search

/ Bommeleeër: Parquet freet op d'mannst fënnef Joer Prisong fir déi véier Beschëllegt

Justiz

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Bommeleeër: Parquet freet op d'mannst fënnef Joer Prisong fir déi véier Beschëllegt

Am Appellprozess vum zweete Bommeleeër-Pozess huet de Parquet général de Mëtteg net ënnert fënnef Joer Prisong, géint déi fréier héich Responsabel vun der Gendarmerie Aloyse Harpes, Pierre Reuland, Guy Stebens an Armand Schockweiler gefrot. Géint déi Véier wiere Falschaussoen zréckzebehalen ginn.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© Eric Ewald
(Foto: Eric Ewald)

An engem secke Requisitoire sot de Vertrieder vum Parquet général e puermol, datt Aussoe vun deene véier Ugekloten net ze gleewe wieren oder net kéinte sinn. Am Zesummenhank mam Attentat vun Oktober 1985 op de Justizpalais hätten déi Véier “wuel eppes gesinn, vun deem se soen - Dat kënne mer net erzielen!"

Hie géif net dovun ausgoen, datt ee vun deene véier e Bommeleeër wier: Si hätten awer am éischte Prozess Aussoe gemaach, duerch déi se zu Ugeklote goufen, esou de Vertrieder vum Parquet général.

Selwecht Leier zënter 40 Joer

E puermol wier ee sech virkomm wéi a Grimms Mäerchen, an als Justiz misst een net alles schlécken, wat een erzielt krit. Entweder hätten d'Beschëllegt wëlles domat virunzefueren oder soen wat se wëssen. Woubäi den Avocat général en Dënschdeg gesot hat, hien hätt ganz wéineg Hoffnung op Revelatiounen, well et krit een zënter 40 Joer déi selwecht Geschicht erzielt.

D'Attentat, am Oktober 1985, op de Justizpalais wier e kruziale Moment gewiescht. Ma bei der Observatioun vum Ex-Chef vun der Brigade mobile vun der Gendarmerie Ben Geiben, der Haaptpist deemools, wier alles schif gelaf, wat hätt kënne schif lafen. 

Observatioun Geiben

D'Pist vun den Insiderauteuren hätt de véier Beschëllegten dono misse bewosst sinn, an d'Ugeklote wiere wuel och zu där Konklusioun komm. D'Justiz wier doropshin awer net méi alles gewuer ginn, well d'Beschëllegt hiert Wësse fir sech gehalen hätten: Si bléifen och bei den nämmlechten Aussoen, duerch déi een “fir domm verkaf gëtt”. Déi Véier wieren intelligent, hätte sech awer “an enger Affär wéi keng Zweet, ugeluecht wéi déi lescht Ufänger”. Dat kéint absolut net sinn. 

Prise de conscience géif feelen 

D'Affär wier vun exceptioneller Gravitéit, well d'Justiz sabotéiert gi wär, vu Beschëllegten an héije Positiounen. Circonstances atténuantes géif hie keng gesinn, esou den Avocat général, dee fir déi véier Ugeklote Prisongsstrofe vun net ënner fënnef Joer gefuerdert huet. Schliisslech géif eng Prise de conscience feelen.

De Riichtere wier et iwwerlooss, ob Sursis ze sprieche wier oder net. Am Februar war an 1. Instanz just den Ex-Police-Generaldirekter Pierre Reuland verurteelt ginn. Dat zu dräi Joer Prisong mat Sursis an enger Geldstrof vu 5.000 Euro. Déi dräi aner Beschëllegt waren dogéint fräigesprach ginn. Dësen Appellprozess geet en Dënschdeg virun. 

play_arrow Lauschteren