Liv Wenzel, Marie Schreiber, Nina Berton, Alex Kirsch, Mathieu Kockelmann a Mats Wenzel: Si alleguer krute gëschter a Slowenien d’Bronzemedail am Mixed-Relay ëmgehaang.
Een deen nogekuckt huet war de Camille Dahm, de President vun der Lëtzebuerger Vëlosfederatioun FSCL.
Fir d'Hallschent vun de Länner war eng Medail garantéiert
Een Dag nom Exploit ass dem Camille Dahm seng Freed nach ëmmer a senger Stëmm héieren. Hien ass houfreg op deen Exploit, mee ganz aus dem Näischt kënnt en net.
“Mir schaffen elo laang drun, jorelaang bereede mir eis op esou Geschichte vir. An do si mir dann alleguerten zesumme ganz frou a ganz houfreg op eist ganzt Team. Dat ass ganz kloer.”
Et sollt een allerdéngs och betounen, datt just 6 Länner un där Disziplin deelgeholl hunn. Nieft Lëtzebuerg waren dat nach Polen, Slowenien an d’Ukrain.
Fir d’Hallschent vun de Participantë war eng Medail also scho garantéiert.
"Den Erfolleg gëtt eis Recht a mir brauchen eis net ze verstoppen"
Wien als Land net drun deelhëlt, deen hätt ebe Pech, mengt den FSCL-President. Dat soll awer näischt vum Merite vun der Lëtzebuerger Ekipp forthuelen, seet de Camille Dahm, deen nach emol widderhëlt, datt Lëtzebuerg geziilt op déi Disziplin setzt.
“Mir sinn eng Natioun, déi war am Stand, souwuel bei de Junioren, Juniorinnen, wéi Elite, all Kéier dräi Gudder un den Depart ze bréngen. Aner Natioune kréien dat vläicht manner hin oder wëllen et net maachen, mee dat geet deem Ganze keen Ofbroch. Mir hu vun Ufank un op déi Saach dohi geschafft an den Erfolleg, dee gëtt eis jo dann och Recht, an dofir brauche mir eis net ze verstoppen.”
Wat ass d'Mixed-Staffel eigentlech?
2019 ass op der Stroosse-WM eng éischte Kéier eng Mixed-Staffel organiséiert ginn. D'Disziplin ass also nach relativ jonk.
Zesummegestallt ass eng Ekipp aus dräi Dammen an dräi Hären. Als éischt fueren déi dräi Hären als Trio lass, wéi an engem Ekippenzäitfueren. Wann den zweete vun hinnen no engem Tour iwwer de Stréch gefuer ass, kënnen déi dräi Dammen am Trio starten.
D’Zäit gëtt bei der zweeter Coureuse gestoppt, déi iwwer d’Arrivée fiert.
Anescht wéi an anere Staffel-Disziplinne sinn et also d’Männer, déi virleeën, an d’Dammen, déi ofschléissen. Déi Reiefolleg begréisst de Camille Dahm.
“Dat ass jo och eng gutt Saach, dass mir d'Dammen ëmmer méi mat eranhuelen a gläichstellen. Op déi Manéier kann een dat roueg esou gesinn.”
D'Motivatioun an der Lëtzebuerger Ekipp ass do
Datt d’Zäitfuerspezialiste sech deen zousätzlechen Effort net wëllen undoen, well si an den Deeg drop nees um Depart stinn, léisst de Camille Dahm net als Excuse gëllen. Esou en Effort misst ee kënne méi wéi een Dag noenee maachen, seet hien.
Grouss Vëlosnatioune wéi Spuenien, d'Belsch, Holland oder Groussbritannie stoungen net um Depart.
Natierlech bréicht et och Coureuren, déi motivéiert sinn, matzemaachen. Dat wier zu Lëtzebuerg awer kee Problem. Deementspriechend leeft och d’Preparatioun of.
“Säit zwee, dräi Joer si mir och vill op der Pist ënnerwee, zu Zolder. Geschwë si mir op eiser Pist ënnerwee. Mir schaffen um Material. Do gëtt alles probéiert, beieneenzedroen.”
Den EM-Bilan fält egal wéi positiv aus
Véier vun deene sechs, déi gëschter an der Staffel gefuer sinn, ginn och am Eenzelzäitfueren un den Depart: D’Marie Schreiber an d’Nina Berton, souwéi den Alex Kirsch an de Mathieu Kockelmann.
Egal wéi do d’Resultater herno sinn: De Bilan vun dëser EM fält positiv aus, betount de Camille Dahm.
An der Stroossecourse sinn de Mathieu Kockelmann an de Mats Wenzel 65., respektiv 66. ginn. Bei den Dammen ass d'Nina Berton op déi 26. Plaz komm, d'Marie Schreiber huet sech als 44. klasséiert.