Virum Parlament hunn Dausende Leit sech fir e Volleksfest versammelt an e System-Wiessel gefeiert. Dem Peter Magyar seng konservativ Tisza-Partei hat bei der Parlamentswal am Abrëll eng Zweedrëttel Majoritéit gewonnen. Domat kann de neie Premier fundamental Reformen duerchsetzen.
De Peter Magyar hat ugekënnegt, d‘Korruptioun ze bekämpfen a nees besser mat der EU zesummenzeschaffen.