Den Educatiounsministère reagéiert op eis Nofro hin op een Tëschefall an der Hollerecher Grondschoul. D'Zeitung L’essentiel hat gemellt, datt eng Schülerin vu siwe Joer de 24. Januar vun engem Sportenseignant gezwonge gi wier, fir nom Schwammcours buerféiss, ouni Mantel, a mat naassen Hoer bis bei de Bus ze trëppelen.
Den Enseignant hätt d’Schülerin wëlle bestrofen, well si ze laang gebraucht hätt, fir sech nom Schwammen nees unzedoen, sou den Essentiel.
An enger schrëftlecher Stellungnam confirméiert den Educatiounsministère, datt et een Tëschefall an der Hollerecher Grondschoul gouf. Et kéint ee keng Detailer nennen, mee et wier en Tëschefall, deen de Ministère als komplett inakzeptabel ugesäit, an deen déi néideg Konsequenze géif no sech zéien. Well et sech hei em Froen handelt, déi de perséinlechen Dossier vun engem Agent betreffen, an déi iwwert d’Kompetenze vum Educatiounsministère erausginn, kéint de Ministère keng weider Informatioune ginn.