Radioen

On air

Tockcity  |  Owespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Vill Kritik un der Budgetspresentatioun fir d'Stad Lëtzebuerg

Budget gëtt haut ofgestëmmt

Vill Kritik un der Budgetspresentatioun fir d'Stad Lëtzebuerg

De Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg stëmmt iwwer de Budget vun der Stad fir d’Joer 2024 of. Den DP-CSV Schäfferot gesäit fir d’nächst Joer en Defizit vu ronn 219 Millioune vir. Dat géif virun allem un den Dépenses extraordinaires leien, déi, fir déi éischte Kéier, bei iwwer enger Milliard ugesat sinn, esou de Schäfferot d’lescht Woch bei der Budgetspresentatioun. 

auto_stories

3 min

headphones

5 min

play_arrow

D’Oppositiounsparteien hu sech virum Weekend bei den Debatten um Knuedler traditiounsgeméiss kritesch gewisen. Et wier keen neie Budget, ma just e Weiderféiere vun der aler Politik. Et géif mat Schlagwierder ronderëm geheit ginn, et wier awer näischt Konkretes virgesinn.

"Politik vun der waarmer Loft"

Wéineg Ambitioune géif een aus dem blo-schwaarze Koalitiounsaccord rausliesen, heescht et vun den Oppositiounspolitiker. Ënner anerem dem François Benoy vun déi gréng.

“Da versprécht een de Bierger just dat Blot vum Himmel, mee et mécht ee just eng Politik vun der waarmer Loft, a sou eng kenne mir als gréng net ënnerstëtzen”

Dee Reproche wollt de Claude Radoux vun der DP esou net op dem Accord tëscht der CSV an der DP sëtze loossen:

“Fir ze soen, datt mer bei engem Budget extraordinaire vu 600 Milliounen, bei engem Kont vun Depenses extraordinaires vun 2022 vun 277 Milliounen, a bei engem Budget rectifié vun dësem Joer vu 438 Milliounen dépenses extraordinaires – dat sinn Investissementer – fir do ze soen, an déi 4300 Leit, déi hei schaffen, déi géife waarm Loft maachen – dat ass de Combel.”

Zesummenhang tëschent Aarmut a Logement

Ma grad beim Logement géif et un Ambitioune feelen, trotz Investitioune vu ronn 500 Milliounen. Beispillsweis fir de Bau vu véier Residencen zu Märel. D’Gemeng géif hei keng Virreider-Roll iwwerhuelen, mengt d’Nathalie Oberweis vun déi lenk:

"Des Politik geréiert d’Aarmut, mee se bekämpft se net. Wann een awer Aarmut well verhënneren, da kéint een am Logement vill méi maachen. Wei zum Beispill och kuerzfristeg a Moduläre bauen."

Op den Zesummenhang tëschent Aarmut a Logement huet och de Gabriel Boisante vun der LSAP higewisen:

Hie géif et "erschreckend fannen", datt am blo-schwaarzen Accord festgehale wier: “le taux de pauvreté recule et l’indicateur subjective avoir du mal à rejoindre les deux buts, recule également”

"Also ech weess net, mat wiem dir schwätzt. Ech weess net a welcher Stad dir lieft, mee wann een dobaussen ass: ech hunn net d’Gefill, datt et weder bei deene Jonken, weder bei de Commerçanten, weder bei den Independanten, weder bei deene Leit, déi ee Logement sichen, oder brauchen, darr et deene Leit besser geet wéi d’lescht Joer, ganz am Géigendeel.” 

ADR géint méi héich Subside fir CID - Fraen an Gender

E Punkt, deen och tëscht den Oppositiounsparteie fir Reiwereie wärend den Debate gesuergt huet, ass déi méi héich finanziell Ënnerstëtzung vum CID – Fraen an Gender. Den Tom Weidig vun der ADR:

“Mir als ADR sinn dergéint, datt d’Stad Lëtzebuerg de Subside fir eng Collaboratioun mam CID femmes vu 95.000 op 220.000 Euro erhéicht, datt eis Kanner, wéi de Rapport schreift, sensibiliséiert ginn, géint Stereotyppen, oder besser gesot wat si als Stereotyppen ugesinn.”

Als direkt Äntwert dorop, betount d’Claudie Reyland vun déi gréng, wéi wichteg et wier, déi bis ewell erkämpfte Chancëgläichheet tëschent all de Mënschen ze schützen.

“Nimools duerfe mer déi Fortschrëtter, déi mer errungen hunn, als Acquis betruechten. Nimools dierfe mer zouloossen, datt an der Welt, hei zu Lëtzebuerg, an eben och hei an dëser Stad dëst fundamentaalt Recht, nämlech d’Chancëgläichheet tëscht Fraen a Männer, tëscht all de Mënschen a Gefor geréit.”

Si huet och en Appell un de Schäfferot geriicht, seng Responsabilitéiten ze iwwerhuelen am Kampf géint Homophobie an Antifeminismus.

Haut de Mëtteg gëtt dann iwwert de Budget ofgestëmmt. DP an CSV hunn am Stater Gemengerot eng Majoritéit vu 16 vu 27 Sëtz. 

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft