mount, respektiv vum Mount vun der Faillite, dat ass Mäerz an Abrëll, an da kréie si och nach eng Entschiedegung, deemno wéi laang si do geschafft hunn."

Méiglechkeet fir nei Gesellschaft ze grënne besteet

Dem Curateur vun der Faillite Fabien François no wier et méiglech, datt verschidden Enseignanten eng nei Gesellschaft géife grënnen, fir d’Aktivitéite vun der Museksschoul virunzeféieren. Dat och onofhängeg vum Direkter vun der Schoul, dee verschwonne bleift, wéi Police a Justiz eis ee Freideg confirméiert hunn. 

"Mee da misste si iwwer déi nei Firma mat de verschiddene Proprietäre vun de Raimlechkeeten den neie Bail negociéieren. Dat geet mech dann u sech näischt un."

D'Paien an d'Fuerderunge vu Verwaltungen hu Prioritéit

Dem Curateur Fabien François no wier d’Faillite vun der Museksschoul CAVEM “e bëssen iwwerraschend” fir d’Enseignanten a fir d’Schüler:inne komm.

"Dat ass eng blöd Situatioun natierlech fir jiddereen. Mee ech schaffen do mat den Enseignanten zesummen, fir dat esou gutt wéi méiglech iwwer d'Bün ze bréngen, a fir do eng Solutioun ze fannen, déi am Interêt vu jidderengem natierlech ass."

D’Schüler:inne vun der Museksschoul CAVEM, déi schonn am Viraus fir Coursë bezuelt haten, kéinten dës Suen zeréckfuerderen. Dës Fuerderunge géifen awer eréischt no privilegéierte Fuerderungen, wéi d’Paien oder Fuerderunge vu Verwaltunge, bezuelt ginn, wann dann iwwerhaapt nach Suen iwwereg wieren. Am Moment wier et schwiereg anzeschätzen, ob dat de Fall wäert sinn, huet de Fabien François am 100,7-Interview erkläert.

play_arrow Lauschteren