Radioen

On air

Notturno  |  Brian Eno & John Cale - Spinning Away

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Bréifwal läit am Trend

Chamberwalen 2023

Bréifwal läit am Trend

E Sonnde gëtt a 739 Walbüroen eng nei Chamber gewielt. Bei de leschte Chamberwale waren et nach 679 Walbüroen. Eleng am Zentrum wieren am Verglach mat de leschte Chamberwale 15 Walbüroen dobäi komm, seet de Justiz-Spriecher Henri Eippers a schwätz vun enger zolitter Hausse. Wéi gëtt sech an de Walbüroen organiséiert a wéi vill Leit sinn e Sonnden am Asaz? 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Bréifwal | © Jo Diseviscourt play_arrow
Bréifwal (Foto: Jo Diseviscourt)

Lauschterenplay_arrow

Virop brauch een emol genuch Leit fir an de Walbüroen auszehëllefen. Pro Walbüro ginn zéng Leit gebraucht. Een oder eng President:in, eng oder ee Sekretär:in, véier Assesseuren a véier Suppléanten. Dat wier net ëmmer einfach, seet de Justiz-Spriecher Henri Eippers, dee selwer an engem Walbüro aushëlleft.

"Et gi Presidente genannt an déi kucken dann hir Leit ze fannen. Och elo scho fir d‘Gemengewale war dat deelweis schwiereg, fir genuch Leit ze fannen. An och deelweis Suppleanten ze fannen, déi da bereet sinn, wann dann ee géif de Waldag selwer ausfalen, fir déi ze remplacéieren."


D’Sekretären a Presidente kréie Ronn 220 Euro fir hir Aarbecht. Assesseure Ronn 180 Euro a Suppleanten 20 Euro. Um spéitstens 7 Auer gëtt sech an de Walbüroe getraff, ier um 8 Auer d’Diere fir d’Wieler opginn.


"An dat kann awer bis wäit an den Nomëtteg, an den Owend eragoen, oder wann ee sech och eemol eng Kéier verzielt. Jo, dann dauert et méi laang. Do ass een dann awer gäre vu moies 7 bis owes 7, 8 Auer amgaangen."

All véierten huet Bréifwal ugefrot


Anescht wéi bei de leschte Chamberwalen huet dës Kéier all véierte Walberechtegten d’Bréifwal ugefrot a ka seng Stëmm deemno schonn éischter ofginn. Ausgezielt gëtt awer och bei der Bréifwal eréischt vun 2 Auer un.


"Mee wat awer ouni Problem ka gemaach ginn, dat sinn déi giel Enveloppen, datt een do scho mol ofhaakt. Alleguer déi Leit déi rakomm sinn. Respektiv, ech mengen et ass och näischt wat verhënnert, datt een d‘Enveloppen opmécht an déi dann an d’Urn leet."

Wee sech fir d‘Bréifwal entscheet huet, kann e Sonnden net an de Walbüro wiele goen, präziséiert den Henri Eippers. Ween awer verpasst huet, säi Walziedel fir d’Bréifwal mat Zäit an d‘Bréifboîte ze geheien, dee ka seng Enveloppe nach e Sonnde virun 2 Auer am Haaptwalbüro ofginn.