A Covid-Zäiten hat sech eng Kommissioun aus verschiddene Gemengeréit, dem CGDIS, der Police an dem Pont et Chaussée zesummegesat, a Reegelen ausgeschafft.
Déi rezent Hëtztwelle géifen awer nei Besoine schafen, op déi déi eenzel Gemenge verschidde géife reagéieren, esou de Marco Koeune, Buergermeeschter vun der Stauséigemeng am 100,7-Interview.
"Mir wäerten och den Hierscht, wa mer dann de Briefing maachen zur Saison, och kucke wéi mer do ee gemeinsaamt Reglement kréien, datt an deenen dräi Gemengen dann och soll synchron sinn."
"D'Reglement muss juristesch d'Spuer halen"
De Moment géif een et net hikréien, e Reglement opzesetzen, dat juristesch d'Spuer hält, esou de Marco Koeune. De Schäfferot kéint zwar d'urgence ee Reglement verfaassen, dëst hätt awer just eng Gültegkeet vun 72 Stonnen.
"Menges Wëssens no, an da muss et nach esou ficeléiert ginn, datt et och juristesch d'Spuer hält"
Soss wier heinsdo d'Police gehäit, wann si beispillsweis Leit um Terrain protokolléieren op Base vun engem Reglement wat juristesch net d'Spuer hält.
Zu der Stauséigemeng am Nordweste vum Land gehéieren insgesamt aacht Dierf, dorënner Béiwen, Harel, Noutem oder och nach Léifreg.