arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Boursse weltwäit am Minus - Pëtrolspräis esou héich wéi zënter 2022 net méi

Krich am Noen Osten

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Boursse weltwäit am Minus - Pëtrolspräis esou héich wéi zënter 2022 net méi

De Präis fir ee Barrel Brent, den europäesche Referenzpräis fir réien Ueleg, ass op 102 Dollar geklommen. D'Wirtschaft weltwäit leit ënner der Blockad vun der strateegesch wichteger Hormusstrooss. D'Tourismusbranche an de Golfstaate mécht wéinst dem Krich all Dag Verloschter a Milliounenhéicht.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© picture alliance / Zoonar | Stanislav Sablin
(Foto: picture alliance / Zoonar | Stanislav Sablin)

Zënter zwou Wochen ass d‘Strooss vun Hormus elo scho gespaart an d‘Energie-Marchéë stinn ënner Drock.

Plazeweis drastesch Spuermesuren

Déi weltwäit Offer u Pëtrolsproduiten ass der internationaler Energieagence no alles an allem ëm 7,5 Prozent erofgaangen. Besonnesch asiatesch Länner sinn op Ueleg a Gas aus der Golfregioun ugewisen. 

Dowéinst goufe plazeweis drastesch Spuermesuren agefouert. D‘Philippinnen hunn zum Beispill fir vill staatlech Administratiounen eng Véier-Deeg-Woch agefouert, fir Energie ze spueren.

An Thailand dierfen d‘Klimaanlagen net ënner 26 Grad agestallt ginn. Dat kuerz virum Ufank vun der wäermster Saison.

Russesche Gas kann elo kaaft ginn, ouni US-Sanktiounen ze riskéieren

D‘USA hunn iwwerdeems d‘Sanktiounen op russeschen Ueleg gelabbert. Deemno dierf deen elo kaaft ginn, wann e schonn am Transit ass.

Domat ass kuerz virum Weekend d‘Suerg virun Engpäss erëm liicht erofgaangen. Eng 100 Millioune Barrel russesche Pëtrol wiere schonn op Schëffer ënnerwee a kéimen deemno a Fro, fir an déi betraffe Länner geliwwert ze ginn, heescht et vum Kreml.

Déi däitsch Wirtschaftsministesch Katherina Reiche huet dëst Lackere vun de Sanktioune géint Russland kritiséiert.

Si fäert, datt domat déi russesch Krichskeesse weider gefëllt ginn. Iwwerdeems warnen Experte vun der US-Investmentbank Goldman Sachs, datt d‘Pëtrolspräisser iwwer den Héchststand vun der Finanzkris vun 2008 kéint klammen, wann d‘Strooss vun Hormus iwwer de Mäerz gespaart bleift.

Och den Tourismus leit

De Krich kascht och den Tourismus an de Golfstaaten all Dag Milliounen Dollar. Genau Zuele sinn allerdéngs net bekannt.

D'Verloschter maache sech virop am Loftverkéier bemierkbar, well vill wichteg Fluchhäfen zougemaach goufen, oder nëmmen nach begrenzt benotzt ginn.

play_arrow Lauschteren