Radioen

On air

Ligne 2  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Boulevard Roosevelt an der Stad: Zeienopruff vun der Police

Police

Boulevard Roosevelt an der Stad: Zeienopruff vun der Police

D‘Police mécht een Zeienopruff no enger Ausenanersetzung an der Stad den 20. Januar. Do war kuerz virun 9 Auer owes eng Persoun vun zwee Männer bei der Bushaltestell um Boulevard Roosevelt Quai 2 ugegraff ginn, wéi se aus engem Lokal komm ass.

auto_stories

1 min

Een Täter hat eng schwaarz Hautfaarf, ongeféier 1,75 Meter grouss, een hat Dreadlocks, eng schwaarz Jackett an eng donkel Box un. Den Zweeten hat eng wäiss Hautfaarf an hat eng schwaarz Mutz un.

Ween eppes gesinn huet, ass gebieden, sech bei der Stater Police ze mellen.