Radioen

On air

Notturno  |  RF Shannon - Heathen Nights

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Brandenburg: SPD gewënnt Landtagswal, AfD läit direkt hannendrunner

Landtagswalen

Brandenburg: SPD gewënnt Landtagswal, AfD läit direkt hannendrunner

Am ostdäitsche Bundesland Brandenburg huet d'SPD d’Landtagswal gewonnen. Mat ronn 31 Prozent vun de Stëmme leien d’Sozialdemokraten ëm den amtéierende Ministerpresident Dietmar Woidke knapps virun der rietsradikaler AfD. Eng Rei etabléiert Parteien hunn et allerdéngs net méi an d’Parlament zu Potsdam gepackt.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

play_arrow
Dietmar Woidke (SPD), Ministerpresident vu Brandenburg (Foto: picture alliance/dpa | Kay Nietfeld)

Matthias Kirsch (München)

Zanter 34 Joer regéiert d'SPD a Brandenburg. Zanter der Wende hunn d'Sozialdemokraten ëmmer de Ministerpresident gestallt - an et gesäit esou aus, wéi wann dat no der Landtagswal vu gëschter esou géif weidergoen.

AfD louch an de Sondagë vir

D’SPD ronderëm den Dietmar Woidke, deen zanter 2013 Ministerpresident a Brandenburg ass, huet sech an engem Zweekampf géint d’AfD duerchgesat. Mat ronn 31 Prozent vun de Stëmmen ass d'Partei vum Bundeskanzler Olaf Scholz déi stäerkste politesch Kraaft am Bundesland ginn. Am Virfeld vun der Wal hat den Dietmar Woidke gesot, hie géif oftrieden, wann hie géint d’AfD géif verléieren.

Déi rietsradikal AfD kënnt mat ronn 29,5 Prozent op déi zweete Plaz. An de Sondagë louch d’AfD an de leschte Woche virun der Wal nach virun de Sozialdemokraten.

Majoritéit fir SPD just mam BSW méiglech

Dohannert komme just zwou weider Parteien an de Landtag zu Potsdam: D'Bündnis Sahra Wagenknecht vun der fréierer Lénke-Politikerin kënnt aus dem Stand op iwwer 13 Prozent vun de Stëmmen. D'CDU kënnt op ronn 12 Prozent, et ass dat historesch schlechtste Resultat vun der Partei a Brandenburg.

Eng méiglech Majoritéit ass den Ament just méiglech, wann d'SPD mam BSW koaléiert. Enger grousser Koalitioun aus SPD an CDU géif eng Stëmm zur Majoritéit feelen.

D'B90/Die Grünen an d'Lénkspartei sinn iwwerdeems ënner der 5-Prozent-Grenz bliwwen a konnten och kee Walkrees direkt gewannen. Béid Parteie fléien domat aus dem Parlament. Déi liberal FDP, déi zu Potsdam schonn an der leschter Legislaturperiod net vertruede war, wäert dat och an Zukunft net sinn.

Lauschterenplay_arrow

Wat bedeit de Succès vun der AfD?

Dee rezente Succès vun der AfD wier eng Zäsur, sou d‘Analys vum 100,7-Korrespondent Matthias Kirsch. Virun allem d‘Resultat an Thüringen, wou d‘AfD jo stäerkste Kraaft ginn ass. Déi aner Parteie musse sech elo zesummendoe fir stäerkste Kraaft ze ginn. Mat der AfD koaléiert bis elo nach keng Partei. D‘AfD ass eng Partei déi rassistesch a rietsradikal Positiounen anhëlt.

D‘Sujeten déi dës Rietsradikal Partei bespillt ginn awer vun anere Parteien iwwerholl. E Beispill sinn déi aktuell Migratiounspolitik an och d‘Mesure fir d‘Kontrollen un den däitsche Grenzen. D‘AfD ass eng Partei déi rassistesch a rietsradikal Positiounen anhëlt.

Net op d'Bundestagswalen ze iwwerdroen

Op d‘Bundestagswalen, déi nächst Joer ustinn, loosse sech déi Resultater net iwwerdroen. Éischtens ass den Osten eng Héichbuerg fir d‘Afd. Iwwerdeems wielen an absolutten Zuele vill manner Leit am Osten. Trotzdeem schwëmmt d‘AfD op enger Well vum Succès. Hie Strategie, sech als Affer duerzestellen, funktionéiert och, well keng aner Partei koaléiere wëll.

Talk mam Matthias Kirsch lauschterenplay_arrow